Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een usprochsvolle Filmkritiker

Kultur

Een usprochsvolle Filmkritiker

De renomméierte franséische Filmkritiker Michel Ciment huet eng Auswiel vu sengen Texter verëffentlecht: "Une vie de cinéma". De Michel Delage stellt d'Buch vir.

auto_stories

3 min

Fir gewuer ze ginn, wat fir en usprochsvollen Exercice d'Filmkritik eemol war, ass ee gutt beroden, dem Michel Ciment seng Textsammlung "Une vie de cinéma" (Gallimard) ze liesen. Deen haut 81 Joer ale Ciment ass, als Member vun der aler Garde vun der franséischer Filmkritik, ëmmer nach aktiv. Seng Stëmm héiert een nach heiansdo sonndes owes op France Inter an der Kultemissioun "Le Masque et la Plume". An dann ass hien Direkter vu "Positif", enger vun den zwou historesche franséische Filmzäitschrëften. D'Rivalitéit mat de "Cahiers du cinéma", déi an de 60er a 70er Jore mat haarden ideologeschen Ausernanersetzungen hiren Héichpunkt hat, spiert een och haut nach, ee gutt halleft Joerhonnert méi spéit: zum Beispill doduerch, datt d'Cahiers du Cinema an de Kolonne vu Positif ongär mam Numm genannt an éischter als "eng Konkurrenz-Zäitschrëft" bezeechent ginn.

De Michel Ciment gëllt als een unerkannte Spezialist vun der Filmgeschicht, besonnesch vu Regisseure wéi Joseph Losey, Francesco Rosi, Elia Kazan, a virun allem Stanley Kubrick. A reegelméissegen Ofstänn gëtt hie vun der Stater Cinemathéik invitéiert. Nach um leschte LuxFilmFest am Mäerz hat hie viru Publikum ee Gespréich mam britesche Realisateur Mike Leigh, dee fir säi Liewenswierk geéiert gi war, geféiert.

Een onschätzbaart Wëssen

Säi lescht Buch, "Une vie de cinéma", ass eng Auswiel vun Texter, déi de Michel Ciment zanter de 60er Jore verëffentlecht huet, all liesenswäert net eleng well se zäitlos Dokumenter bliwwe sinn. Sou fënnt een zum Beispill eng ausféierlech Enquête iwwer de sowjetesche Kino, fir déi den Auteur an de 70er Joren dräi Woche laang duerch déi deemoleg UdSSR gereest war, Dosenden Interviewe geféiert an iwwer 50 Filmer gekuckt hat. Oder dësen Text iwwer déi italienesch Comédie aus de 60er a 70er, eng exzellent Aféierung an ee vun de grousse Momenter vun der Nokrichsfilmgeschicht.

Dee mat "Hommages" (am Pluriel) iwwerschriwwenen Deel ass eng Sammlung vun - wéi den Numm et scho seet - Éierunge vu grousse Cineasten, där hir Filmographien op de Punkt bruecht ginn: bekannte Leit wéi beispillsweis Roman Polanski, Billy Wilder, Alain Resnais, an haut manner bekannte fir net ze soen onbekannte Meeschteren, wéi den Nico Papatakis oder Lucian Pintilie, déi een duerch de Ciment eventuell iwwerhaapt emol entdeckt: "l'exercice d'admiration, pour reprendre un titre de Cioran, m'a toujours paru nécessaire", schreift hien.

Och emol Kritik un de Kritiker

De Michel Ciment huet dann och eng Partie Interviewen a säi Buch ënnerbruecht, zum Beispill Diskussioune mat Literatur-Nobelpräis-Laureaten, déi och scho mol fir de Film geschafft hunn: Vargas Llosa, Pinter, Kertesz. Gespréicher mat Gréisste wéi Francis Ford Coppola, Jeanne Moreau oder Jean-Louis-Trintignant. An dann och, méi iwwerraschend, zwee Interviewe mam Serge Gainsbourg, dee wéineg, mee - an den Ae vum Michel Ciment - usprochsvoll Filmer gedréit hat. Filmer, déi deemools awer vum Gros vun der Filmkritik zerrass gi waren.

Vun de Filmkritiker als Zunft distanzéiert sech de Ciment, wann et muss sinn, nëmmen all ze gär. Wéi dat kléngt, liest een an den ënner der Rubrik "Controverses" versammelte Polemiken. Schonn ufanks den 80er Jore bedauert hien d'Tendenz, d'Filmer an de Medien ze promouvéieren amplaz se ze kritiséieren, dat heescht, se enger ausféierlecher Analys ze ënnerwerfen. Kee gutt Hoer léisst de Ciment dann un der Manie vu senge Kolleegen, Woch fir Woch sougenannten "Meeschterwierker" ze luewen, mam Resultat, datt et keng kënschtleresch Hierarchie méi gëtt, also, datt keen Ënnerscheed méi gemaach gëtt tëschent banalen, gudden a wierklech grousse Cineasten. Esou en Usproch, wéi de Michel Ciment en am Laf vu senger Carrière gefleegt huet, klengt hautdesdaags vläicht pedantesch oder arrogant. Am Interêt vum Kino als Konschtform ass en awer absolut néideg.