Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee-Mann-Theater zu Porto

Literatur

Ee-Mann-Theater zu Porto

Op Invitatioun vum Goethe Institut ass de Guy Helminger owes emol an enger Wunngemeinschaft vu jonke Leit, den Dag drop dann op enger Soirée an engem Haus mam Numm "Mindshake" – Nomen est Omen. D’Nathalie Bender mat Andréck vun der Plaz.

auto_stories

3 min

De Guy Helminger huet de Leit d'Poesie méi no bruecht

Porto, Ufank September 2016. D’Stad um Floss Douro ass d’Kuliss vu verschiddenen Optrëtter vum Ee-Mann-Theater Helminger. "De Projet bedeit fir mech, datt ech ka reesen an nei Mënsche kenneléieren. Dat fannen ech super", sou den Haaptintresséierten.

Seng Visite zu Porto goung lass mat engem Besuch bei jonke Leit an enger WG. Si hate sech mat vill Léift op de Lëtzebuerger Schrëftsteller virbereet. D'Elisabeth Völpel vum Goethe-Institut zu Porto seet, et wieren ëm déi 20 Leit do gewiescht. "D'Wunneng war kleng, dofir war alles dobaussen op der Terrasse, déi mat op der Hand gemoolte Plakater dekoréiert war." Plakater mat der Iwwersetzung vu klenge portugisesche Gedichter. "Si hu sech e bëssen theatralesch virgestallt. Dat passt bei dem Guy Helminger seng Gedichter."

"An der Poesie kann een d'Intentioun vum Auteur nëmmen erroden"

Iwwert dee Projet kéint een och Persounen erreechen, déi net nëmmen eppes mat Literatur ze dinn hunn, erkläert d'Elisabeth Vöpel. Egal ob iwwert e Goethe-Institut, e literaresche Club oder eng Bibliothéik. Dat ass dem Guy Helminger gelongen. De Lëtzebuerger Schrëftsteller hat dräi vu senge Gedichter virgedroen, déi direkt iwwersat goufen. "Dat passt ganz gutt bei de Mind-Shaking". Nieft de Gedichter gouf et dann och eng kleng Lektioun iwwert de literaresche Genre vun der Poesie, der "Stéifgattung".

"Wann de Proff Iech an der Schoul freet: 'wat wollt den Dichter domat soen?' Da kënnt Dir äntwerten: 'Hätt hien dach nëmme wëllen eppes soen, dann hätt hien e Leitartikel fir d'Zeitung geschriwwen a kee Gedicht". An der Poesie kéint een d'Intentioun vum Auteur nëmmen erroden.

Errode konnten d'Leit dann och, wat de Guy Helminger mat "Fahrt (American memories)" wollt soen. Dat ass eent vun de Gedichter, déi hie virgedroen huet:

das Licht tunkte Sonette in die

morgendlichen Pools kurzer

Chlordip während Vögel in meinen

Knochen flatterten und das Gaspedal

unten blieb die Stadt liegen wie ein

aufgeschnittenes Fohlen yes

Snowman yes es gab Lieder bevor

es das Radio gab sang jemand die

Klänge hochgeschobener Gitter

Mehlgesichter braunes Mehl das von

den Dächern rieselte und die

Spiegelungen rahmte: Mißwahl aufm

Trottoir hier ist der Tod tättowiert

und geht zur Kirche dachte ich das

Licht in Lumpen Flaschenhalter um

die Hüfte überrollte ich daß es klirrte

bis in den nächsten Hotelflur wo

bereits wieder die Nacht stand

"De Guy Helminger ass e Mënsch, deem et Spaass mécht, an d'Waasser ze sprangen", sot d'Katja Tschimmel vum Mindshake-Haus. Hir hätt den Owend mam Lëtzebuerger immens gutt gefall. "Et weess een net, wat do fir e Schrëftsteller kënnt. Wéi ass hien?" Si hätt sech am Virfeld informéiert. "Mee e Gedicht vun him ze liesen ass eppes ganz aneres wéi et vun him virgedroen ze kréien."