Radioen

On air

One World  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Bild vun engem Land

Dokumentarfilmer

E Bild vun engem Land

Wéi gëtt Lëtzebuerg am Kino duergestallt? "Eldorado" a Foreign Affairs" sinn nei Documentairen iwwer d'Liewen a Politik zu Lëtzebuerg. Si weise Kontraster zwëschent grouss a kleng, aarm a räich.

Cléo Thoma / Christian Mosar / ys

auto_stories

3 min

Zwee nei Documentairë weisen zwou ganz verschidde Realitéite vu Lëtzebuerg. Op där enger Säit "Foreign Affairs" vum Pasha Rafiy a Jean-Louis-Schuller. De Portrait vum Jean Asselborn weist déi grouss Welt vun der Diplomatie mat hire Reegelen a Ritualen. Op där anerer Säit ass "Eldorado" vum Rui Abreu, Loïc Tanson an Thierry Besseling e Film iwwer de Microkosmos vun der portugisescher Communautéit zu Lëtzebuerg. Mat de Cineasten a mam Direkter vum Filmfong gëtt de Point iwwer den Dokumentarfilm zu Lëtzebuerg gemaach.

E Portrait, dee kee sollt sinn

"Foreign Affairs" sollt net ee Portrait vun enger Persoun, mee vun engem Milieu ginn, erkläert de Realisateur Pasha Rafiy. "Hien ass een Trojanescht Päerd, wat eis Zougang ginn huet op Plaze wou mir guer net higehéieren." De Jean Asselborn hätt awer eng ganz staark Perséinlechkeet, an no sou engem laangen Tournage mat him, géif seng Persoun sech och am Film duerchsetzen. Am Fong géif et awer ëm Iwwerflächen a Rituale goen.

v.l.n.r. Guy Daleiden, Jean-Louis Schuller, Pasha Rafiy

De Film kënnt ouni Interviewen an ouni Musek aus. De Politiker adresséiert sech ni direkt un d'Kamera. "Ech fannen et ëmmer schued, wann eng Persoun an engem Documentaire sech erkläert. Mir si jo an engem visuelle Medium. Du gesäis, wat déi Persoun mécht," seet de Pasha Rafiy. Och wann dann net jiddereen alles géif verstoen, kéint ee sech éischter en eegent Bild maachen.

Perséinlech Geschichten

Och "Eldorado" gëtt Ablécker an een Alldag, dee fir vill Leit net accessibel ass. "Mir hunn eis fir d'éischt fir ee Milieu interesséiert. Fir déi portugisesch Communautéit. Mir hunn awer séier decidéiert, datt mir Portraite vu véier Leit wéilte maachen," erzielt de Rui Abreu. Deenen dräi Cineaste war et wichteg, no bei hire Sujeten ze sinn, an hir perséinlech Geschichten z'erzielen.

Genee wéi a "Foreign Affairs" ginn et an "Eldorado" keng Interviewen. D'Cineaste konfrontéieren hir Sujete mat anere Leit aus hirem Liewen.

Hei fannt Dir en Interview mat de Realisateuren iwwer "Eldorado"

v.l.n.r. Thierry Besseling, Loïc Tanson, Rui Eduardo Abreu

Nation Branding a Kultur-Export

De Guy Daleiden verséchert, datt de Filmfong déi zwee Documentairen net wéinst hirem Lien zu Lëtzebuerg ënnerstëtzt hätt. "Datt et am Milieu luxembourgeois spillt ass interessant fir eis. Et ass awer net dat, wat eis dozou verleet huet, fir dee Choix ze maachen." Et wär awer evident, datt Lëtzebuerger Cineasten och Sujete méi no géife leien, déi mat Lëtzebuerg ze doen hätten.

Den Direkter vum Filmfong ënnersträicht, datt him den "Nation Branding" um Häerz läit. D'Kultur géif sech fir den Export ubidden. Hie wéilt awer net, datt just Filmer géifen ënnerstëtzt ginn, déi ee schéint Bild vu Lëtzebuerg géifen ofginn.