Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Little Simz - Point And Kill Feat. Obongjayar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Fotoslaboratoire, vill Gepinschs an Haifësch

Kino

E Fotoslaboratoire, vill Gepinschs an Haifësch

Déi nei Kinoswoch ass a franséischsproocheger Hand. Iwwer d'Qualitéit seet dat zwar näischt, mä et dierf ee sech awer op een Documentaire vun der Agnès Varda freeën. Och Thriller-Fans kommen op hir Käschten.

auto_stories

3 min

D'Agnès Varda mellt sech no enger längerer Paus vum Dokumentarfilm nees zréck. "Les plages d'Agnès" ass scho virun néng Joer entstanen. An dësem neien Documentaire, "Visages, villages" profitéiert si vun hirer Bekanntschaft mam Fotograf JR.

Si mécht sech mat him a sengem spezielle mobile Fotoslaboratoire op eng spontan Rees duerch ganz Frankräich. Mam Zil fir do Mënschen ze begéinen, déi eng Geschicht ze zielen hunn. A fir Fotoen ze huelen an déi iwwerdimensional grouss am ëffentleche Raum opliewen ze loossen. Do dernieft geet et och ëm d'Frëndschaft vun der Realisatrice an dem Fotograf, déi sech duerch eng ganz wichteg Renconter mam Jean-Luc Godard verdéift.

"Mon poussin" huet e wierklech einfachen Ufank. En 18-jährege gëtt vu senger Frëndin sëtze gelooss. Déi éischt grouss Léift ass der Däiwel, e Weltënnergank steet virun der Dier. Dat éiwegt Gesouers a Gepinschs vum Jong geet den Elteren iergendwann awer ferme op d'Schlappen. Si decidéiere mat hirem Jong e Liebesentzug ze maachen. De Frédéric Forestier huet de Film realiséiert. D'Isabelle Nanty, de Pierre-François Martin-Laval an den Thomas Solivérès spille mat.

De Fabrice Gobert huet sech weltwäit en Numm gemaach, fir d'Creatioun vun där bis dato eenzeg wierklech gudder Serie "Les revenants". Mat "K.O." presentéiert hie säin zweete Laangfilm fir de Kino. Am Film spillt de Laurent Lafitte en arrogante Kader mat vill Muecht. Hien ass en aggressiv dominanten Typ, op der Aarbecht wéi doheem.

Ënner mysteriéisen Ëmstänn lant hien awer enges Daags am Koma. Wéi en erwächt, ass näischt méi wéi et war. Albdram? Komplott? Wat ass Realitéit, wat ass en Dram? Mat deene Froe muss sech dem Lafitte säi Personnage ronderëm schloen. D'Chiara Mastroianni ass mat vun der Partie.

Kuerz ier all Mënsch sech a Richtung Plage a Sonn mécht, zerwéiert den amerikanesche Kino eppes, wat engem d'Angscht virum Waasser soll andreiwen. Lescht Joer war dat "The Shallows". Dëst Joer heescht de Film "47 Meters Down".

An deenen zwee Filmer spillen Haien eng wichteg Roll. D'lescht Joer huet d'Blake Lively sech misse vun enger Boje knapp 300 Meter un d'Plage schleefen, ouni vun deene Fësch gejickt ze ginn. Dëst Joer mussen d'Mandy Moore an d'Claire Holt iergendwéi aus engem Tauchkäfeg erauskommen, dee sech lassgeléist huet. An dat ier hinnen d'Loft aus de Fläschen ausgeet. Tëschent dem Käfeg an der Waasseruewerfläch sinn 47 Meter, an, wéi gesot, Haifësch.

An da leeft nach "Transformers : The Last Knight" vum Michael Bay.