Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Melody Nelson Mandela

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ech schreiwen - also liesen ech!

Kulturchronik

Ech schreiwen - also liesen ech!

Fir hir Wierker bekannt ze maache liese verschidde SchrëftstellerInnen aus hire Bicher vir. Firwat net iwwer Literatur am Allgemenge schwätzen, amplaz sech selwer z'inzeenéieren, freet d'Valerija Berdi.

auto_stories

3 min

Valerija Berdi

An den nächste Woche kënnt dem Laureat vum däitsche Buchpräis 2016, Bodo Kirchhoff, säi Roman "Betreff: Einladung zu einer Kreuzfahrt" eraus. An dëser Erzielung gëtt en Auteur op eng Croisière invitéiert fir mat Liesungen d'Passagéier z'ënnerhalen. An enger laanger Mail erkläert den Auteur, firwat esou eppes absurd ass.

Liesunge sinn eng vun de wéinege Geleeënheeten, déi d'Schrëftsteller hu fir hir Bicher de Lieser méi no ze bréngen a fir hir Wierker virzestellen. Dat mat der Hoffnung, datt déi puer virgedroen Extraiten Uklang bei den Nolauschterer fannen a se animéiere Bicher ze kafen. Meeschtens gëtt den Auteur presentéiert an e Moderator stellt e puer gescheit Froen zum Buch, iert de Mikro dem Publikum ugebuede gëtt. Mat e bësse Chance fënnt sech eng Stëmm, déi mol aus Interessi, mol aus Matleed eng weider Fro oder e Kommentar ofgëtt. Dono ginn d'Gäscht opgefuerdert sech um Stand e Buch ze kafen a selbstverständlech och signéieren ze loossen.

Matleed mam Auteur

E ganz evidenten Oflaf. Mee spéitstens bei dësem Appell um Schluss fillen ech mech immens onwuel, sou tëschent peinlecher Beréierung, engem liichte Schummen an dacks Matleed mam Auteur. Well dat ass jo iergendwéi d'Zil vun der ganzer Veranstaltung, a wann elo keen oder just een e Buch keeft, da war dat ganzt jo iergendwéi ëmsoss. An den Auteur steet dann iergendwéi immens blöd do.

Liesungen hunn am däitschsproochege Raum an ewell och zu Lëtzebuerg Héichkonjunktur. Et vergeet kaum eng Woch, ouni datt Auteuren an iergendengem Kontext ageluede gi fir aus hire Wierker virzeliesen.

Datt Bicher net grad en masse produzéiert ginn ass gutt. De Problem ass awer, datt d'Auteueren dowéinst ëmmer erëm aus dem selwechte Wierk virliesen. Literaturinteresséierter ginn et net all ze vill a Lëtzebuerger-Literatur-Interesséierter nach vill manner. Esou ergëtt sech, datt sech ëmmer déi selwecht Leit déi selwecht Extraiten aus de selwechte Bicher mussen unhéieren oder zu engem bestëmmten Zäitpunkt ewechbleiwen. Béid Erfahrunge sinn net flott.

Hunn Auteure näischt aneres ze bidden?

Derbäi kënnt, datt net jiddereen, dee schreiwe kann och automatesch e gudde Virlieser ass. An deemno net just d'Nolauschterer langweilt, mee sech selwer a sengem Text kee Gefale mécht. Och hei bestätegt déi berühmt Ausnam déi éischter penibel Reegel.

Natierlech hu Liesungen hir Daseinsberechtegung a sollen och duerchgezu ginn. D'Fro ass just: Gëtt et soss näischt aneres, wat d'Auteuren ze bidden hunn? Si liesen aus hire Bicher, fir do iwwer hiert Buch an iwwer sech selwer ze schwätzen. Firwat net eemol iwwer déi behandelt Thematik mat de Kollegen diskutéieren? Firwat net iwwer Literatur am Allgemenge schwätzen?

Dat muss net eng déifgrënneg Analys vum Joyce sengem "Ulysses" sinn, an et muss sech net all Auteur als erfuerene Proustianer entpoppen. Mee si missten dach e bësse méi ze bidden hunn, wéi sech just ëm den eegenen Nuebel ze dréien. Deen ass einfach net esou spannend.

Aus der Fënster vum Elfenbeintuerm

Ech si vläicht geschiedegt vum Literaturfestival étonnants voyageurs. Hei kommen net grad déi weltbekanntsten Auteuren zesummen, mee virun allem och Auteuren, déi a klengen Editiounshaiser publizéieren. Déi sech mat hire Kollegen iwwer verschidden Themen, déi natierlech hiert eegent Schreiwe beréieren, austauschen an einfach duerch dës Interaktioun an hir Reflektioune Loscht op d'Lecture maachen.

An de leschte Woche goufen et e puer Momenter, wou méi Auteuren zesumme komm sinn. Wou den Ulass vun der Veranstaltung sech kloer als e Raum vum Austausch ugebueden huet, mee do ass och erëm eng Kéier d'Chance verpasst ginn op d'Selbstinzeenéierung ze verzichten. D'Geleeënheet aus der Fënster vum Elfenbeintuerm erauszekucken an erauszefannen, datt och ausserhalb vun den eegene Buchsäiten esou muench Interessantes a Relevantes op der Welt passéiert.