Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Diana Ross - Upside Down

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Liesen ass friem Welten entdecken"

Kulturchronik

"Liesen ass friem Welten entdecken"

"E Buch ass wéi e Gaart, deen een an der Täsch dréit", seet en arabescht Spréchwuert. Wéi eng Bedeitung huet d'Liesen haut? Ass et egal, wat ee liest a wéi e Wäert huet dat geschriwwent Wuert an d'Méisproochegkeet fir d'Liesen?

auto_stories

3 min

Valerija Berdi

Um internationalen Dag vum Buch a vun de Rechter vn den Auteuren gëtt dat geschriwwent Wuert zënter 1995 weltwäit um 23. Abrëll geéiert. Zu Lëtzebuerg ginn eng Woch laang Manifestatioune ronderëm d'Literatur organiséiert: Liesungen, Foiren, Liesnuechten, Schreifatelieren, Ausstellungen, Presentatiounen, Diskussiounen a Schoulen, Bibliothéiken, Librairien ... D'Fest vum Buch huet säin Ursprong a Katalanien. Um Dag vum hellege Georges goufe Bicher a Rouse verschenkt.

"Liesen ass méi wéi just Buschtawe kennen"

E Buch verschenken, liesen, nei Welten entdecken a virun allem deene Jonken d'Freed um Liesen vermëttelen an dat fërderen, si ganz wichteg Initiativen. Dowéinst sollt een déi net just op een Dag oder eng Woch limitéieren. Liesen ass eppes, dat een eleng mécht. Den Austausch iwwert déi eege Lecture gëtt seele gemaach. Dowéinst soll d'Liese ronderëm den 23. Abrëll zu engem gemeinsame Fest erhuewe ginn. Et soll en Evenement sinn, dat ee mat aneren deelt. Liesen ass jo net just d'Buschtawe kennen an déi doraus forméiert Wierder a Sätz begräifen. Liesen ass friem Welten entdecken, nei Gedanke kenneléieren, an d'Vergaangenheet an an d'Zukunft reesen, Realitéiten a Fiktioune begéinen, sech selwer erëmfannen an d'Diversitéit vu Gefiller, Iwwerleeungen a Perceptiounen entdecken. Liesen ass eng Bildung, déi an éischter Instanz mol Freed mécht a beräichert. Dacks ass se weltwäit verschiddene vergaangenen an aktuelle Regimmer awer och en Dar am A.

Net nëmmen d'Liesen u sech, mä virun allem de Choix vun der Lecture ka liewensgeféierlech sinn. Do brauch een net just an d'Drëtt Räich mat de Bicherverbrennungen zréckzekucken, mä just iwwert e puer Grenzen eraus si Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller nach agespaart an hir Wierker verbueden. Vläicht soll ee sech dëser Deeg net nëmmen un der Literatur erfreeën, et geet och net duer un déi agespaarten Auteuren ze denken a vun hinnen ze schwätzen, mä och de Wäert vum geschriwwene Wuert an eisen demokratesche Welten ze bedenken.

D'Fräiheet ze liesen, wat ee wëll

Mir däerfe liesen, wat mer wëllen, mir däerfe souguer net liesen a sou laang dat kengem Schued an net manipuléiert gëtt, ass dat kee Verbriechen. Et ass souguer en Zeeche vun Demokratie. D'Fro, ob wierklech dës Fräiheet esou grouss ass, wéi se op den éischte Bléck erschéngt, muss ee sech dobäi awer stellen.

Mir ginn erschloe vu neie Publikatiounen, Bestsellerlëschten a Buchbespriechungen. Klassesch Literatur kann ee gratis eroflueden a sech duerch déi ganz Literaturgeschicht mat engem Computer an e bësse Stroum duerchliesen. Zu Lëtzebuerg hunn d'Lieser duerch hir Méisproochegkeet d'Chance, déi iwwersate Bicher an d'Literatur aus den Nopeschlänner am Original liesen ze kënnen.

Méisproochegkeet an der Schoul fërderen

Mä fir sech an deem ganze Gewulls erëmzefannen, wäertvoll Literatur z'entdecken, setzt eng gewësse Bildung viraus a fir déi, ass net just d'Elterenhaus, mä virun allem den Enseignement zoustänneg. An da kann ee just staunen, wat en Deel vum vermeintlecht gebilte Schoulpersonal ewell fir en Asaz huet. Si setze sech géint d'Fërderung vun der Méisproochegkeet bei de Klengsten an.

Am Plaz de Räichtum vun der franséischer Sprooch a Schrëft, déi net just fir den Alldag wichteg ass, mä e relevanten Deel vun der Evolutioun vun eiser Zivilisatioun, ze propagéieren, wëllen si dat ënnerbannen, wat all wëssenschaftlech Etude beweist: Kleng Kanner léiere mat grousser Liichtegkeet méi Sprooche gläichzäiteg a grad dës Fërderung beaflosst och d'Entwécklung vun der Intelligenz.

Et si just déi, déi d’Bildung sollen hunn, déi se anere wëlle virenthalen ... Mat Argumenter, déi alles anescht wéi weltoppe sinn. Vläicht géif deem engen oder aneren eng Opfrëschung oder eng Decouverte vu franséischer klassescher Literatur d'Aen opmaachen, fir erëm iwwer den Tellerrand kucken ze kënnen am Plaz an der dréiwer Zopp ënnerzegoen ...