Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E klenge Bilan vu "Reading Luxembourg"

Frankfurter Buchmesse

E klenge Bilan vu "Reading Luxembourg"

E puer Deeg no der Frankfurter Buchmesse kënnen d'Organisateure vum Lëtzebuerger Stand e klenge Bilan zéien. De Marc Rettel, dee fir dëse Stand responsabel war, huet dem Valerija Berdi verroden, wat zu Frankfurt geschitt ass, erreecht gouf a wat a wéi nohalteg déi verschidde Renconteren an Eventer sinn.

auto_stories

5 min

D'Frankfurter Buchmesse ass déi gréisste Bicherfoire op der Welt. A fënnef Hale goufen dëst Joer Bicher aus 104 Länner presentéiert. Ee vun de 7.450 Stänn war dee vu Reading Luxembourg. D'Frankfurter Buchmesse ass virun allem eng Foire fir Editeuren, Agenten, Iwwersetzer an Auteuren. An do stellt sech d'Fro, ob d'Präsenz vun der Lëtzebuerger Literatur och Friichte gedroen huet.

Valerija Berdi: Marc Rettel, kann een elo schonn e Bilan zéien?

Jo, ech ka schonn e gewëssene Bilan zéien. Et muss ee sécher och nach e grousse Bilan mat all de concernéierte Leit zéien. Dat wäerte mir och maachen. Elo géif ech mol soen, an deem Tëschebilan, deen een iwwerhaapt zwee Deeg dono zéie kann, datt d'Foire u sech gelonge war, datt den Interessi, virun allem aus dem Ausland, do ass, datt d'Leit wierklech op eis duerkomm sinn.

Samschdes z. B. hat ech - et geet mir wéi den Editeuren - eng ganz Rei professionell Rendez-vousen, ech hat u sech just ee geplangt, en fin de compte souz ech moies, wou d'Foire opgaangen ass bis an de spéiden Nomëtteg riicht duerch ouni Paus, een Entretien, ee Meeting nom aneren, well d'Leit op eis duerkomm sinn, sief dat Editeuren, sief dat Leit vun anere Foiren, sief dat Kolleegen, meng Homologe vun anere Länner, asw.

Dat heescht, den Interessi ass schonn do. Déi Exotik vun der Méisproochegkeet, wann een dat esou nenne kann, wéi dat och zu Berlin op der Botschaft um Kick-off-Event gesot gouf, deen ass schonn do, d'Lëtzebuerger Literatur, géif ech soen, déi interesséiert.

Lëtzebuerger Literatur heescht Literatur aus Lëtzebuerg. Bicher op Däitsch, Franséisch, Englesch an op Lëtzebuergesch. Aus wéi enge Länner koum den Interessi fir Iwwersetzungen?

Dat geet wierklech vun Iwwersetzungen an d'Spuenescht, sief dat fir Spuenien oder Südamerika, mir wëssen elo net wat dobäi erauskënnt, mee den Interessi ass scho mol do, et geet vu Spuenie bis Russland, bis Taiwan, et ass wierklech vun allem dobäi gewiescht.

D'Präsenz op der Bicherfoire heescht net just d'Bicher ze weisen an ze waarden, datt ee vun internationalen Editeuren an Agenten ugeschwat gëtt, d'Aarbecht vum Marc Rettel ass och geziilt Kontakter ze knëppen.

Déi Kontakter, déi ech konkret hunn, dat ass alles, wat zum Export-Programm gehéiert, sief dat aner Foiren, sief dat Homologen, sief dat Kolleege vun der Europäescher Kommissioun, wou een einfach kuckt, wat kënne mir europawäit fir d'Buch an d'Buchlandschaft, oder ganz schéin "la valeur du livre" anescht strukturéieren. Dat si Rendez-vousen, déi ech ausmaachen. Mee da kommen déi spontan Rendez-vousen nach dobäi.

Dann interesséiert nach, wat gëtt et vun Iwwersetzungshëllefen, wat gëtt et vu Publikatiounshëllefen? De Kulturministère an de Focuna (Fonds culturel national) hunn déi Hëllefen an dann déi separat Flyeren, fir dat ënner d'Leit ze bréngen, fir datt se einfach gesinn, datt Lëtzebuerg och do ënnerstëtzt fir seng Literaturlandschaft a Buchlandschaft ze promovéieren. Dann natierlech iwwer anerer, wou ee méi iwwer Strategie schwätz oder mat de Kollegeen aus der Schwäiz, déi eis Nopere waren, eng ganz gutt Entente, wou een deen Echange kann hunn, fir ze soen: mir kënnen och mat op hir Erfarungswäerter opbauen, fir eppes vun hinnen ze léieren, fir an Zukunft zesummenzeschaffen, fir eis zukünfteg Präsenzen zesummen ze koordinéieren.

Dëst Joer waren um Lëtzebuerger Stand och Renconteren tëschent Lëtzebuerger an internationalen Autorinnen an Auteuren organiséiert. Ënner dem Thema Jonk Stëmmen hunn de Romain Butti an d'Anouk Mahr zesumme mat der Schwäiz-kroatescher Autorin Ivna Zic, déi fir den éisträicheschen a Schwäizer Buchpräis nominéiert war an der däitsch-rumänescher Schrëftstellerin Illinca Florian diskutéiert. D'Ivna Zic ass am Moment zimlech gehypt an dovun huet och de Lëtzebuerger Stand profitéiert.

Engersäits huet d'Méiglechkeet, datt mir si op dee Panel invitéiere konnten, de Panel international gemaach, et huet och eis Lëtzebuerger Auteuren, déi um Panel waren, engem anere Public gewisen, déi vun de Kolleegen aus der Schwäiz an Däitschland ugezu waren. An anerersäits muss een och soen, et huet eis kloer d'Méiglechkeet bruecht fir och mat deem Verlag en aneren Dialog anzegoen an ze kucken, wéi een och do an Zukunft vläicht aner Synergië fanne kann.

De Weekend war dann d'Bicherfoire och dem grousse Public zougänglech an nei war dëst Joer d'Méiglechkeet och Bicher ze kafen. Gouf et och do en Interessi fir Lëtzebuerger Literatur?

D'Leit komme fir duerchzebliederen, Verschiddener si "solitär Duerchbliederer", wann een dat sou soe kann, déi sech gären an den Eck zeréckzéien an eegestänneg eppes duerchbliederen, mir hu Leit, déi komme ganz geziilt a si froen: Kanns du mir soen, wat dir hei vun engem Krimi hutt? Oder "Wat ass hei Lëtzebuerger Lyrik?" Anerer kommen a soen, wat ass Lëtzebuerger Buchlandschaft, wat hutt dir hei um Stand ze presentéieren? An da féiert ee se ronderëm, an et erkläert een e bëssen, wat alles do ass, déi ganz Panoplie vu Bicher, déi mir mat haten, a wat et alles vun Auteuren a Sproochen zu Lëtzebuerg ze entdecke gëtt, wéi divers déi Buchlandschaft ass.