Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Lata Gouveia - Wrong

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eis fluid Verbonnenheet mat der Ëmwelt

Danz

Eis fluid Verbonnenheet mat der Ëmwelt

Wéi en Afloss huet alles dat, wat ronderëm eis ass, op eis Mënschen? Si mir net all an engem permanenten Echange mat deem, wat eis ëmgëtt? D'Choreographin Isabella Oberländer huet dat an hirer Pièce "Bodies of water" méi genee analyséiert.

auto_stories

2 min

"Bodies of Water" nennt sech de Work in progress, deen d'Choreographin Isabella Oberländer um "3 du Trois goes TalentLab" am Trois-CL - am Kader vun engem Residenz-Echange mat der Tipperary Dance Platform an Irland - presentéiert huet.

Déi an Irland baséiert Kënschtlerin hëlt dobäi de Begrëff vum "Hydrofeminismus" ënnert d'Lupp - en Terme, dee vun der Theoretikerin Astrida Neimanis gepräägt ginn ass. D'Isabella Oberländer deit de Begrëff esou:

"Wat mat mir resonéiert huet, ass dat et mir e Konzept gëtt, wéi een sech op sech bezéie kann - awer och, wéi een dat a méi engem méi grousse Kontext ka gesinn. Et erlaabt et engem, anescht iwwer dat Materiellt nozedenken. An et gëtt mir Hoffnung, datt d'Imaginatioun eis dozou bréngt, méi grouss ze denken, an d'Otherness zum Virschäi bréngt."

Inspiratioun kënnt aus alle Richtungen

Grousse Wäert leet d'Choreographin op d'Fluiditéit. Datt alles matenee verbonnen ass, aneneen iwwergeet, datt mir stänneg am Austausch matenee sinn, ass eng Notioun, déi d'Isabella Oberländer a "Bodies of Water" och mat opgräift:

"Fluiditéit ass mir immens wichteg. Als queer Persoun fënnt mech d'Fluiditéit aus ville Richtungen. Och an der Beweegung, wéi mir mat anere Kierper, Mënschen, Déieren oder der Ëmwelt a Relatioun stinn. Fluiditéit bedeit och dat Poréist - eis Kierper verbannen sech, mee et ginn och Saachen duerch si duerch."

Déi Fluiditéit gëtt duerch d'Beweegung ausgedréckt - wéi mir mat aneren interagéieren, kënne connectéieren, awer och, wéi Saachen duerch eis erduerch kënne goen.

"Ech sinn nawell dacks laanscht e Floss zu Limerick spadséiert, an hunn zu deem Floss eng Verbindung opgebaut. Firwat berouegt e mech? Firwat ginn ech dohin zréck? Mech interesséiert, wéi een de Kierper als Material ka benotzen, a stelle mir d'Fro, wéi een dës Connectioun siichtbar ka maachen - net just als Interpret, mee och als Spectateur. Et ass eng Aluedung dozou."