Radioen

On air

Notturno  |  Eddie Kendricks - Intimate Friends

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Paradäis fir Kanner

Hollännesch Kannerbibliothéik

E Paradäis fir Kanner

Zanter 40 Joer existéiert zu Lëtzebuerg déi hollännesch Kanner- a Jugendbibliothéik. Op der Nummer 23 an der Vaubanstrooss am Pafendall kann ee sech all Dënschdeg Nomëtten oder all zweete Samschdegmuere Bicher ausléinen. Just ënner enger Konditioun: et muss een Hollännesch kënnen.

auto_stories

2 min

Foto: Hollänesch Kanner- a Jugendbibliothéik. Edit: radio 100,7.

Fir Kanner a Jugendlecher, déi gäre liesen an an dëser Sprooch doheem sinn, mécht sech hei e klengt Paradäis op: haaptsächlech Kanner- a Jugendbicher stinn hei prett fir ausgeléint, oder och op der Plaz gelies ze ginn.

Ugefaangen huet alles an enger Schlofkummer

D'Presidentin vun der hollännescher Jugendbibliothéik Ati van Dijk erënnert sech un den Ufank vun dëser klenger Bibliothéik: Ugefaangen hätt alles viru 40 Joer doheem an enger Schlofkummer bei flamännesch-hollänneschen Elteren. "Dann hate mir e Raum an der aler Sainte-Sophie hanner der Kathedral um drëtte Stack an dann hei niewendrun", erzielt si. Zanter 12 Joer si si op der aktueller Adress am Pafendall ze fannen.

Ronn 50 Famille sinn an der hollännescher Jugendbibliothéik abonnéiert. De Kaf vu Bicher gëtt duerch Cotisatiounen, duerch eng finanziell Ënnerstëtzung vun der hollännescher Ambassade, dem hollänneschen an dem flamännesche Veräin an och mat Hëllef vun den ëffentleche Bibliothéiken erméiglecht.

"Et ass alles mat Benevollen, mir sichen ëmmer zwee Leit, déi kënnen hei si fir d'Leit ze empfänken an d'Bicher erauszeginn an erëmzehuelen", erkläert d'Kirsten Zahlen, Bibliothekärin a Sekretärin. Si ass och responsabel fir den Akaf an natierlech och fir de Choix vun de Bicher.

Méi wéi just eng Bibliothéik

Mee et kann een net just Bicher ausléinen an der hollännescher Bibliothéik am Pafendall. All zwee Méint gi Virliesunge fir déi Kleng organiséiert. Domat gëtt de Kanner gewisen, wéi eng Bicher an der Bibliothéik sinn an et stécht natierlech och d'Iddi hannendrun d'Kanner fir d'Liesen ze motivéieren.

Ganz beléift bei de jonke Lieserinnen a Lieser si Bicher vun der Carry Slee a vum Jacques Vriens, deen och kierzlech op Besuch an der hollännescher Bibliothéik war. Nieft de Liesungen hat de renomméierten hollänneschen Auteur vu Kanner- a Jugendbicher e wichtege Message: "Es ist so wichtig, dass die Kinder jeden Tag 20 Minuten Zeit haben, um ein Buch zu lesen".