Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dumbo vum Tim Burton

Remake vun engem Klassiker

Dumbo vum Tim Burton

Den Tim Burton ass ee vun de Realisateuren, dee mat senger markanter Handschrëft och engem Grand publique bekannt ass. Seng grouss Zäite sinn zwar laang hanner ëm, mee hie versicht sech alt nees dorunner, mat Dumbo en Animatiounsklassiker aus dem Disney-Katalog ze reinterpretéieren.

auto_stories

4 min

Et gi jo Leit, deene stinn d'Superheldefilmer - där gëtt et mëttlerweil wierklech vill an deen nächste vun DC steet vu muer un am Kinosprogramm - zu den Oueren eraus. Ëmmer déi nämmlecht Plots mat liichte Variatiounen an austauschbare Personnagen. Eng Widderhuelung, där der Disziplin Comic naturgeméiss bäiläit.

Et ass awer eng aner Tendenz am amerikanesche Blockbusterkino - déi primär vun Disney soignéiert gëtt - déi wäitaus méi beonrouegend, voir zynesch ass: d'Reimaginatioun, Reproduktioun vum Animatiounskatalog a Live-Action-Filmer. Zynesch aus direkt méi Grënn. Mee dat kläre mir gläich.

Den Tim Burton, dee viru bal 10 Joer schonns eng Disney Reimaginatioun vum Alice in Wonderland gemaach huet, - an domadder en enorme Succès am Box Office feiere konnt, dee finanziell gréissten aus senger Carrière - krut elo d'Manetten an d'Hand fir sech un den Dumbo, de Pachyderm mat den iwwerdimensionéierten Oueren, ze maachen.

En ënnerschiddleche Plot

Dumbo 1941: d'Miss Jumbo kritt vum Storch e Kand, e kléngen Elefant bruecht. Grouss Oueren, natierlech. Jidderee laacht dat aremt Déier aus, natierlech. Mat Hëllef vun der Dompteuremaus léiert den Dumbo seng Oueren zu sengem Virdeel auszenotzen an ze fléien, fir et all deenen aneren emol esou richteg ze weisen. Filmlängt: 63 Minutten.

Dumbo 2019: Dem Colin Farrell säi Personnage kënnt vun der Front vum éischte Weltkrich nees Heem bei de Wanderzirkus, an deem hien e grousse Reitstar war. Dat gëtt elo schwiereg, fir genee do nees unzeknäppen, huet hien net en Aarm manner. Seng zwee Kanner erkennen hie kaum erëm an d'autant plus ass d'Mamm gestuerwen. Dem Zirkus geet et zanter dem Krich och net méi esou gutt an de Chef, den Danny De Vito, setzt all seng Hoffnungen op dat schwangert Miss Jumbo.

D'Ellefantekallef soll den Zirkus retten an d'Leit an d'Zelt dreiwen. Mee: Grouss Oueren, natierlech. A jidderee laacht dat aremt Déier aus, natierlech. Ausser d'Kanner, déi Wand kréien, datt den Dumbo fléie kann, wann e sech eng Fieder duerch de Rüssel jot.

Et dauert net laang, bis datt en Zirkus/Fräizäitparkmagnat - gespillt vum Michael Keaton - vum Succès vum Dumbo Wand kritt. Hie fusionéiert mam De Vito sengem Zirkus an zitt all Bedeelegt of. Mat virop den Dumbo natierlech, deen ënnerwee seng Mamm ewechgeholl krut. Et gëllt also, d'Elefanten nees zesummenzebréngen an aus dem Deal sech zeréckzéien. Filmlängt: 112 Minutten.

Leider just en absolute Minimum

Puh. Den Ënnerscheed vun deenen zwee Filmer - eleng an der Synopsis - seet villes iwwer alles.

Zwou Saachen, déi positiv zeréckzehale sinn: déi intentionéierte Batman Returns Reunion aus Burton/DeVito/Keaton an den CGI-Elefant, dee wierklech immens häerzeg ass. Mee dobäi bleift et.

Wann en Dréibuch en Originalfilm ëm bal eng Stonn strecke muss an eng à la base epuréiert Story mat Subplots a Personnage opfëllt, dann ass dat kee gutt Zeechen. Weltebau schéin a gutt, de Burton mécht den absolute Minimum a gëtt net emol usazweis esou psychedelesch ewéi säi fréiert gothic Wierk, an och säin Optrëtt vun de rosa Elefanten ass eng Travestie. Vun de Kanner net ze schwätzen. Et gëtt näischt méi Schlëmmes, ewéi Kanner, déi net virun enger Kamera funktionéieren.

Den Elefant bleift op der Streck

Dee gréisste Gag ass awer een, deen de Film u sech net antizipéiere konnt: déi Woch, nodeems Disney am monopolistesche Reflex d'Fox opkeeft - an zwar fir eng horrend Zomm Suen a fir dann ouni ze zécken Honnerte vu Mënschen z'entloossen - bréngt de Studio en Anti-Monopol an Anti-Grousskonzern Film eraus. Wann dat net den zyneschsten Hollywood Witz zanter Laangem ass, da weess ech och net.

Den Original Dumbo war ausgeluecht, fir d'Leit zum kräischen ze bréngen. 2019 sinn nieft dem Dumbo sengen Oueren och d'Aen grouss a verwässert ewéi bei engem Puppelchen, mee bei allem dramaturgeschen a visuelle Bordell riets a lénks bleift den Elefant op der Streck.

Da léiwer de véierten Avengers Film, ewéi op de Will Smith als Genie am Aladdin ze waarden.