Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Benny Sings - Big Brown Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee ganze System ass aus der Bunn geroden

Offiziell Kompetitioun

Ee ganze System ass aus der Bunn geroden

Mat enger Mëschung aus Thriller a Satir denoncéiert de spuenesche Realisateur Rodrigo Sorogoyen an "The Realm" (El Reino) d'Korruptioun an der spuenescher Politik - a fuerdert zum Nodenken op.

auto_stories

3 min

Dem spuenesche Regional-Politiker Manuel López-Vidal säi klenge Korruptiouns-Reseau ass opgeflunn. Fir seng Partei, déi offiziell ëm Transparenz beméit ass, steet villes um Spill: mat alle Mëttele muss versicht ginn, datt een nach méi grousse System u Schmiergelder un d'Dagesliicht geréit. De López-Vidal wëllt d'Situatioun ausnotzen, fir sech esou gutt et geet aus der Affaire ze zéien ...

Feudal Opfaassung vu Politik

Ënner dem viregte spuenesche Premier Mariano Rajoy war ee grousse Korruptiounsskandal ëm säin eegene Partido Popular ausgebrach. Jorelaang ware konservativ Politiker op allen Niveaue vun all méigleche Geschäftsleit geschmiert ginn. Virun deem Hannergrond huet de Realisateur Rodrigo Sorogoyen "The Realm" (El Reino) gedréit, eng allgemeng Uklo vum politesche System a Spuenien, deen d'Politik nëmmen nach als ee Geschäft ugesäit. Et ass eng feudal Opfaassung vu Politik als ee "Räich", dat vun engem Potentat geleet gëtt, a wou bedéngungslos Loyalitéit belount a Verrot bestrooft ginn.

De Personnage vum Lokalpolitiker López-Vidal (gespillt vum Antonio de la Torre) guidéiert de Spectateur duerch dëse System. Mat politeschen Inhalter beschäftegt hie sech praktesch ni. Seng Aktivitéit schéngt eenzeg an eleng doranner ze bestoen, Kontakter ze fleegen, fir datt säi Bedruch bei EU-Agrarsubventiounen gutt iwwer d'Bühn leeft. De Plan séquence am Ufank vum Film verdäitlecht seng Roll: d'Kamera begleet hie vun enger Plage hanner engem Restaurant duerch d'Hannerdier an d'Kichen, wou hien e Plateau Scampie mathëlt an deen an d'Salle à manger bei seng Komplizen dréit, wou d'Beute ka verdeelt ginn.

Looss dech net erwëschen ...

Nodeems seng Combine an der Ëffentlechkeet opgeflunn ass, gëtt hien intern vun enger Responsabeler vun der Partei zur Ried gestallt: "Firwat méchs du iwwerhaapt Politik, wat gedenks du an dengem Liewen ze erreechen?". Seng Äntwert: fir seng Fra a säi Meedche suergen. Politik als Mëttel zur perséinlecher Beräicherung, also. Ëmmerhi wier ee jo "Geschäftsleit", gëtt een anere Personnage am Film ganz selbstverständlech vu sech, d'Wuert "Gangster" fält och déi eng oder aner Kéier.

Mee déi Uklo vun der Partei stellt sech als pur Hypokrisie eraus: dem López-Vidal säi wierklecht Verbrieche war et, sech erwëschen ze loossen an domat der Partei an der Ëffentlechkeet an ee schlecht Liicht ze stellen. De Politiker ass elo op sech selwer gestallt ...

Verkierperung vun engem ganze System

Den hektesche Montage an déi grad esou séier Kameraféierung bréngen dem Haaptpersonnage seng Onrou zum Ausdrock. De Thriller léisst dem Spectateur nëmme wéineg Otempausen. Besonnesch déi éischt hallef Stonn ass relativ ustrengend, gewollt konfus, well ee mat Informatioune bombardéiert gëtt, déi eréischt no an no Sënn erginn.

Méi iwwersiichtlech gëtt et dann, wann d'Handlung sech bis op dem Politiker säi perséinlechen Iwwerliewenskampf - am iwwerdroene Sënn an och wuertwiertlech - konzentréiert. De Mann, dee gewinnt war, ze organiséieren, schéngt ëmmer méi d'Kontroll vun der Situatioun an och iwwer sech selwer ze verléieren. De Personnage representéiert ee ganze System, deen aus der Bunn geroden ass.

"The Realm" ass een, am grousse Ganzen, spannende Film, eng Kombinatioun vu Thriller a politescher Satir, deen de Problem vun der Korruptioun net op Individue wëllt reduzéieren an de Spectateur opfuerdert, sech Gedanken iwwer den Zoustand vun der spuenescher Demokratie ze maachen.


"The Realm" leeft nach eng Kéier de Mëttwoch, 13. Mäerz, um 18.30 am Utopia, am Kader vum Luxfilmfest.