Dem éisterräichesche Kënschtler Egon Schiele seng Aktduerstellunge ginn haut nach als Provokatioun ëmfonnt. Deemools koum hien duerfir an de Prisong.
De Cineast Dieter Berner an d'Dréibuch-Autorin Hilde Berger beschreiwen den Egon Schiele an engem neie Film. Dee gouf zu groussen Deeler zu Lëtzebuerg realiséiert.
"Egon Schiele: Tod und Mädchen" ass virop ee Roman vun der Hilde Berger. Zesummen hätte si doraus eng Struktur fir d'Kinos-Adaptatioun entwéckelt, erkläert den Dieter Berner.
Ee lëschtege Kärel
Dem Egon Schiele seng Duerstellunge vun aarme, gouerege Fraen, a seng Autoportraite vermëttelen den Androck, datt hien en déiftraurege Mënsch gewiescht wär. D'Buch an de Film weisen hien awer als duerchaus lëschtege Kärel.
Si hätt a senge Bréiwer an an den Temoignage vu sengen Zäitgenosse recherchéiert, erkläert d'Hilde Berger. "Hie gëtt beschriwwen als ganz sympatheschen, frëndlechen, jonke Mann, deen ëmmer laacht." Hie wier aarm gewiescht. Awer dat, wat een op de Biller géif gesinn, wier net a sengem Wiese gewiescht.
D'Wiese vum Acteur
Hien hätt tragesch Saachen erlieft, wéi den Doud vu sengem Papp mat 15 Joer, sou den Dieter Berner. "Mee hien huet Vitalitéit entwéckelt fir iwwer déi Tragik ewech ze kommen." Annerhalleft Joer huet de Realisateur gesicht, bis hien ee jonke Modell a Statist fonnt huet, dee fir d'Roll vum Schiele a Fro koum. Et sollt sech erausstellen, datt dem Acteur säi Papp, genee wéi dee vu sengem Personnage, schizophren Zich hat. "Ech hunn d'Wiese vun dësem Mënsch gespuert", sou den Dieter Berner.
Hien hätt ee Joer laang all Weekend mam Ensemble geprouft, improviséiert a sech mam Sujet beschäftegt. Doduerch hätt eng Intimitéit kéinten entwtoen. Och d'Dréibuch wier zesumme mat den Actricen an Acteuren entwéckelt ginn, erkläert d'Hilde Berner.
D'Lëtzebuerger Schauspillerin Marie Jung incarnéiert dem Egon Schiele seng Fra Edith. Si huet also eng substantiell Roll. Lauschtert een Interview mat der Actrice:
Iwwer de Roman
Net den Egon Schiele, mee fënnef Fraen stinn am Mëttelpunkt vum biographesche Roman "Tod und Mädchen" vun der éisträichescher Schrëftstellerin Hilde Berger.
D'Hilde Berger huet der Wiener Theaterwelt schonn an de 70er Joren zu engem Ëmbroch an engem Ëmdenke verhollef an och e sëllechen Dréibicher geschriwwen. Si ass och Schauspillerin an hat ënner anerem eng Roll am Michael Haneke sengem Film "Lemminge".
Haut ënnerriicht d'Hilde Berger op der Wiener Universitéit um Institut für Theater-, Film und Medienwissenschaften.
D'Frae ronderem de Schiele
D'Iddi fir e Roman iwwert d'Frae ronderëm den Egon Schiele ze schreiwen, koum duerch een Zoufall. Eent vum Schiele senge wichtegste Modeller war d'Walpurga Neuzil, kuerz Wally genannt. D'Hilde Berger hat eng Foto vum Egon Schiele mam Wally gesinn. A well d'Wally aus dem selwechten Duerf staamt wéi d'Schrëftstellerin selwer, wollt si méi iwwer des Fra erausfannen. Bei hire Recherchen ass si op déi aner Frae gestouss, déi beim Schiele Modell stoungen. Sou ass d'Iddi entstanen, eng Biographie ze schreiwen.
Tod und Mädchen dréit sech och ëm ee bedeitend Bild vum Schiele, dat am Schlass vum Belvedere zu Wien ausgestallt ass. E Wierk, dat de Moler fir d'éischt "Mann und Mädchen" genannt, an nom Doud vun der Wally ëmbenannt huet...
Léift, Doud a Wahnsinn
Den Egon Schiele ass nëmmen 28 Joer al ginn. Den 31. Oktober 1920 stierft hien, dräi Deeg nom Doud vu senger Fra Edith Harns, grad wéi si un der spuenescher Gripp. Si war eng Fra aus der Bourgeoisie. Vun der Hochzäit hat de Schiele sech eng finanziell Ofsécherung, méi Unerkennung a virun allem weider Méiglechkeete fir ze molen versprach.
D'Gerti war dem Schiele seng kleng Schwëster a säin éischte Modell. D'Gerti huet hier Relatioun, déi och ganz erotesch Momenter erlieft huet, mat grousser Jalousie verteidegt. Hir Kandheet war alles anescht wéi agreabel. De Papp war duerch d'Syphilis krank ginn an huet ënner Wahnvirstellunge gelidden. D'Mamm, déi dräi Kanner verluer huet, konnt der Gerti an dem Egon net di néideg Léift ginn.
Den Egon Schiele hätt eventuell och doduerch extrem narzisstesch Zich entwéckelt, mengt d'Hilde Berger.
Tod und Mädchen ass kee Roman, dee sech mat dem Egon Schiele senger Molerei beschäftegt. En huet d'Modeller zum Thema. Déi verroden awer erëm vill iwwer seng Konscht.