An d'Foodfotografie wier si eragerutscht. Geléiert huet d'Anne Lommel d'Fotografie op der Miami Ad School zu Hamburg. Spezialiséiert ass dës Schoul op Reklammen. Dat hëlleft hir och elo am Beruff: Si huet léiert een eng kënschtleresch Zeen zesummenzesetzen, e Bühnebild an e Layout ze gestalten a Fotoen zum Beispill vun engem Filmdréi ze maachen.
Mee fir eng Zeen ze arrangéieren, d'Foto ze maachen a se um Enn ze verschaffen, geet dacks vill Zäit drop.
Virun allem op de sozialen Netzwierker, wéi Instagram, erlieft d'Foodfotografie en Opschwonk. Esou Onlinedéngschter kënnen e gudde Moyen sinn, fir op sech opmierksam ze maachen. Als Fotograf wier et scho bal Flicht, op esou Plattforme präsent ze sinn. Mee esou Plattformen ze ënnerhalen, kascht awer och vill Zäit.
Fräischaffend Fotografin ze sinn huet Vir- an Nodeeler. Et kann ee schaffen, wéini ee wëllt, et ass een net u fest Auerzäite gebonnen an et kann een déi Opträg unhuelen, déi engem zousoen. Mee wann een als Freelance net schafft oder an d'Vakanz geet, verdéngt een och keng Suen. Fir si wier et enorm wichteg, Disziplin ze hunn, erzielt déi 28 Joer jonk Fra.
Hei kann een all d'Reportagë lauschteren:
Weider Informatioune fënnt een op der Fotografin hirer Internetsäit: annelommelphotography.com