Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Roman, dee beréiert

Gérard de Cortanze - Zazous

Ee Roman, dee beréiert

Et gouf vill Manéieren den Nazien d'Stier ze bidden. Eng dovu war déi vun den "Zazous", matten am besate Paräis. De Gérard de Cortanze portraitéiert a sengem Roman "Zazous" eng Subkultur, déi mat hiren eegene Waffe géint de Faschismus gekämpft huet: mat Liewensfreed an Jazz, méi präzis, dem Swing.

auto_stories

4 min

Paräis am Juli 1940, d'Hakekräiz flattert iwwer den Arc de Triomph. Paräis huet no engem Mount Onrou säin Alldag erëm. D'Butteker, Theateren, Kinoen hunn hir Dieren erëm opgemaach, just ebe mat neier Programmatioun. Et ginn elo Kollaborateuren a Resistenzler - an et ginn Zazous:

"Jusqu'ici sur terre, un homme pouvait être
Blanc ou noir, ou rouge, ou jaune et puis c'est tout
Mais une autre race, est en train d'apparaître :
C'est les zazous, c'est les zazous !
Un faux col qui monte jusqu'aux amygdales,
Avec un veston qui descend jusqu'aux g'noux
Les cheveux coupés jusqu'à l'épine dorsale :
Voilà l'zazou, voilà l'zazou !"

(Andrex " Y'a des Zazous " )

Zazous - Enger Band vu Jugendlechen, déi et och reell am besate Paräis gouf, huet de Gérard de Cortanze a sengem Roman Gesiichter ginn. D'Catherine, genannt Josette, eng jonk räich Paräisserin, d'Sarah, e jüddescht Meedchen, den Charly, e Schwaarzamerikaner an hir Frënn, Studentinnen a Studenten, Verkeeferinnen, Coiffeusen, Infirmieren. Si all verbënnt eent: hir Léift fir den Jazz an hire Refus, sech de Gesetzer vun de Besatzer ze fügen.

Si treffe sech am Café Eva, hunn hire Kleedungsstil, deen alles anescht wéi dem Goût vun den Nazien entsprécht, knéilaang Paltonge mat Epauletten, weit Boxen. Et ass d'Swinger-Moud, déi an den 30er Joren an den USA entstanen ass an déi zum Markenzeeche vun de Zazous ginn ass. "Dans cette France qui a peur, les zazous continuent de tenter de vivre, comme ils peuvent."

D'Sarah refuséiert hire Radio ofzeginn, De Pierre, de Jean an d'Josette schwätze vun der Schoulrentrée, wéi wann et kee Krich géif ginn, an obwuel et un allem feelt, gëtt den Ersatz héich gelueft. Dertëschent Django Reinhardt, Johnny Hess, Andrex, Maurice Chevalier, Charles Trenet.

52 Museksstécker ginn an dësem Buch zitéiert, mol als Titel, mol Extraiten aus Texter.

Et ass de Swing, deen hiert Leitmotiv ass, well de Swing, wéi an enger Ried gesot gëtt: "le swing fait danser les gens au lieu de les faire marcher au pas! Le swing les fait exulter au lieu de les mettre au garde-à-vous. Le swing symbolise la liberté. Niggerswing, Swingbazillus, Judenswing!" De Goebbels hätt Ursaach de Swing ze fäerten.

Eng Waff géint de Rassismus

De Swing ass och eng Waff géint Rassismus, géint all ideologesch Indoktrinatioun, an et sinn net just d'Nationalsozialisten, déi e Problem mat de Zazous hunn, och d'Resistenz huet eng kritesch Approche géigeniwwer dësem Liewensstil.

Och wa si net zu de Waffe gräifen, sinn d'Zazou op hir Manéier géint d'Nazien engagéiert, an dat, andeem si sech ebe kenger Tutelle beugen, no hirer Iwwerzeegung, déi ebe fräi vun all Viruerteeler ass oppe liewen an doduerch natierlech och permanent a Liewensgefor sinn

E Roman, dee beréiert

Datt esou e Liewen matten am Krich net einfach ass, weist dem Cortanze säi Roman natierlech och. Déi willkürlech Brutalitéit vun den Besatzungsmuecht berout op Fakten. "Zazous" ass e Mix aus Documentaire, Fiktioun a Musek.

Et ass e Roman, deen immens beréiert, d'Geschichten un den Eenzelen an d'Engagement vun de Frënn sinn de roude Fuedem duerch déi gutt 600 Säiten. D'Sarah, dat iergendwann eng Kéier net laanscht Deportatioun kënnt, den Charly, deen all Form u Rassismus erlieft. Dann ass awer och do d'Josette, dat sech an en Däitschen Zaldot verléift, deen grad wéi si, e groussen Amateur vum Jazz, Swing an der Fräiheet ass.

De Johnny Hess séngt:

"La musique nègre et le jazz-hot
Sont déjà de vieilles machines
Maintenant pour être dans la note
Il faut du swing

Le swing n'est pas une mélodie
Le swing n'est pas une maladie
Mais aussitôt qu'il vous a plu
Il vous prend et n'vous lâche plus

Ohohohoho
Je suis swing, je suis swing
Zazou zazou zazouzazoudé yeah !"

a gëtt wahrscheinlech dëser Subkultur och den Numm.

E konkreten Abléck an eng Subkultur

Perséinlech Geschichten an d'Gruppendynamik, begleet vun 52 Museksstécker - eng aussergewéinlech Lecture, mat Momenter wuel iwwerlueden, mee dëse musikalesche Roman erlaabt e konkreten Abléck an eng Subkultur, déi trotz all den faschistesche Beméiunge se ze vernichten, iwwerlieft huet.

Passend zum Buch gëtt et och den Album mat allen Titelen, déi am Roman en Thema sinn:

Zazous - L'expression d'un monde libre. (BANDE SONORE du LIVRE de Gérard CORTANZE
EPM 2 CD / 50 TITRES)