Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Say Yes Dog - On And On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iris Apfel: Eemoleg, faarweg, aussergewéinlech

Moud

Iris Apfel: Eemoleg, faarweg, aussergewéinlech

Si huet sech vum Diktat vun der Moud befreit, fir selwer zu enger Ikon vun der Moud ze ginn. D'Iris Apfel huet mat iwwer 80 Joer eng Karriär als Designerin gestart a gëtt vu New York bis Paräis gefeiert. Dobäi war si net direkt dofir predestinéiert.

auto_stories

3 min

De ronne Brëll ass der Iris Apfel hirt Markenzeechen. Foto: Dogwoof

"Ech wëll den anere Leit hire Stil net beuerteelen. Dee geet mech guer näischt un. Et ass op alle Fall besser glécklech, wéi stylesch ze sinn"

Dat ass een Zitat vun der Iris Apfel. Si schéngt glécklech ze sinn. A stylesch ass si ganz sécher. 1921 zu New York gebuer, gëllt si haut mat hire kuerze wäissen Hoer, hirem knallroudem Lëppestëft an hirem iwwerdimensionale ronnen Brëll als Fashion-Ikon.

Moud ass fir si d'Fest vun der Individualitéit. Si géing ni en Tailleur vu Chanel undoen, well si et schrecklech fënnt, auszegesi wéi honnert anerer. Mat hirem aussergewéinleche Stil ass si gewëss eenzegaarteg.

En Eyecatcher

D'Iris Apfel huet ëmmer e puer Kilo Bijouen op sech hänken a kombinéiert wäertvoll Pärelskette mat Ethno-Bijouen an Een-Dollar-Bracelete vum Maart. Dobäi komme Foularden, Schong, Rimmer a Poschen aus der ganzer Welt. Haaptsaach eemoleg, faarweg an opfälleg. D'Iris Apfel spillt mat de Kontraster. Haute couture mécht si mat Kleeder vum Floumaart, Räck aus den 1920er Jore kombinéiert si mat enger Glitzer-Liederjackett an eng Seideblouse aus China mat handgemaachte Bijouen aus Mexiko. An: si war déi éischt Fra déi eng Jeans Box ugedoen huet.

Dobäi ass d'Iris Apfel keng Moudedesignerin, mee Innenarchitektin. Si huet néng US-Präsidentefamillje beim Ariichte vum Wäissen Haus beroden. Dotëscht ass si duerch déi ganz Welt gereest. Als Designerin war si ëmmer op der Sich no besonnesche Stoffer aussergewéinleche Miwwelen an originelle Kombinatiounen. Anengems war si awer och permanent op der Sich no eenzegaarteg Bijouen. Hirer Meenung no sinn et och d'Accessoiren, déi en Outfit veränneren an d'Perséinlechkeet ginn.

Moud fir Frae vu 17 bis 97 Joer

2005 huet den Harald Koda vum New Yorker Metropolitain Museum eng Ausstellung mat der Iris Apfel organiséiert. Ausgestallt goufen der Moude-Ikon hir perséinlech Kombinatioune vu Kleeder a Bijouen. Domat ass fir d'Iris Apfel eng nei Karriär lass gaangen.

D'Kritiker ware begeeschtert an d'Ausstellung war aussergewéinlech gutt besicht. Mat iwwer 80 Joer ass d'Iris Apfel iwwer Nuecht zu enger Kultfigur ginn.

"Alles, wat ech maachen, maachen ech all Kéiers anescht. Ech hunn Individualitéit an Improvisatioun gär"

D'Iris Apfel war iwwert hire Succès selwer am meeschten iwwerrascht a konnt den Hype deen ëm si gemaach ginn ass uganks net novollzéien. Gläichzäiteg war si awer frou iwwert déi nei Aufgab. Si hat sech an hirer Pensioun e bësse gelangweilt.

Wéi si vum Realisateur Albert Maysles proposéiert kritt huet, en Documentaire iwwer si ze dréinen, huet si zougesot. "Iris" ass am Hierscht 2014 am Kader vum New Yorker Filmfestival gelaf. Spéitstens vun dësem Moment un huet d'Iris Apfel sech als Moudedesignerin duerchgesat. Mëttlerweil huet si hir eege Bijousmark an inspiréiert d'Moud fir Frae vu 17 bis 97 Joer.

Bijouten déi eeler Leit hëllefen

Bei hire Bijoue probéiert d'Iris Apfel dat Praktescht mat engem extravagante Stil ze kombinéieren. Si huet Bijoue kreéiert, déi en Apparat fir de Bluttdrock ze moossen integréiert hunn. Anerer hunn en Knäppchen, mat deem een e Noutruff kann ofsetzen.

Grad ëm eeler Leit géing d'Moudewelt sech net këmmeren, bedauert d'Iris Apfel. Dobäi hätten si d'Sue fir sech deier Outfitten an Accessoiren ze kafen. Si huet awer Bijouen aus alle Präiskategorien an hirer Kollektioun. Vun Ouerréng fir 35 Dollar bis bei hir eege Stécker, déi e puer dausend Dollar kaschten.

"D'Leit froe mech ëmmer erëm, no menge Stylingregelen. Ech brauch keng Regelen. Dat wär just verlueren Zäit. Ech géif si souwisou nëmme briechen"