Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Khruangbin - Pon Pón

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Muppecoiffer, den Ethan Hunt, e verschwonnene Jong

Kinosfilmer

E Muppecoiffer, den Ethan Hunt, e verschwonnene Jong

De kuerzen Iwwerbléck vun der neier Kinoswoch: E Laureat vu Cannes ass ënner anerem mat dobäi, mee d'Kritikeriwwerraschung schéngt dës Woch vun Hollywood ze kommen. Wat fir Filmer dat si weess den Tom Dockal.

auto_stories

4 min

Mat "Dogman" fënnt en habitué vun der Croisette vum Filmfestival zu Cannes de Wee an eis Kinoen. Ass dat en iwwelt Zeeche fir e Film aus der offizieller Competitioun, wann deen da matzen am Summer an e reguläre - an dann nach wéinst dem super Wieder vill manner besichte - Kinosprogramm uleeft? Nach wësse mir et net. D'international Kritike si sech net ganz eens bei dësem neie Film vum Realisateur vun ë. a. "Gomorrah".

Et geet ëm en italienesche Muppecoiffer, en douce an sensibele Männchen, deen enges Daags Besuch kritt vun engem Kolleeg. Deen, grad aus dem Bing entlooss, Ex-Boxer a Kokain-süchteg, mécht séier nees d'Banlieue onsécher. Iergendwann iwwerzeegt hien de Muppecoiffer bei Iwwerfäll matzemaachen. Dee léisst sech matrappen an et geet net gutt fir hien aus. A sengem neie Leed gëtt hie vum Kolleeg eleng gelooss a gëtt verroden. Beim Muppecoiffer brennen no vill Gedold awer iergendwann Sécherungen duerch.

Wann de Garrone 2015 mat "Tale of Tales" zu Cannes eidel ausgaangen ass, sou krut säin Haaptacteur, de Marcello Fonte, den Interpretatiounspräis. Vun där Prestatioun ware sech Jury wéi Kritik unanimement eens. "Dogman" baséiert op engem Fait divers.


Keen hätt geduecht, dat de sechste Volet vun enger Hollywoodactionfranchise esou d'Kritiken zu Lueweshymne géif beweege wéi "Mission: Impossible - Fallout". Och no iwwer 22 Joer léisst et sech den Tom Cruise net lompen, an d'Haut vu sengem Alter Ego Ethan Hunt ze klammen, fir no mysteriéisen Terroristen a Plutonium ze sichen. Dat alles mat senger treier Equipe aus Ving Rhames, Simon Pegg a Rebecca Ferguson, déi och scho beim leschte Film matgemaach hunn. Ënnerwee gëtt et awer, wéi ëmmer bei deene Filmer, komplizéiert, well verschidde Leit net déi sinn, fir déi si sech ginn an dann steet och mol nees den Hunt do a gëtt beschëllegt, de Béisen hanner allem ze sinn.

De Christopher McQuarrie, Scribe vun "Edge of Tomorrow" a Realisateur vu "Jack Reacher" an dem fënnefte Mission Film - hie schéngt sech wuel mam Tom ze verstoen - deelt dem Hollywood säi Faible fir Action à l'ancienne a léisst de gudde Mann Helikoptere fléien an aus Helikoptere sprangen.

Zwou Stonne zwanzeg laang an dem Henry Cavill ass mat vun der Partie, an zwar mat sengem berühmt berüchtegte Schnutz am Gesiicht, dee viru Méint e Skandal ausgeléist huet, well e beim "Justice League" Tournage net ofgeschnidde konnt ginn an da fir deier deier Suen an der Postproduktioun eraus-CGI'd gouf. Zu Hollywood ass eben alles méiglech!


Da sinn nach zwou franséisch Produktiounen nei am Programm. Mat "Fleuve noir" proposéiert den Erick Zonca am Summer en däischter, naass kale Polar. De Vincent Cassel spillt ee mat de Joren desillusionéierte Flic, deen op d'Affär vun engem verschwonnene Jong dropgesat gëtt. Deen ass, esou niewebäi, genee esou al wéi säin eegene Fils, deen hien - de Code vum Genre entspriechend - net wierklech erzunn huet oder kennt, an dee selwer Problemer mat enger Drogeband huet.

An dann ass do nach de Personnage vum Romain Duris, e Proff vum verschwonnene Jong, dee sech ubitt fir ze hëllefen. Hien interesséiert sech fir d'Enquête, esouguer ze vill. Den Depardieu war virgesi fir d'Haaptroll ze spillen, huet no dräi Deeg Tournage awer missen hospitaliséiert ginn an de Cassel ass vun engem Dag op deen anere quasi an d'Roll gesprongen. Soss nach am Cast: d'Sandrine Kiberlain an d'Elodie Bouchez.


An dee leschte Film, 85 Minutte kuerz, ass d'Komedie "Ma Reum". Eng Kluck vun enger Mamm gesäit hiert perfekt Familljebild zesummefale wéi si gewuer gëtt, dat hire Fils de Stoussnicki vun dräi Matschüler ass. D'Mamm geet ganz progressiv edukativ vir an decidéiert, sech déi dräi Jonge virzeknäppen an hinnen d'Liewe schwéier ze maachen. Dat alles am Numm vun der Léift!