Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Toxkapp gëtt schwanger

Film

Een Toxkapp gëtt schwanger

De Rumän Radu Muntean huet ee realisteschen Entwécklungsfilm gedréint, bei deem virun allem d'Bezéiung Mamm-Duechter am Virdergrond steet. Aus der offizieller Kompetitioun vum CinEast-Festival. Kritik.

auto_stories

3 min

Dem Alice seng Mamm huet et net einfach mam duerchdriwwenen Teenager: d'Meedche mécht méi oder wéineger wat et wëllt, léisst sech näischt soen (scho guer net vun der Mamm hirem Frënn) a gëllt an der Schoul als "Problemkand". A wann dat net scho genuch wier, kéint et gutt sinn, datt d'Alice elo och nach schwanger ass ...

"Alice T.", vum rumänesche Realisateur Radu Muntean, ass ee klasseschen Entwécklungsfilm, eppes wat am Jargon als "coming-of-age"-Film bezeechent gëtt. An deem heite Fall gëtt den Iwwergang vum Meedchen zur jonker Fra op eng realistesch Manéier duergestallt.

Am Kontrast zum Eescht vun der Situatioun

Déi laang Plan sequencen (Opnam ouni Schnëtt), déi am rumänesche Kino zum Standard gehéieren, ënnersträichen de realisteschen, scho bal dokumentaresche Charakter vum Film. Vun de Schauspiller virun der Kamera verlaangt dee Stil schonn eng gewësse Konzentratioun.

Ervirzehiewen ass deemno déi schauspilleresch Leeschtung vun der jonker Actrice Andra Guti, déi de Personnage vum Toxkapp Alice iwwerzeegend, mat sënnlecher Präsenz verkierpert, frech, ëmmer provokant, mol mat Brëll, mol ouni Brëll, mat rout gefierften, rebelleschen Hoer. Datt d'Meedchen wärend dem Gros vum Film verspillt ass, steet am Kontrast zum Eescht vu senger Situatioun.

Mamm-Duechter Bezéiung

Deen interessantsten Aspekt vum Film ass sécherlech d'Duerstellung vun der Bezéiung Mamm-Duechter. Dës Relatioun ass wuel vu Konflikter gezeechent. Zum Ausdrock kënnt dat besonnesch an enger Zeen, an där si zesummen am Buedzëmmer sinn an d'Alice sech virum Schwangerschaftstest strieft. Alle béid si si am Bild, säitlech gefilmt, mol kuckt d'Alice op seng Mamm erop, mol op si erof, awer ëmmer mat engem Bléck vun Erausfuerderung - d'Tensioun ass spierbar.

Trotz de Spannungen ass déi Relatioun awer gréisstendeels vun engem staarke Lien gezeechent. Am Büro vun der Schouldirektesch stellt sech d'Mamm schützend virun hiert Meedchen. A Filmsprooch ausgedréckt: béid Personnagë sinn am selwechte Kader, vun der Säit gefilmt, d'Mamm sëtzt am Virdergrond, schaarf, (a schwätzt mat der Direktesch, déi net am Bild ze gesinn ass), d'Meedchen am Hannergrond, ouni ee Wuert ze soen, dréif.

Versteesdemech, Frëndschaft, an esouguer Identifikatioun: Wärend enger Echographie weist d'Alice keng Emotiounen, bleift onbedeelegt a kuckt esouguer vum Ecran, op deem de Foetus a sengem Bauch ze gesinn ass, ewech. D'Kamera schwenkt dann op d'Mamm eriwwer, déi - am Géigesaz zum Meedchen - gespaant op den Ecran kuckt a vu Freed laacht. Et ass, wéi wann d'Mamm hir eege Schwangerschaft nees géif erliewen.

De Film ass onspektakulär, souwuel wat de Fong wéi och d'Form ubelaangt. Am Rhythmus ass e vläicht e wéineg ze flaach: alles schéngt op dee Moment ausgeriicht ze sinn, wou et beim Meedchen zu enger "Prise de consience" kënnt. Bis dohi kann d'Zäit engem dach e bësse laang virkommen ...


"Alice T." leeft nach eng Kéier dëse Mëttwoch um 20h30 an der Cinemathéik am Kader vum CinEast-Festival.