Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dusan Sarotar - Panorama

Literatur

Dusan Sarotar - Panorama

Den Dusan Sarotar gehéiert ze den unerkannsten zäitgenëssesche Schrëftsteller a Slowenien. Mam Roman "Panorama" huet hie virun allem am engleschsproochesche Raum grousse Succès. Text a Fotografie, Fiktioun an Temoignagnen, e Sichen no sech selwer sinn zentral Bestanddeeler vu sengem Wierk. Panorama ass den Titel vum 11. Buch, dat den Dusan Sarotar publizéiert huet, awer dat éischt, dat elo och op franséisch iwwersat ginn ass.

auto_stories

4 min

Essayen, Lyrik a Prosa a Form vu Romaner a vu Kuerzgeschichte gehéieren zu sengem Repertoire. De Michel Le Bris hat dem Sarotar säin aktuellt Wierk an englescher Iwwersetzung entdeckt an direkt decidéiert Panorama a senger Collectioun étonnants voyageurs erauszebréngen. Elo läit d'Wierk vir ënnert dem Titel "en partance".

Et wier e ganz anert Buch a sengem Opus, erkläert den Dusan Sarotar. "All meng aner Kuerzgeschichten a Romaner si mam Thema Holocaust a mam Zweete Weltkrich verbonnen." Et wier schwéier ze soen, a wéi ee Genre Panorama era passt. "Ass et e Roman, e Reesbericht oder en Tagebuch oder en Essay", freet den Auteur. Et sinn och 90 schwaarz-wäiss Fotoen an d'Buch integréiert. D'Geschicht beschreiwt d'Rees vun engem Schrëtsteller, dee vun Irland iwwer d'Belsch, bis op Sarajewo kënnt.

"Ech sinn op menger Rees ville Refugiéeë begéint, Immigranten oder Mënschen, déi einfach gereest sinn. Ech hunn hier Geschicht erzielt, hinne meng Stëmm geléint, wéi een dat esou schéi seet...", sou den Dusan Sarotar.

De Schreifstil ähnelt dem Sebald

Am engleschsproochege Feuilleton gëtt dem Sarotar säi Panorama mat de Wierker vum däitsche Schrëftsteller W.G. Sebald verglach. D'Zesummespill vu schwaarz-wäisse Fotografien, déi déi beschriwwe Rees illustréieren, evoquéiert effektiv eng Relatioun mam Sebald. Mee wéi ass et mam Stil?

Hie wier iwwerrascht gewiescht, beschreiwt den Dusan Sarotar. "A Slowenien war dat net esou a schonn an der éischter Rezensioun am Guardian huet de Kritiker den narrative Stil als ähnlech dem Sebald sengem wollen erëm erkannt hunn." Et wier awer guer net seng Absicht gewiecht fir dem Sebald ze ähnelen, hien hätt jo mol net gewosst, datt d'Buch géif iwwersat ginn. Hie géif sech awer am Sebald erëm erkennen, well hien e mat grousser Bewonnerung liest, seet de Michl Le Bris. "Mee wann ech e Kontext vu Panorama hierstelle wéilt, dann éischter mam polnesche Schrëftsteller Andrzej Stasiuk."

Eng ähnlech Sprooch a laang nostalgesch Reminiszenzen. Béid schreiwen eng Zort Reesberichter, mee wou dat Reesen u sech zweetrangeg ass, op éischter Plaz steet bei deenen zwee osteuropäeschen Auteuren eppes ganz aneschtes. Och wa Panorama e Buch iwwer Flüchtlingen, iwwer d'Reesen ass, sou ass d'Sprooch den Haaptprotagonist. D'Sprooch an de Verloscht vun dëser ass een zentraalt Element. An do si mer net just beim Sebald a beim Stasiuk, mee och beim Norman Manea, dee konstatéiert huet, datt him, nom Exil aus Rumänien, d'Sprooch als eenzegt him bliwwen ass. Seng Sprooch huet den Dusan Sarotar och net verluer.

Identifikatioun iwwer d'Sprooch

Hie géif sech net iwwer e Staat oder iwwer e Land indentifizéieren, mee iwwer seng Sprooch. Och wann hien ënnerwee wier, wier déi slowenesch Sprooch seng Heemescht.

"Ech mengen, ech liewen a menger Sprooch. Ech gi gefrot, ob ech e slowenesche Schrëftsteller sinn, vu wou ech hierkommen an esou weider..."

D'Sprooch ass e wichtegt Thema am Sarotar senger Welt. Mënschen, déi hier Sprooch verluer hunn, aus Nout gewiesselt hunn oder well se Nokomme vun Immigranten an der zweeter oder zweeter Generatioun sech an neie Sproochen zurecht fannen, beschäftegen hien.

Et kéint een zwar erfollegräich säi Liewe meeschteren, mee déi eege Sprooch ze verléieren, géif senger Meenung no eng metaphysesch Wonn hannerloossen. "Et ass wéi de bannenzege Kompass ze verléieren", seet hien. Déi wesentlech Froen vu, "Wou kommen ech hier? Wou ginn ech hin? Wat ass de Sënn vum Liewen?", kann een dem Dusan Sarotar no, nëmmen an der eegener Mammesprooch beäntweren.

Éischte slowenesche Roman, deen Holocaust thematiséiert

Den Holocaust ass en eminent Thema am Sarotar senge vergaangene Bicher, an dat huet och seng Grënn. Dem Auteur säi Grousspapp war op Auschwitz deportéiert ginn. Murska Sobota, un der ungarescher Grenz an Nordostslowenien ass d'Heemechtsduerf vum Sarotar an war bis 1944 och d'Heemechtsduerf vun der gréisster jüddescher Communautéit am ale Jugoslawien. Eng Kommunautéit, déi ausradéiert ginn ass an déi eréischt 2007 am Sarotar sengem Roman "Biljar u Dobrayu" literaresch thematiséiert ginn ass. Et wier den éischte slowenesche Roman, deen iwwerhaapt den Holocaust thematiséiert, erkläert de Sarotar a mat senger perséinlecher Geschicht och seng Sympathie an Empathie fir all déi, déi och hautdesdaags net ëmmer an iwwerall wëllkomm sinn.