Wierker vum Paul Kirps gehéieren net nëmmen zu der Kollektioun vum Mudam. De Museum für Gestaltung vun Zürech an esouguer de MoMA zu New York hunn Aarbechte vum Lëtzebuerger Kënschtler. Déi mannste Lëtzebuerger hunn dat matkritt.
Faarf op de Beton
Mëttlerweil huet hien e Faibel fir monumental Wandmolereien an ëffentleche Gebaier entwéckelt. D'Wierk EE2 an der neier Europaschoul huet eng Surface vun iwwer 1.000 m2 a kommunizéiert mat där soberer Architektur vum Michel Petit.
D'Architekten hätte ganz gär wäiss a gro. Am Kontext vun enger Schoul géif sech d'Fro opdrängen: "Feelt do net e bësse Faarf?" Mëttlerweil kéinte sech vill Leit de Couloir ouni seng Interventioun net méi virstellen, sou de Paul Kirps. Hien hätt bewosst architektonesch Elementer integréiert. Sou wéi d'Fënsteren, d'Dieren oder de Raster vun de Betons-Placken. "Ech benotzen déi Längten, déi Mossen, an interpretéiere se dann a mengen Aarbechten."
Musées-Wierker an der Schoul
D'Schoul konnt natierlech net e puer Méint zoumaachen, fir dem Paul Kirps a senger Équipe d'Aarbecht ze vereinfachen. EE2 ass am Administratiouns- a Kanitinesgebai entstanen. Hei kënne bis zu 1.500 Schüler an der Stonn zirkuléieren. Déi Jonk hunn de Kënschtler also an Aktioun erlieft. Dovunner versprécht de Paul Kirps sech, datt EE2 en Impakt behält.
Hien hätt och Kritike matkritt. Ënner anerem vun vun Enseignanten, déi zum Beispill gefrot hätten, firwat d'Schüler näischt hätte kéinte maachen. D'Aarbecht wär vun der Qualitéit hier net anescht wéi Wierker, déi fir Muséeën a Galerie geduecht wären. D'Schüler géife sech de Lieu awer nees reappropriéieren, an et wär ganz normal, datt d'Wierk plazeweis géif knaschteg ginn.
De Kënschtler huet och d'Gewunnechte vun den Notzer vum Gebai consideréiert. Verschidde Schüler oder Enseignante géifen sech ëmmer op deene selwechte Weeër zwëschent deene verschiddene Säll beweegen.
Geometresch an organesch Motiver wiessele sech bei EE2 of. Dertëschent fënnt een awer och figurativ Elementer. Wéi zum Beispill d'Banneliewe vun engem Kierper. De Paul Kirps huet sech zum Deel u Léiermaterialien aus senger Schoulzäit inspiréiert.
Den Artist an den Optrag
De geléierte Grafiker Paul Kirps huet sech no Studien zu Lausanne, an Etappen zu Wien, Paräis an Amsterdam, viru 15 Joer fir e Liewen als fräischaffende Kënschtler decidéiert. Hien huet Videoe produzéiert, Skulpturen an digital Printen. Dacks zum Thema obsolète Technik aus den 80er als Nature Morte.
"Konscht um Bau" ass eng Initiative, déi Kënschtler vu Lëtzebuerg dem breede Public méi bekannt maache soll. All ëffentleche Bauhär muss ee Prozent vu sengem Budget a Konscht investéieren. Bei der neier Europaschoul tëscht Bartréng a Mamer huet eng Concours-Kommissioun sech fir Wierker vum Duo Martine Feipel a Jean Bechameil a vum Paul Kirps décidéiert.
De Site vum Paul Kirps: http://paulkirps.com/