Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Amber Mark - Comin’ Around Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E puer Nummeren ze grouss?

Netflix

E puer Nummeren ze grouss?

"Time to Hunt" ass eng südkoreanesch Mëschung aus Anticipatioun, Thriller a Gangsterfilm. Trotz interessanten Usätz (déi sozial Konsequenze vun enger Finanzkris) geet dee Film séier Bierg of. Op Netflix ze gesinn.

auto_stories

4 min

Spéitstens zanter dem internationale Succès vum Bong Joon-ho, deem säi ''Parasite'' déi prestigiéist Präisser abruecht huet (dorënner d'Palme d'Or zu Cannes an den Oscar vum beschte Film), ass Südkorea net méi aus der cinematographescher Landschaft ewech ze denken. Wéi d'Beispill vum Bong Joon-ho beweist, soll een duerchaus och d'Genrefilmer (Krimi, Thriller, Science-Fiction) aus deem Land am A behalen. Mee net all südkoreanesch Produktioun muss automatesch och e Meeschterwierk sinn ...

"Time to Hunt'', vum 37 Joer jonke Yoon Sung-hyun, hat bei der leschter Berlinale Weltpremière gefeiert a gouf zanter Kuerzem an de Programm vun der Streamingplattform Netflix opgeholl. De Film ass eng Mëschung aus Anticipatioun, Thriller a Gangsterfilm.

De leschte grousse Coup

Eng Band vun dräi jonken Delinquenten, déi nach e véierte Kumpan méi oder wéineger fräiwëlleg rekrutéieren, plangen en Iwwerfall op en illegale Casino. Déi Plaz huet zwee Virdeeler: éischtens komme si do un Dollaren, déi eenzeg Wärung, déi am Kontext vun der schroer Wirtschaftskris an hirem Land nach eppes wäert ass. Zweetens wier et - op d'mannst emol hirer Logik no - kee richtege Broch mam Gesetz, well si hei jo just Gangstere géifen iwwerfalen.

De Coup geléngt hinnen dunn och. Allerdéngs: nieft de Suen hu si gläichzäiteg - an ouni et ze wëssen - eppes matgoe gelooss, wourop déi lokal Mafia op kee Fall bereet ass ze verzichten. D'Juegd op déi véier Delinquenten ass domat op!

De Genre vum sougenannten ''Heist''- oder ''Hold-up''-Film gëtt hei bestëmmt net revolutionéiert. Selbstverständlech ginn hei Klischeeë bedéngt, virop dee vum leschte grousse Coup, deen ee wot, éier ee sech kann op eng paradisesch Insel zeréckzéien - quitt datt et nëmmen ass fir do säin Drambuttek fir Vëlosreparatioun opzemaachen. D'Zeene vum Iwwerfall a senger Virbereedung sinn zwar alles anescht wéi originell, mee se sinn zolidd realiséiert a vermëttelen d'Gefill vun Amateurismus a jugendlechem Liichtsënn, deen d'Haaptprotagoniste charakteriséiert.

Kriminalitéit als eenzeg valabel Optioun

Ofgesinn dovun ass ''Time to Hunt'' a senger éischter Hallschent net oninteressant, wann de Film versicht, e Südkorea vun der noer Zukunft ze anticipéieren. D'Land gouf vun engem finanzielle Kollaps getraff an ass deemno op déi streng konditionéiert Kreditter vum Internationale Wärungsfong ugewisen.

Fir d'Kris duerzestelle geet et am Fong duer, se ze suggeréieren. Getrei dem Äisbierg-Prinzip kritt de Spectateur en eidelen, ruinéierte Stadzentrum mat dreckege Stroossen gewisen, erofgeloossenen eisene Rolllueden, Graffitien op de Fassaden an Autoskarkassen, bei deenen net méi vill ze verwäerten ass.

De Papp vun engem vun de Protagonisten, dee seng Aarbecht verluer huet, bedeelegt sech un enger anti-FMI-Manif. Sengem Jong schéngt näischt aneschters iwwreg ze bleiwen, wéi säi Brout mat kriminellen Aktivitéiten ze verdéngen. De Film portraitéiert eng Jugend, déi d'Delinquenz als eng selbstverständlech Optioun ugesäit, vläicht esouguer als déi eenzeg, fir sech en dezent Liewen iwwerhaapt nach leeschten ze kënnen.

Onheemlech Muecht ... enttäuschend verkierpert

De Staat, respektiv dat, wat nach vun ëm iwwreg ass, setzt op Repressioun. An der Krisewelt, an där de moralesche Kompass anescht orientéiert ass, hu mer et mat enger Police ze dinn, déi esou gutt wéi mat der organiséierter Kriminalitéit paktéiert huet an dozou bäidréit, där hir wirtschaftlech Interessien, dat heescht, den neie Status quo ze verteidegen.

Leider gëtt dës onheemlech Muecht, déi elo hanner de jonke Raiber hier ass, op eng vill ze vill simplistesch an enttäuschend Aart a Weis duergestallt, an der Persoun vun engem korrupten, psychopathesche Flic. Dësem pseudo-Terminator geléngt et relativ séier, d'Möchtegernbanditten anzefänken, déi esou ausgesinn, wéi wa si sech all Moment aus Angscht kéinten an d'Box maachen. An awer léisst hie si fortlafen - aus puerem Spaass un der Freed a well de Film soss net op déi hautdesdaags standardméisseg zwou Stonne géif kommen.

Esou muss een déi ganz zweet Stonn iwwer sech ergoe loossen, mat Fänkches, géigesäitegem Motivéieren an onendleche Schéissereien: d'Munitioun schéngt souwisou am Iwwerfloss disponibel ze sinn. Ëm psychologesche Realismus brauch ee sech dann och weider keng Gedanken ze maachen, wann deen een oder anere Personnage gefillten zéngmol ugeschoss gouf, an dach nach ka sprinte wéi e Päerd ...