Radioen

On air

Notturno  |  Stephen Steinbrink - Cruiser

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech wousst wat mech erwaart"

Luxfilmfest

"Ech wousst wat mech erwaart"

"Overt the Limit" ass ee Portrait iwwert déi russesch rhythmesch Turnerin Margarita Mamun op hirem Wee zur Goldmedaile bei den olympesche Spiller 2016. Den Documentaire weist deen haarden Alldag vun der 20 Joer jonker Athletin a wéi si vun hirem Coach, Irina Viner, brutal motivéiert gëtt. Déi polnesch Realisatrice Marta Prus wousst wat Si géing erwaarden. Trotzdeem huet Si missten eng kuerz Paus während dem Tournage maache fir sech ze sammelen. "Over the Limit" leeft um Luxfilmfest an der Kompetitioun vun den Documentairen.

auto_stories

4 min

Marta Prus

Et gi vill verschidde Sportaarten a Russland. Wisou huet dir iech als polnesch Realisatrice grad fir d'rhythmescht Turnen interesséiert, a besonnesch fir d'Margarita Mamun?

Ech hu selwer rhythmescht Turne gemaach wou ech jonk war. Ech si vu klengem un un dem Sport interesséiert. An ech hu Russland gewielt, well dat déi Bescht sinn. Viru fënnef Joer hunn ech d'Rita gesinn an ech wousst direkt datt si soll d'Haaptprotagonistin vu mengem Film ginn. Si huet sensibel gewierkt an ech wollt ee mënschleche Film maachen. Ech gesinn déi emotional Säit vun enger Persoun immens séier. Ech wiele meng Charakteren ëmmer nodeems ech si fir déi aller éischte Kéier gesinn hunn. Ech hunn nach ni e Feeler a menger Intuitioun gemaach.

Et war bestëmmt schwéier den Accès zum Rita Mamun ze kréien? Zemools wann een de Charakter vum Rita hirer Haaptcoach, dem Irina Viner, gesäit.

Et war e grousse Challenge. Ech hunn iwwer 2,5 Joer gebraucht fir d'Permissioun vum Irina Viner ze kréien. Ech si ronderëm déi ganz Welt gereest fir hier ze weise wéi motivéiert ech si fir dëse film ze maachen. Ech hu si immens dacks gefrot fir mir den Accès zum Trainingslager ze ginn. An op eemol huet d'Irina e meng Ae gekuckt a mir gesot ech hätt kosmesch Aen. Dat war e Kompliment. Ech menge Si hat villäicht och eng Intuitioun. Villäicht huet Si schlussendlech just meng gutt Intentioune gespuert.

Verschidden Zeene sinn immens brutal. Zum Beispill wann d'Rita Mamun permanent erof gemaach gëtt a vernannt gëtt. Wéi huet Dir dat als Realisatrice erlieft?

Déi Zeen wou d'Irina dem Rita seet se soll un hire Papp denken deen um stierwe leit...Dat war fir mech immens emouvant, an dunn hunn ech eng Zäit opgehale mat schaffe fir mech selwer erëm ze fannen. Mee am Generelle wousst ech genee wat mech erwaart. Ech war also net speziell schockéiert oder verwonnert.

Den Documentaire wäisst d'Schéinheet vun dem Sport. Et ass bal wéi wann ee Ballet kuckt oder eng Oper. Wollt dir dës poetesch Vue vum rhythmeschen Turne weisen?

Jo, dat freet mech bal ni een. Mee dass awer wichteg. Ech fannen et gëtt eng grouss Konscht an dem Sport. Ech wollt de Spectateur op dës Schéinheet opmierksam maachen.

De Film ass och ganz am Rhythmus vum Sport. Virun allem d'Musek während dem Training spillt do eng grouss Roll.

Während dem Montage si mir eis bewosst ginn datt mir déi Musek net aus dem Film eraus kréien. Se war op der Kamera. Also hu mir ugefaangen d'Musek ze notzen, fir de film dorobber opzebauen.

Dir huet de Choix gemaach keng direkt Interviewen ze maachen. Wisou?

Dat ass de Wee wei ech d'Realisatioun vun engem Documentaire gesinn. Wann ech en Dokumentarfilm maachen da well ech eppes kreéieren dat no un engem Fiktiounsfilm ass. Also wou just d'Aktioun an d'Geschicht zielt, mä ouni Interviewen an ouni eng ze grouss Präsenz vum Realisateur. Meng Method ass fir d'Welt ze observéieren, fir d'Realitéit ze observéieren an dann dat richtegt Material erauszesiche fir eng Geschicht ze schafen. Hannert der Kamera schwätzen ech natierlech mat menge Protagonisten.

Wéi war dann d'Relatioun mam Rita wann d'Kamera aus war?

Mir haten am Ufank keng immens gutt Relatioun. Elo si mir eis méi no, well Si huet elo kee Stress méi. Mee während dem Dréi war Si ënnert esou enger grousser Pressioun. Si huet all Woch missten eng Medaile gewannen. De Film war also nach eng Pressioun dobäi...an d'Kamera huet Si dunn ëmmer méi genervt. Dat hat och en Afloss op eis Relatioun.

Wéi e Sënn mécht et säi Liewen opzegi fir eng Medail?

Dat ass eng Fro déi ech dem Spectateur stellen. Ech well déi Fro net selwer beäntweren.

Marta Prusplay_arrow