Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  RF Shannon - Dublin, Texas

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Edouard Louis - Qui a tué mon père

Buch-Tipp fir de Summer

Edouard Louis - Qui a tué mon père

D'Relatioun tëschent dem erwuessene Kand an dem Papp, eng Thematik, déi net just an der Psychologie, mee och an der Literatur eng wichteg Plaz huet. Den Edouard Louis gräift d'Geschicht vu sengem Papp op fir ze weisen, wat d'Politik engem Mënsch undoe kann.

auto_stories

3 min

Ee vun de bekanntste verëffentlechte Bréiwer un de Papp huet wuel de Franz Kafka geschriwwen. Am "Brief an den Vater" weist hien den Ënnerscheed tëschent sech selwer a sengem Papp. Den Ulass war, datt de Papp dem Franz säi geplangt Bestietnis net gutt geheescht huet.

Den Edouard Louis a säin eegene Papp trennen och Welten. De Papp kënnt aus a bleift an engem defavoriséierte Milieu. Dem Edouard Louis geléngt awer den Ausbroch aus dem Misär an eng Plaz als unerkannten Intellektuellen a Frankräich an iwwer d'Grenzen eraus.

Sech mat der Vergaangenheet beschäftegen

"Qui a tué mon père" - ouni Fragezeichen - ass den Titel vun dësem Band, an deem sech den Edouard Louis nach emol mat sengem Passé ausenanersetzt. Eng Vergaangenheet an der Picardie, déi vu Gewalt, Aarmut an Diskriminéierung gepräägt ass. Ganz fragmentaresch erzielt de Louis eenzel Episoden aus senger Kandheet, Kapitelen, déi d'Relatioun zu sengem Papp demonstréieren.

Et ass keng Uklo, keng Ofrechnung, mee en analytesche Bericht iwwer d'Souvenire vun engem blesséierte Kand.

"Ta vie prouve que nous ne sommes pas ce que nous faisons, mais qu'au contraire nous sommes ce que ous n'avons pas fait, parce que le monde, ou la société, nous en a empêché. Parce que ce que Didier Eribon appelle des verdicts se sont abattus sur nous, gay, trans, femme, noir, pauvre, et qu'ils nous ont rendu certaines vies, certaines experiences, certains rêves, inaccessibles."

Ganz am Stil vun engem Didier Eribon gräift den Edouard Louis op Philosophen a Schrëftsteller zeréck fir Erklärungen ze fannen. Et ass ee soziologescht awer nach vill méi e politescht Wierk. Dem Louis säi Papp ass mat knapp 50 Joer no engem graven Aarbechtsaccident e behënnerte Mënsch, dee vum System forcéiert gëtt, sech kierperlech nach méi drop ze maache fir an eng nach méi grouss Aarmut ze stierzen.

E Stempel, géint deen ee sech net wiere kann

"Qui a tué mon père" ass keng Fro, well d'Äntwerte gi sinn a genee dës Äntwerten zielt den Edouard Louis am zweeten Deel vu sengem Buch op. Politesch Decisiounen hätte virun allem en Impakt op déi Benodeelegt an eiser Gesellschaft, an dësen Afloss ass seele positiv. Duerch d'Decisiounen awer och Aussoe vun engem Chirac, Sarkozy bis Emmanuel Macron géif déi schonn defavoriséiert Klass nach méi an den Abseits gestouss ginn, si kritt e Stempel opgedréckt, géint dee si sech net wiere kann.

"Hollande, Valls, El Khomri, Hirsch, Sarkozy, Macron, Bertrand, Chirac. L'histoire de ta souffrance porte des noms. L'histoire de ta vie est l'histoire de ces personnes qui se sont succédées pour le détruire."

Och wann dëst Band ganz kloer e Wierk iwwer dem Edouard Louis säi Papp ass, sou schwätzt den Auteur fir déi ganz westeuropäesch Gesellschaft. A säi Fin-mot ass: "L'histoire de ton corps accuse l'histoire politique."