Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - Rhythmicon - Pascal Schumacher

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Plädoyer fir d'wëssenschaftlecht Buch

Wëssenschaftlech Literatur

E Plädoyer fir d'wëssenschaftlecht Buch

Am Kulturentwécklungsplang geet ganz wéineg rieds vum Buch. Mee de Michel Pauly, Senior Professer op der Uni Lëtzebuerg a Member vun der Biergerinitiativ Forum Culture(s), fënnt, datt besonnescht dat wëssenschaftlecht Buch och anerwäerts vernoléissegt gëtt, obschonn et nieft deem literaresche Buch eng grouss Roll am Nation Branding spille kéint.

auto_stories

4 min

Michel Pauly

Bei den Assises culturelles, Enn Juni am Stater Conservatoire, goung et ënner anerem ëm d'Wäertschätzung, déi d'Regierung, awer och d'Ëffentlechkeet, der Kultur zoukomme léisst. Ech wéilt mech haut just mat engem Kulturproduit beschäftegen: mam Buch. Op der Lëscht vun den 58 Bicher, déi zréckbehale goufe fir mat op d'Frankfurter Buchmesse ze goen - d'Valerija Berdi huet op dëser Antenn schonn op déi éischter onduerchsiichteg Manéier higewisen, no där déi Lëscht zustane koum - sinn der a menge bescheidenen Ae keng véier, déi d'Predikat "wëssenschaftlech" verdéngen.

Natierlech freeën ech mech, datt mir zu Lëtzebuerg esou vill Wierker aus dem Beräich Belletristik hunn, déi et verdéngen, engem internationale Publikum presentéiert ze ginn. Mee wann een d'Buch wëllt promovéieren, da misst een drun denken, datt zu Lëtzebuerg och wëssenschaftlech Bicher produzéiert ginn, haaptsächlech am Beräich vun de Geeschteswëssenschafte wéi der Geschicht, der Literaturwëssenschaft, der Linguistik, der Geographie. An dat net eréischt zanter der Grënnung vun der Uni, mee natierlech schonn zanter vill méi laangem. De CLUDEM, de Centre luxembourgeois de documentation et d'études médiévales, deen am Abrëll seng 30 Joer gefeiert huet, huet an där Zäit 43 Bicher publizéiert.

Et geet mir net drëm erauszefannen, firwat och ëmmer där Bicher keng mat op Frankfurt geholl ginn. D'Editeure vu wëssenschaftleche Bicher ware jiddefalls net op déi ominéis Konferenz am Kulturministère invitéiert ginn. Si hate wuel och den Appell net matkritt, datt och si dierfte Bicher proposéieren.

Wëssenschaftlech Bicher ginn net genuch thematiséiert

De Problem läit och net nëmme bei der Regierung. De CLUDEM huet sech missen an den 90er Jore vum viregte Joerhonnert als Asbl constituéieren, well kee Verlag bereet war, Bicher ze drécken an international ze verbreeden, déi sech mat mëttelalterlecher Geschicht vu Lëtzebuerg an der Lotharingie beschäftegen. An d'Fuerschungsunitéit IPSE ass aus deem selwechte Grond bei en internationale Verlag gaangen fir hir Bicher ze verbreeden. De CLUDEM bréngt et awer duerchaus fäerdeg, seng Bicher am Ausland, bis a Japan an an d'USA, u Fuerscher an Unisbibliothéiken ze verkafen. Och an auslännesche Fachzäitschrëfte gi se regelméisseg thematiséiert; bis elo nach nëmme positiv. Awer an der Lëtzebuerger Press ginn déi Bicher nëmmen an de seelenste Fäll virgestallt, obwuel der vill sech och mat Lëtzebuerger Theme beschäftegen. D'Fuerscher kréien awer gär vu politescher Säit de Reproche gemaach, hir Aarbecht wier zu Lëtzebuerg net visibel genuch.

Uni Lëtzebuerg sollt en eegene Verlag opmaachen

D'Argument, datt d'Oplag vun esou Bicher ze kleng wier fir rentabel ze sinn, stëmmt och net, well och am Ausland hunn déi Bicher an der Regel eng Oplag vun nëmmen 250 bis 400 Stéck. Dem Vincent Artuso seng Dissertatioun iwwer d'Kollaboratioun am Zweete Weltkrich ass méi wéi 1000 Mol verkaaft ginn. Der Uni wier also onbedéngt ze recommandéieren, en eegene Verlag opzemaachen, nom Modell vun de franséischen oder kanadeschen Universitéiten.

Wëssenschaftlech Bicher kréie keng Subsiden

Och bei der Finanzéierung vun deene Bicher weist sech, wéi wéineg déi ëffentlech Instanze Wäert op wëssenschaftlech Bicher leeën: De Fonds culturel seet: Mir subsidéieren nëmme Belletristik a schenkt all Verlag jee 4.000 Euro fir véier Bicher pro Joer, ouni aner Kritären. Bei wëssenschaftleche Publikatioune verweist een awer op den FNR. De Fonds national de la Recherche, deen an den éischte Joren effektiv Subside fir wëssenschaftlech Bicher verginn huet, huet an Tëschenzäit decidéiert, keng Subside méi fir d'Publikatioun vun Dissertatiounen a vun Tagungsakten ze verginn. Menges Wëssens no kréien och d'Muséeë kee Su vum FNR fir hir wëssenschaftlech Publikatiounen ze finanzéieren. Jo, wat fir eng Zort wëssenschaftlech Bicher ginn et dann nach? Op d'mannst an de Geeschteswëssenschafte sinn dat déi eenzeg Publikatiounsformen, a grad déi gi vum FNR ausgeschloss. Dobäi geet et ëm lächerlech Zommen, déi an der Regel wäit ënner 5.000 Euro pro Buch leien.

Et ass scho komesch, datt weder dat literarescht nach dat wëssenschaftlecht Buch zu Lëtzebuerg beim Nation Branding eng Roll spillt.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.