Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Haaptpräis fir de Max Pinckers

Edward Steichen Award 2015

Haaptpräis fir de Max Pinckers

De belschen Artist Max Pinckers ass de Laureat vum sechsten "Edward Steichen Award". De lëtzebuerger Kënschtler Jeff Weber gouf mam "Edward Steichen Luxembourg Resident in New York Award" geéiert. Déi zwee Artiste kréien elo d’Méiglechkeet vun enger Residenz zu New York am “International Studio and Curatorial Programm”. D'Philosophie vum Edward Steichen Award ass, fir jonk Artiste vu Lëtzebuerg oder aus der Groussregioun op New York ze schécken. D'Grousstad soll d'Kënschtler zu weideren Aarbechten inspriéieren.

auto_stories

3 min

De Jeff Weber, d'Grande-Duchesse Maria Teresa, de Max Pinckers, d'Kulturministesch Maggy Nagel an den Hubert Würth, President vun der "Edward Steichen Award Luxembourg Association" (©CNA/Rom

A Präsenz vun der Grande-Duchesse Maria-Theresa, der Kulturministesch Maggy Nagel, der franséischer Artistin Sylvie Blocher a vu vill Prominenz aus der lëtzebuerger Kulturlandschaft goufen d’Laureate geéiert. D'"Edward Steichen Award Luxembourg Association" vergëtt an Erënnerung un de grousse Fotograf a Curateur all zwee Joer hire Präis, mat deem eng Residenz vu sechs (respektiv vu véier Méint) zu New York verbonnen ass. D’Selektioun vun de Laureate funktionéiert esou: Muséeën a Kulturinstituter aus der Groussregioun gi gefrot, fir jonk Kënschtler ze proposéieren. Am Jury sinn Experten aus den USA, aus der Groussregioun an aus Lëtzebuerg vertrueden. D'Artisten si fräi hir Residenz esou ze notzen, wéi se dat wëllen.

Geschichten erzielen, vu Mumbai bis Bréissel

De belschen Artist Max Pinckers, Gewënner vum Haaptpräis, realiséiert Fotoreportagen iwwer Sujete wéi Transsexualitéit an Thailand oder d’Begeeschterung fir Bollywood-Filmer zu Mumbai. Sujeten a Plazen, déi op den éischte Bléck exotesch schéngen, wou den Artist awer seng ganz Kandheet a Jugend verbruecht huet. Plazen, déi fir de Max Pinckers méi familiär wéi Bréissel sinn, wou hie mat 18 Joer säi Studium ugefaang huet.

Bei sengen Aarbechten ass et dem Max Pinckers awer net nëmmen ëm d'Dokumentéiere gaangen. Fir hien ass och d’Mise en scène wichteg. Hie hannerfreet mat wéi enger Intentioun Biller gemaach an diffuséiert ginn, a wat fir eng Geschicht erzielt gëtt. De Max Pinckers, deen elo sechs Méint zu New York a Residenz ka schaffen, gouf och viru Kuerzem nominéiert fir an déi renomméiert Fotoagence “Magnum” opgeholl ze ginn.

Véier Méint New York fir de Lëtzebuerger Jeff Weber

De Jeff Weber huet fir seng Residenz vu véier Méint zu New York nach kee konkrete Projet. Hien war ee vun de 14 Artisten, déi 2012 am Kader vum Projet “Making of...” hir Aktivitéite fir dräi Méint an de Casino-Forum d’Art Contemporain verluecht hunn. D’Resultat vu senger Aarbecht hat den Titel “Private View”. Dorausser ass e Prototyp fir d'Kunsthalle Leipzig entstanen, déi hien 2013 an d’Liewe geruff huet. Un deem Projet gefält him, dass mat anere Kënschtler kann zesummeschaffen, deenen hir Aarbechten him relevant schéngen.