Et ass elo déi drëtt Editioun vun den DACH-Filmdeeg an datt grad dëst Joer d'Mënscherechter am Virdergrond stinn, ass dorop zeréckzeféieren, datt et den 10. Dezember genee 70 Joer hier sinn, datt d'Charta vun de Mënscherechter vun der UNO-Generalversammlung deklaréiert goufen.
Mat de sechs Filmer, déi vum 7. bis den 9. November an der Cinemathéik gewise ginn, wëllen d'Organisateuren op eng ganz villfälteg Aart a Weis op Situatioune vun der Verletzung vun de Mënscherechter hiweisen.
Leit fir d'Thema sensibiliséieren
Den éisträicheschen Ambassadeur Gregor Schusterschitz ass iwwerzeegt, datt een esou och d'Leit fir dës Fäll sensibiliséiert: "Filme, Bücher und Theaterstücke sprechen unsere emotionale Seite an".
Am Kader vun de Filmdeeg war och e Concours ausgeschriwwe ginn. Schoulklassen aus Lëtzebuerger Lycéeë waren opgefuerdert, e Clip zum Thema vun de Mënscherechter ze maachen. Eng Succes-Story, freet sech den éisträicheschen Ambassadeur. Mam Concours sinn och eng rei Präisser verbonnen a verschidde Clippe gi virun de Presentatioune vun de Filmer gewisen.
Mee nach e weidere Punkt ass fir hie vu grousser Bedeitung: "Es ist ganz wichtig für uns, dass wir nicht nur die Filme zeigen, sondern dass wir auch versuchen eine gesellschaftliche Diskussion zustande zu bringen."
De ganze Programm vun den DACH-Filmtagen ass ze liesen op: cinematheque.lu