Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Roboterhond a Falschgeld

Kino

E Roboterhond a Falschgeld

Maache mir eis näischt vir: D'Temperature sinn zwar net méi esou héich, wéi virun e puer Wochen, an awer gesäit déi nei Kinosprogrammatioun no groussem Summerlach aus. Gutt dat am Utopia wéinstens d'Gëlle Palm vun der internationaler Filmkritik vun haut u gewise gëtt.

auto_stories

3 min

Eng Gëlle Palm vun der Kritik gëtt et am Fong guer net. Dee verdeelt bekanntlecherweis jo just de Jury. D'international Filmkritik decernéiert op all groussem europäesche Festival de FIPRESCI Präis. A genee dee krut dem Lee Chang-Dong säin neie Film "Burning".

Eng gewoten Adaptatioun

Et geet ëm e jonke Coursier, de Jongsu, deen enges gudden Daags eng Nopesch, d'Haemi, erëmbegéint. D'Retrouvaillë si grouss. Si verféiert en nämlech zimlech direkt. Dobäi kënnt si tout juste zeréck aus dem Ausland. An der Wallis matbruecht souzesoen, de Ben, e friquéierte mysteriéisen Typ. Gespillt vum Steven Yeun, bekannt aus "The Walking Dead". Tëschent hinnen dräi entwéckelt sech en troublant Dräieck, an de Ben verréit dem Jongsu säi Geheimnis. An zack. Kuerz dono ass d'Haemi verschwonnen.

De Lee Chang-Dong, eng vun de wichtegste Stëmme vum postdiktatoresche Süd-Korea, huet sech mat "Burning" un eng Adaptatioun vun enger Murakami-Kuerzgeschicht gewot. Gewot, well eegenen Aussoen no, an och dem Co-Zeenarist Oh Jungmi no, net alt ze vill an där Geschicht geschitt. "Burning" mécht d'Roserei, virun allem déi bei de Jonken zum Sujet.

E Falschgeld-Deal, dee schif geet

Kuerz eriwwer bei den däitsche Kino. De Schauspiller an immens prolifiquë Realisateur vu ville Grand-publique-Filmer - hien huet zum Beispill iwwer déi véier Joer véier Bibi Blocksberg Filmer realiséiert - mellt sech elo nees zu Wuert mat der Gangsterkomedie "Asphaltgorillas".

D'Prämisse hei: zwee Kandheetsfrënn vu Kreuzberg lafe sech no laange Joren iwwer de Wee. Deen ee versicht scho méi laang aus dem Kiez an enger Existenz als Dealer fortzekommen. Deen aneren huet et scho laang gepackt. An awer: Wéi deen aneren eben iergendwann mam Lamborghini virun him steet, gesäit deen endlech eng Méiglechkeet eraus. E Falschgeld-Deal soll et räissen. Mee natierlech geet eent nom anere schif. D'Eskalatioun ass perfekt. Anscheinend net ganz esou de Film. Déi däitsch Kritike sinn net alt ze iwwerzeegt. Am Casting: Samuel Schneider, Jannis Niewöhner, Oktay Özdemir, Ella Rumpf, Georg Friedrich an nach vill anerer.

Eng Frëndschaft mat engem Roboterhond

Net alt ze gutt Kritiken, respektiv mol keng Kritike krut bis elo "A-X-L". En Action-Adventure Film, deen een esou an deem Genre och scho gefillten Honnert Mol gesinn huet. Et geet ëm e jonken Typ, deen e Roboterhond fënnt an zu deem eng Frëndschaft opbaut. Dëse Roboter ass den Nec-plus-ultra vu kënschtlecher Intelligenz. An iergendwann sinn natierlech Militär a Wëssenschaftler nees hanner hirem Experiment hier a versiche sech tëschent de Mann a säin neit Hausdéier ze stellen. On connaît la chanson.

A mat "Käpt'n Sharky" fannen d'Kannerbuch- an d'Lauschterspillgeschichten ronderëm e Piratekapitän de Wee op de groussen Ecran. Computeraniméiert.