Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Festival am stillen Kämmerlein

Berlinale 2021

E Festival am stillen Kämmerlein

Haut fänkt den éischten Deel vun der Berlinale, dee grousse Rendezvous vun der Filmindustrie virun den Oscars a Cannes, un. Natierlech komplett online - e Filmfestival, dee sech kaum wéi een ufillt.

auto_stories

4 min

De Potsdamer Platz, wou soss ëm dës Zäit e rouden Tapis an e Flimmeren an der Loft leit, ass elo gro an eidel. D'Geschäfter sinn zou, et hänkt kee grousse Bier um Berlinale-Palast an et lafe keng Honnerte Leit aus der ganzer Welt mat Badgen duerch d´Géigend, fir et no enger Taass Kaffi séier nach an de Screening vum Kompetitiounsfilm ze packen. Nee, all dat läit aus bekannte Grënn op Äis.

Ee Rendezvous virun den Oscars a Cannes

D'Festivaldirektere Mariette Rissenbeek a Carlo Chatrian hunn eng Alternativ fir d'Berlinale ausgeschafft, déi an zwee Volete funktionéiert. Den éischten Deel feiert haut säin Optakt. Allerdéngs nëmmen op de Laptoppen oder an de Homecinemas vu Journalisten a Leit aus der Filmindustrie. Do wäerten déi Akkreditéiert dës Woch d'Selektioun vun dësem Joer ze gesi kréien. E Festival am stillen Kämmerlein.

De Public, deen d'Berlinale jo esou ausmécht, muss sech gedëllegen. Am Juni, wann d'Pandemie dat erlaabt, sollen d'Filmer dann dem Publikum gewise ginn, souwuel am Kino wéi och Open-Air.

Et ass en ongewéinleche Wee, deen d'Berlinale geet. Aner Festivaller, wéi den amerikanesche Sundance zum Beispill, hu sech dofir decidéiert, en Online-Format auszeschaffen, bei dem och de Public d'Filmer direkt gesäit.

"Mir mengen, dass d'Filmbranche op dëse Startschoss waart" hat d'Direktesch Mariette Rissenbeek am Virfeld gesot. Natierlech geet et och ëm d'strategesch Placéierung vun der Berlinale, déi traditionell ëmmer virun den Oscaren a Cannes stattfënnt. Dat sollt dann och dëst Joer op d'mannst fir d'Filmbranche intern esou bleiwen. An e physesche Festival wollten déi Responsabel warscheinlech eben och net ganz opginn.

D'Jury kuckt d'Filmer zesummen

Am Juni sollen dann och d'Bieren och perséinlech vergi ginn - d'Jury wäert d'Decisiounen awer schonn zum Schluss vun dëser Woch huelen. Si besteet dëst Joer aus sechs Leit, dräi Fraen an dräi Männer, déi an de leschte Jore selwer de Gëllene Bier gewonnen hunn: Der Adina Pintilie, Ildiko Enyedi, Jasmila Zbanic an dem Nadav Lapid, Gianfranco Rosi a Mohammad Rasoulof.

Bis op de Mohammad Rasoulof, deen net aus dem Iran ausreese kann, wäerten si d'Chance hunn, sech d'Filmer gemeinsam um groussen Ecran sur place zu Berlin unzekucken. Nodeems se sech enger Quarantän ënnerzunn hunn, versteet sech. Dem Carlo Chatrian war et wichteg, datt op d'mannst d'Jury sech kéint d'Filmer als gemeinschaftlecht Erliefnis op der grouss Leinwand ukucken. Well dat ass et jo, wat Kino, a virun allem d'Erfarung vun engem Festival, vum Netflix op der Couch kucken ënnerscheet: zesumme mat anere Leit zur gläicher Zäit an eng aner Welt andauchen.

D'offiziell Selektioun: al Bekannter

Mee wat gëtt et dann ze gesinn? De Festivaldirekter Carlo Chatrian huet fir de Wettbewerb 15 Filmer selektionéiert. Et sinn al Festival-Bekannten dobäi, wéi de Koreaner Hong Sangsoo, dee schonn dacks mat senge calme schwaarz-wäiss Dramaen an der Competitioun vertruede war.

Och den iranesche Kino ass erëm representéiert, mam Film "Ballad of a White Cow" vun der Behtash Sanaeeha a Maryam Moghaddam, eng Geschicht iwwer Schold a Verzeiung. Aus Frankräich der Realisatrice Céline Sciamma hire neie Film "Petite Maman" an dem Xavier Beauvois säin "Albatros".

Aus Däitschland sinn et ganzer véier Filmer, vun der Maria Schrader "Ich bin dein Mensch", vun der Maria Speth "Herr Bachmann und seine Klasse", den éischte Film vum Schauspiller Daniel Brühl "Nebenan" an d'Erich-Kästner Verfilmung "Fabian oder der Gang vor die Hunde" vum Dominik Graf. Weider sinn nach Filmer aus Georgien, Rumänien, Japan, Ungarn, dem Libanon a Mexiko selektionéiert ginn.

Aacht Biere gi verginn, woubäi et dëst Joer fir d'éischte Kéier keng Präisser vir bescht Schauspillerin a Schauspiller wäerte ginn, mee Präisser fir déi bescht Leeschtung an enger Haaptroll an Nieweroll.

Um Potsdamer Platz wäert dës Woch eriwwerzéien, ouni datt ee mierkt, datt e Festival am Gaang ass. Mee och wann sech d'Festivalgefill bei dësem éischten Deel net sou astellt ewéi soss, en Zeechen datt et trotz allem och an der Konscht weidergeet, ass et allemol.