Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "E Wal am Waasser": de Jean Portante beim Stanza Poetry Festival

Poesie

"E Wal am Waasser": de Jean Portante beim Stanza Poetry Festival

Zu St Andrews a Schottland sinn den Ament vill Schrëftsteller a Kënschtler. De Poesie-Festival "Stanza" geet an déi 20. Ronn. Och de Jean Portante huet de Wee an déi schottesch Stiedche fonnt. Hien huet eng Kaschtprouf vu senger Lyrik op franséisch an englesch presentéiert. An hien huet zesumme mat engem echte Schott gelies.

auto_stories

4 min

Zoë Skoulding a Jean Portante

Eigentlech si fréier déi Gleeweg bei d'Kathedral am schottesche St Andrews gepilgert. Ma haut pilgeren eemol d'Joer Schrëftsteller a Kënschtler aus allen Ecken a Länner an d'Stiedchen, net wäit vun Edinburgh. An dat well hei all Joer am Mäerz den internationale Poesie-Festival "Stanza" ass. Während e puer Deeg gläicht St Andrews - soss éischter bekannt fir de Golf, oder nach well de Prënz William hei säi Kate kenne geléiert huet - enger grousser Kënschtlerresidenz. Liesungen, Performancen, Diskussiounen, Filmer, Musek … fir Jiddwereen ass eppes derbäi.

Dëst Joer huet och e Lëtzebuerger Schrëftsteller de Wee an den Norde fonnt: De Jean Portante huet seng Lyrik net nëmmen op franséisch gelies - hien huet seng Iwwersetzerin, d'Zoë Skoulding matbruecht a seng Wierker zweesproocheg presentéiert.

Iwwert d'Grenzen

"Border Crossings" also Grenzen-Iwwerschreidunge war d'Thema vun der Liesung bei där de Jean Portante aus senge Gedichter gelies huet. E Sujet, deen net nëmme gutt beim Lëtzebuerger Schrëftsteller säi Wierk passt, mee och bei seng Biografie. Mee et ass och en Thema, dat an enger Zäit an där erëm Maueren a Stacheldréit opgebaut ginn, e wichtegt Zeeche setzt, esou den Auteur.

Dobäi misst ee bedenken datt d'Migratioun dat wier, dat aus de Mënsche Mënsche mécht. D'Sedentaritéit wier eppes Rezentes, mengt de Jean Portante. Virdru wier jiddwereen Nomad gewiescht an dat hätt de Mënsch am Blutt. "Een deen eis dat wëll futti maachen andeems hien eng Mauer ronderëm eis setzt an e Fändel an d'Mëtt planzt. Dee mécht d'Mënschheet vu bannen era futti."

E Schott. E Lëtzebuerger.

Ganz am Sënn vu Border Crossings war de Lëtzebuerger Auteur dann net eleng op der Liesung, mee hien huet zesumme mat engem echte Schott gelies. Mee echte Schott? Dat ass nach net genuch gesot, den Aonghas MacNeacail schreift esouguer op gälesch. Fir den Dichter Isle of Skye a fréiere Scottish Poet of the Year, war et "faszinant" fir zesumme mat engem Lëtzebuerger ze liesen. "Ech sinn zwar ee Schrëftsteller deen op englesch, gälesch a schottesch schreift, mee meng Identitéit ass gälesch - ech sinn e gäleschen Dichter." Et wier flott engem ze begéinen, deen och eng minoritär Sprooch schwätzt.

Aonghas MacNeacail

Och de Jean Portante huet sech am schotteschen Auteur erëm erkannt. "Hien ass och iergendwéi an enger Walfëschsprooch." Säin Englescht hätt bannendran d'Gälescht, just de schotteschen Dichter kéint sech an den zwou Sproochen ausdrécken, während de Jean Portante sech net am Italieneschen ausdrécke kéint. "Mee ech hu mech ewéi e Walfësch am Waasser fonnt."

Iwwersetzen ass net gläich Iwwersetzen

2013 huet d'Zoë Skoulding, selwer Dichterin, dem Jean Portante säi Wierk iwwersat. D'Resultat war "In Reality" - eng zweesproocheg Editioun vum Lëtzebuerger Auteur senge Gedichter. Mee dem Jean Portante säi Wierk vum Franséisch op Englesch iwwerdroen, dat ass awer vill méi, ewéi just d'Sprooch wiesselen. All Schrëftsteller hätt seng eege Sprooch, betount de Jean Portante."De Proust schreift net op franséisch, dee schreift op Proust." Keen aneren Auteur géif op där selwechter Sprooch schreiwen. Dat misst iwwersat ginn.

Den Text reesen doen, géif et schonn éischter treffen, mengt de Jean Portante. Seng Mammesprooch wier italienesch gewiescht: deemno wier säin Text scho gewandert, ewéi e geschriwwe gi wier. "Iergendwéi ass e schonn an enger Wandersprooch geschriwwe ginn."

Langue baleine

De Jean Portante nennt esou eng Wandersprooch "langue baleine". "Ganz einfach, well si esou mécht ewéi wa si eppes wier, an a Wierklechkeet, ass si eppes Aneres."
Konkret heescht dat. Alles ass italienesch, mee just dat wat ee gesäit ass franséisch. Dat z'iwwersetzen, dat wier een Challenge.

Deem huet sech d'Zoë Skoulding gestallt. Hir Iwwersetzunge sinn am Dialog mam Jean Portante entstanen. Si hätte vill diskutéiert, erënnert sech d'Iwwersetzerin a Schrëftstellerin. "Hien huet eng ganz spezifesch Manéier fir sech op franséisch auszedrécken an ech hu missen en englesch Ausdrocksweis fannen, déi dat erëm gëtt. "

D'Zoë Skoulding huet den Challenge awer erfëllt. Beim Public zu St Andrews sinn d'Iwwersetzunge vum Jean Portante senge Gedichter gutt ukomm. An deem Sënn ass d'Missioun "Border Crossings" gelongen.


Wien de Jean Portante méi no un der Heemescht wëll erliewen: Den 20. Mäerz ass de Schrëftsteller am Kader vum Printemps transfrontalier poétique zu Diddeleng.