Radioen

On air

De Moien  |  Fabiana Palladino - I Can't Dream Anymore

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Film iwwer Migratioun, Identitéit, Mythos a Realitéit

Tournage zu Lëtzebuerg

E Film iwwer Migratioun, Identitéit, Mythos a Realitéit

Den éisträichesche Realisateur Markus Schleinzer ass den Ament fir eng lëtzebuergesch-éisträichesch Co-Produktioun zu Lëtzebuerg: "Angelo" baséiert op der historescher Figur Angelo Soliman, deen als Kannersklav aus Afrika an Europa bruecht ginn ass.

auto_stories

3 min

Angelo, e Film vum Markus Schleinzer

Anescht wéi mat sengem éischte Spillfilm "Michael", dee sech mat dem bedréckenden Thema Pädophilie beschäftegt, wollt de Markus Schleinzer mat sengem neie Film iwwert den Angelo Solimann "eppes mat Energie a Faarf" maachen. De Realisateur seet, hie wier immens motivéiert gewiescht an hätt no historeschem Material gesicht.

Bei senge Recherchen ass den éisträichesche Realisateur op d'Geschicht vum Mmadi Make gestouss: engem Afrikaner, deen am 18. Joerhonnert als Kannersklav an Europa bruecht gouf. Zu Wien soll hien am Stot vun enger Comtesse opgeholl gi sinn an op den Numm "Angelo Soliman" gedeeft gi sinn.

Ënnerschiddlech Opfaassunge vum Angelo Soliman

De Personnage wier zu Wien keen Onbekannten, mä d'Opfaassunge vun de Leit iwwert de Personnage ginn dem Markus Schleinzer no awer wäit auserneen. Déi eng Leit hätten hie gefeiert, déi aner hätten hien als Affer gesinn.

D'Liewensetappe vum Angelo Soliman huet de Markus Schleinzer eegenen Aussoen no iwwerholl, mä de Film sollt awer keen Documentaire iwwer déi historesch Figur sinn. De Film géif probéieren, fir Äntwerten op eng ganz Partie Froen ze fannen: "Wéi ass dat, wann een als Kand vu véier oder fënnef Joer aus senger Heemecht entféiert gëtt a säi ganzt Liewen ni méi zréckgoe kann an och ni méi een treffe wäert, deen déi nämmlecht Mammesprooch schwätzt?"

Sujeten, déi och haut aktuell sinn

Den Angelo Soliman huet wuel viru ronn 300 Joer gelieft, mä seng Liewensgeschicht behandelt awer Sujete wéi Migratioun an Integratioun, déi och haut nach aktuell sinn. D'Ufankszeen aus dem Film wier dem Markus Schleinzer no aus Aktualitéitsgrënn op Kritik gestouss: Booter, an deene vill kleng Kanner mat donkeler Hautfaarf sëtzen, kommen op der Plage un.

De Realisateur fënnt et net verwonnerlech, datt him virgeworf gouf, hie géif mam Bild vun iwwerfëllte Flüchtlichsbooter spillen. "Mä ech muss éierlech soen, datt ech näischt dofir kann. Et ginn Zäiten, an deene mir déi Mënschen an eist Land gerappt hunn, fir si ze verkafen. Haut komme si vum selwen. Wann dat Bild eng Ähnlechkeet huet, ass dat net, well ech et kreéieren, mä well et een Deel vun der Geschicht ass."

Ufro fir e Roman

D'Geschichten, déi hien a senge Filmer erzielt, hält den éisträichesche Realisateur a ganz detailléierten Dréibicher fest, déi hien a Prosa-Form schreift. Duerch dës Ausdrocksweis hätt hien als Realisateur méi Méiglechkeeten, fir Situatiounen oder Atmosphären ze beschreiwen an Detailer festzeleeën. Hien hätt awer och schonn eng Ufro kritt, fir säin Dréibuch iwwert den Angelo Solimann als Roman ze verëffentlechen, esou de Realisateur. Dat géif him d'Méiglechkeet ginn, Saachen aus der Erzielung opzefänken, déi hien am Dréibuch net realiséiere konnt.

"Angelo", vum éisträichesche Realisateur Markus Schleinzer mat der Lëtzebuerger Schauspillerin Larisa Faber an dem Alba Rohrwacher gëtt nach bis de 24. Mäerz zu Lëtzebuerg gedréint.