Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Film Noir a schnéiwäisse Landschaften

Neo-Western

E Film Noir a schnéiwäisse Landschaften

Bei sengem drëtten Neo Western ("Sicario", "Hell or High Water" an elo "Wind River") huet de Zeenarist Taylor Sheridan elo seng éischt eege d'Regie gemaach. D'Ingredienze fir "Wind River", engem brutale Crime an enger imposanter Landschaft, si Personnagen, déi keen Ophiewens ëm hiert Schicksal maachen, iwwerdeems de Publikum mat den Tréine kämpft. Grad wéi eng Schéisserei an den Hiweis op eng fierchterlech Ongerechtegkeet.

auto_stories

3 min

Dem Taylor Sheridan säi Regiedebut hat direkt Succès. Mat dësem Film huet hien dëst Joer zu Cannes de Prix de la Mise en Scène an der Kategorie "Un Certain Regard" kritt. "Wind River" ass den Numm vun engem Reservat am amerikanesche Bundesstaat Wyoming, deen déi indigene Populatioun zougewise krut a wou si verspreet an äiseg kalen, verschneite Landschaften lieft.

Dat awer net wierklech gären. De Film suggeréiert, datt déi meescht Leit do an engem permanenten Zoustand vu Resignatioun sinn, wat vill vun hinne just mat engem héijen Alkohol- an Drogekonsum packen.

"Tribal Police" an "FBI" enquêtéieren

An deem Kontext gëtt d'Läich vun engem jonke Meedchen fonnt. Seng Blessuren deiten op ee sexuell motivéierte Crime hin, mä am Endeffekt war et d'Keelt, un där et gestuerwen ass. Well dat sech um Territoire vum Reservat ofgespillt huet, enquêtéiert op där enger Säit d'"Tribal Police", mat engem Chef deen un de Graham Greene erënnert. Op där anerer Säit den FBI, deen eng jonk an onerfueren, awer motivéiert a wéi sech erausstellt zéi Agentin dohinner schéckt.

D'Agentin gëtt vun der Elisabeth Olsen gespillt. Wa si, frësch vu Las Vegas, wou si un enger Formatioun deelgeholl hat, an hirer dënner Jäckelchen an hiren Talleke-Schéngelcher opkräizt, wierkt si fir d'Leit aus dem Reservat wéi eng batter Bestätegung, datt ausserhalb vu "Wind River" keen hire Misär an hir Doudeg wierklech eescht hëlt.

Mä d'Agentin weist gudde Wëllen an ass och pragmatesch genuch, fir do wou si sech iwwerfuerdert spiert, Alliéierter ze sichen. Notamment an der Persoun vun engem Jeeër, deen d'Missioun huet d'Véi-Häerden um Territoire vum Reservat viru Wëllef, Pumaen an anere Geforen ze schützen. An dee Spuere liese kann. Hie gëtt vum Jeremy Renner duergestallt, deen, als Wäissen, gutt Relatiounen zur Communautéit vun den "Native Americans" huet. Hien ass awer och duerch eng perséinlech Tragedie u "Wind River" gebonnen.

Kee klassesche Krimi

D'Figure vun der Elisabeth Olsen, dem Jeremy Renner an dem Graham Greene fänken u fir d'Ëmstänn, déi zu deem jonke Meedche sengem brutalen Doud gefouert hunn, opzeklären. Wäit iwwert dee klassesche Krimi eraus, deen hei op eng sober, effizient an dach och immens beréierend Manéier erzielt gëtt, vermëttelt de Film dee ganze sozialen Hannergrond, d'Konditiounen, ënnert deenen d'"Native Americans" liewe mussen.

Dat wat d'Kritiker mat enger offener Wonn verglach hunn, déi di Vereenegt Staaten hätten. Eng Wonn, déi allerdéngs vun enger ecrasanter Majoritéit vun der Populatioun ignoréiert gëtt. De Film leet de Fanger an d'Wonn, mécht dat awer op eng komplett ondidaktesch Manéier.

Zwee Mol Zeenarist, ee Mol Realisateur

"Wind River" ass d'Wierk vum Taylor Sheridan, engem geleeëntlechen Acteur, dee sech an deene leschte Joer mat zwee Zeenarien en Numm gemaach huet. Fir dem Denis Villeneuve säi "Sicario", en Thriller mat der Emily Blunt an dem Benicio del Toro ëm mexikanesch Drogekarteller un der Grenz tëschent Mexiko an den USA. A fir dem David Mackenzie säin "Hell or High Water", e Thriller ëm zwee Bridder am Texas, déi wéinst ekonomesche Contrainte gezwonge sinn, Banken z'iwwerfalen an déi vum Jeff Bridges gejot ginn.

Fir den Taylor Sheridan, dee mat "Wind River" dann elo de Schratt gemaach huet, fir och selwer an Zeen ze setzen, forméieren déi dräi Filmer eng Trilogie. Tatsächlech ginn et staark Parallellen. D'Thematik vun der Grenz beispillsweis a vun Environnementer an deene Verstéiss géint d'Gesetz, net zulescht wéinst de soziale Verhältnisser inevitabel schéngen, a sech ausserdeem an enger fir Mënschen tendenziell hostiler Natur ofspillen. Dräi wierklech gutt a kuckeswäert Filmer.