Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Festhale vun engem Zoustand, deen ass

Buchtipp fir de Summer

E Festhale vun engem Zoustand, deen ass

Wat bedeit et e Flüchtling ze sinn? Den Ilija Trojanow weess dat aus eegener Erfahrung. A sengem neie Buch "Nach der Flucht" bedéngt hie sech enger weiderer Form, fir seng Erënnerungen a seng Iwwerleeungen literaresch ze verschaffen. Eng Form, déi him, wéi ëmmer, wonnerbar gelongen ass.

auto_stories

3 min

Vorab

Der Flüchtling ist meist Objekt.
Ein Problem, das gelöst werden muss. Eine Zahl. Ein Kostenpunkt. Ein Punkt. Nie ein Komma. Weil er nicht mehr wegzudenken ist, muss er Ding bleiben.
Es gibt ein Leben nach der Flucht. Doch die Flucht wirkt fort, ein Leben lang. Unabhängig von den jeweiligen, individuellen Prägungen, von Schuld, Bewusstsein, Absicht, Sehnsucht.
Der Geflüchtete ist eine eigene Kategorie Mensch.

Et gi Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller, do freeën ech mech op déi nei Publikatioun. An ouni mol ze kucken, wat mech tëschent de Deckele kéint erwaarden, gëtt d'Buch matgeholl.

Een, deen ëmmer op en Neits fir Iwwerraschunge suergt, ass den däitsch-bulgaresche Schrëftsteller Ilija Trojanow. En Auteur, dee mech nach ni enttäuscht huet, net mat senger Sprooch, net mat sengem Stil, net mam Inhalt an och net mat der Form.

Erstaunt war ech trotzdeem, wéi ech dat lescht Wierk opgeschloen hunn. "Nach der Flucht" huet no engem Roman geklongen. Ech sinn awer hei op e Band mat enger Zort Aphorisme gestouss.

Iwwerall perfekt

Seng Literatur spigelt de Mënsch Trojanow. Iwwerall ass hien ze fannen an néierens festzehalen. Mä do wou hie grad ass, do ass hie perfekt. Seng Reesliteratur, seng politesch Essayen, seng biographesch an autobiographesch Romaner - den Trojanow hëlt d'Lieser mat an all seng Welten. D'Welt an dësem Band ass eng, déi him am noosten ze si schéngt ...

1971 ass hien, am Alter vu sechs Joer mat sengen Elteren iwwer Jugoslawien an Italien an Däitschland geflücht, fir e Joer méi spéit a Kenia auszereesen. Paräis, München, Bombay, Nairobi, Kapstadt an elo Wien si seng Liewensstatiounen. An iwwerall huet hie wonnerbar Literatur op Pabeier bruecht.

A sengem éischte Roman "Die Welt ist groß und Rettung lauert überall" erzielt den Trojanow mat ganz vill Humor, beréierende Beschreiwungen, pragmatesche Beobachtungen a kritesche Reflexiounen d'Erënnerungen u seng eege Flucht. Am Band "Nach der Flucht", fir endlech de Bou zum rezente Wierk ze schloen, sinn all déi erliefte Momenter, Gedanken an Iwwerleeungen a Form vun Aphorisme festgehalen.

Flüchtling sinn

Den Ilija Trojanow war e Flüchtling. A wann ee seng Aphorisme liest, da weess een: Hien ass e Flüchtling, well kee sech vu senger Vergaangenheet lassmaache kann. "Die Sehnsucht nach dem endgültigen Verlust" gëtt net erfëllt ...

Sprooch, Mammesprooch, Heemecht, Wuerzelen, Erwaardungen, Sehnsucht, Dreem ... All dës Begrëffer sinn an dësem Recueil negativ konnotéiert. Et ass awer keen trauregt Buch, et ass och kee Gesouers a kee Kloen, et ass einfach e Festhale vun engem Zoustand, deen ass. E Status, deen engem operluecht ass, wann een e Friemen ass, an all méigleche Formen.

Eng nei Dimensioun vun Aphorismen

E Band, dat ee stoe bleiwe léisst, zum Nodenken zwéngt, engem den Otem hëlt, ee staunen deet iwwer all déi iwwerraschend schéi Sprooch, déi manner schéi Wourechten an déi Onmass vun neie Perspektiven a Froen, déi sech opdoen a reegelrecht opdrängen. Wéi eng Bedeitung huet d'Kandheet, déi een an eng Friemsprooch iwwersetze muss? "In einer anderen Sprache nacherzählt, kommt es ihm vor, als sei sie nicht mehr seine Kindheit ..."

Am Fong geholl kann ech mech seele mat Aphorismen ufrënnen, hu se dach dacks e beléierenden a iwwerhiefleche Bäigeschmaach. Mä den Trojanow huet hei eng nei Dimensioun geschafen a kann nieft dem Karl Kraus an dem Oscar Wilde um Troun seng Plaz anhuelen.