Radioen

On air

Kultur um 5  |  Vu Solstice zu Solstice mam Schwäizer Alain Roche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net ganz zeideg

"Live By Night"

Net ganz zeideg

De Ben Affleck, amerikanesche Schauspiller a Cineast, spillt d’Haaptroll an engem Gangsterfilm, deen hien och selwer inzenéiert huet. "Live By Night" deem seng Intrig sech zu groussen Deeler während der Prohibitiounszäit zoudréit, baséiert op enger Onmass gudde Viraussetzungen. Trotzdem ergëtt herno d’Resultat net d’Zomm vun all dësen Atouten.

auto_stories

3 min

Réischt rezent gouf dem Ben Affleck säi politesche Thriller "Argo" direkt mat e puer Oscaren ausgezeechent. Deemno dierft de Ben Affleck wéineg Krämpes gehat hunn, d’Mëttelen zesummen ze kréie fir e Prestige-Projet: D’Schicksal vun engem Gangster, iwwer grosso modo zwou Dekade verzielt. Ausgangspunkt war ee Roman vum erfollegräichen Auteur Dennis Lehane, vun deem den Affleck selwer virun e puer Joeren "Gone, Baby, Gone" adaptéiert hat.

Den neie Film, "Live By Night", handelt vun engem Mann vu Boston deen, no sengen traumateschen Erliefnesser un der Front am Éischte Weltkrich, decidéiert säi Liewen duerch Iwwerfäll ze finanzéieren. Hie leet sech dobäi mat engem lokale Gangster-Boss un, a gëtt ëm een Hoer de Läffel of. Spéider geet hien, am Optrag vun engem anere Mafioso, a Florida, a baut do een Handel mat illegalem Rum op.

Vun den Niewerollen an de Schied gestallt

De Ben Affleck inzenéiert de Film net just. Hien huet och selwer d’Adaptatioun geschriwwen an de Film mat produzéiert. An hie spillt selwer d'Haaptroll - a gëtt sech doduerch eng grouss Bléis. Ëmgi vun enger Ribambelle vu groussaartegen Actricen an Acteuren an den Niewerollen, léisst e sech nämlech méi oder wéineger vun hinnen alleguer géint d’Mauer spillen.

Ugefaang beim fantastesche Brendan Gleeson, deen de Papp vum Haaptpersonnage duerstellt. Ee Polizist mat héije moralesche Prinzipien, déi e bereet ass ze affere fir sengem Näischnotz vu Fiston aus der Patsch ze hëllefen. Et ass en zerrassene Personnage. D’Enttäuschung ass grouss, wann een no enger knapper hallwer Stonn informéiert gëtt, datt de Brendan Gleeson fir de Rescht vum Film net méi wäert opdauchen.

Och d’Sienna Miller assuréiert, wéi ëmmer: Hei als dem Gangster seng schnuckeleg, wann och net ganz koscher Maîtresse. Och si muss, ongeféier ëm déi selwecht Zäit, méi oder wéineger d’Feld raumen. De Chris Messina, als italo-amerikanesche Sidekick vum Protagonist, klaut him d’Show. D’Elle Fanning daucht dann méi spéit am Film op, fir dem Gangster eng Zäitlaang als geläutert an illuminéiert Sünderin an d’Handwierk ze fuschen. An de Chris Cooper, als pragmatesche Polizist, mécht um Enn vum Film eng e bëssen iwwerraschend Evolutioun mat.

All dës Personnagen hunn Traiten, déi se einfach méi interessant wéi den Haaptpersonnage maachen. Deem säi verhältnisméisseg oncharismatescht Optrieden gëtt awer mat enger Onmass "gros planen", an enger nerveger a gréisstendeels komplett iwwerflësseger Voix-Off en Valeur gesat gëtt. Villäicht war de Ben Affleck als Schauspiller einfach ze vill bescheiden, fir säi Personnage déck opdréinen ze loossen.

Onfräiwëlleg witzeg Klischeeën

"Live by Night" ass als grouss Saga geduecht, als Fresk, déi och de Portrait vun enger ganzer Epoch soll um Ecran fixéieren. Wat mat opwennegen Dekoren an deene ville Niewepersonnagen och dacks geléngt. Mä heiansdo trëllt een iwwert Detailer, déi onfräiwëlleg komesch sinn. Sou mécht de Ku Klux Klan ënnert der Form vun dräi "Kapuzenträger" an engem Kräiz dat brennt eng wonnervoll klischeehaft Apparitioun.

D’Kubaner sinn déi ganzen Zäit domat beschäftegt, Zigaren ze dréien, Rum ze schluppen oder Musek ze maachen. A Gangsteren erkennt een dorunner datt se, och am déck waarme Florida, ëmmer mam laange Wantermantel duerch d’Géigend lafen.

De Film ass, ënnert dem Stréch, een ambitiéise Projet mat jett gudden Ingredienten, mä alles zesumme geholl eppes net ganz Zeideges.

An den Duerchschnëtts-Lëtzebuerger wäert bei der Projektioun batter Tréine kräischen, datt de Vakanzesalon schonn eriwwer ass. Sou touristesch wéi dem Affleck seng Kamera duerch dat ländlecht Florida jauft, wou d’Krokodillen idyllesch am Waasser piddelen, kéint "Live By Night" als Promo-Film vum lokale Syndicat d’Initiative gesponsert sinn.