Radioen

On air

Notturno  |  Anna Mieke - Twin

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eleng géint Bëtonskäpp

Costa-Gavras

Eleng géint Bëtonskäpp

De Filmveteran Costa-Gavras verfilmt dem fréiere griichesche Finanzminister Yanis Varoufakis säi Bericht iwwer deem seng "Verhandlunge" mam Eurogrupp. De Politthriller "Adults in the Room" ass e wichtege Bäitrag - net nëmmen iwwer déi griichesch "Scholdekris".

auto_stories

3 min

Am Januar 2015, matzen an der uerger Wirtschafts- a Finanzkris, ass déi lénk Syriza-Beweegung a Griichenland un d'Muecht komm. Si ass ugetrueden, fir déi drastesch Austeritéitsmesuren, déi am Kader vun der Scholdekris vun der viregter konservativer Regierung mat den internationale Creancieren ausgehandelt goufen, nees réckgängeg ze maachen.

Ganz séier mussen den neie Premierminister Alexis Tsipras a säi Finanzminister Yanis Varoufakis feststellen, datt déi aner Memberstaate vun der Eurozon, d'Europäesch Zentralbank an den Internationale Wärungsfong net wëlle verhandelen. Déi Mesuren, déi um Dësch leien, hätten déi gären eent zu eent ëmgesat, quitt datt domat déi griichesch Populatioun ausbludde gelooss gëtt.

Politesch engagéierte Kino

De griichesch-franséische Filmveteran Costa-Gavras dréit schonn zanter den 1960er Jore politesch engagéiert Filmer. Ee vu sengen éischten internationale Succèsen, "Z" (1969), war eng Uklo géint déi deemoleg Militärdiktatur a Griichenland. Genee en halleft Joer méi spéit hëlt deen haut 86 Joer ale Regisseur een anere System an d'Viséier, deen een duerchaus als quasi diktatoresch kéint bezeechnen.

Mam Yanis Varoufakis sengem Compte-rendu vu senger kuerzer mee intensiver Zäit als Finanzminister ("Adults in the Room. My Battle with Europe's deep establishment", 2017) war eng Virlag fir e Film disponibel, wéi um Plateau zerwéiert.

Am Detail beschreift de Varoufakis a sengem Buch, wéi et hanner zouenen Diere bei den Diskussioune mat sengen europäesche "Kolleegen" ofgelaf ass. Wat een do konnt liesen huet schockéiert, well et de sëlleche Sonndesriede widdersprach huet. Allerdéngs gouf näischt vun all deem dementéiert. Elo ass dat, duerch dem Costa-Gavras säi Film, engem méi breede Publikum zougänglech.

D'Politiker komme guer net gutt ewech

An do kuckt een dem Varoufakis no, wéi dee sech vun enger Reunioun zur nächster schleeft, mam Zil, seng Gespréichspartner dovun ze iwwerzeegen, sengem Land e wéineg Loft fir ze ootmen zouzegestoen. (Den Acteur Christos Loulis kënnt erstaunlecherweis no un de Charisma vu sengem reelle Personnage erun.) Mee dem griichesche Finanzminister seng Charme-Offensiv stéisst op Granit: déi Leit, mat deenen hien ze dinn huet, sinn net u Verhandlungen interesséiert. An u sengen, dem Uschäin no, pertinente wirtschaftlechen Argumenter, scho guer net. Griichenland gëtt manner wéi e souveräne Staat behandelt, éischter wéi eng Kolonie, déi sech alles muss gefale loossen.

De Film zeechent iwwerdeems ee wéineg glorräiche kollektive Portrait vum politesche Personal um allerhéchsten Niveau an den arroganten héije Beamten, déi hir Decisiounen ëmsetzen. Alleguerten hu si mat Demokratie net vill um Hutt. D'EU-Politiker komme ganz schlecht ewech. Si ginn als Ligener a Manipulateuren entlarvt, déi am private Gespréich "wäiss" soen, an nëmme fënnef Minutten drop, virun der Press, "schwaarz". Et sinn déi selwecht Personnageë wéi an der Realitéit, allerdéngs vun Acteure verkierpert.

Den deemolegen däitsche Finanzminister Wolfgang Schäuble, gespillt vum Ulrich Tukur, zitt d'Fiedem. Den Eurogrupp-President, den Hollänner Jeroen Dijsselbloem, exekutéiert. Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, deen dierf bei sengem Blëtzoptrëtt stomm virun de Fotografen de Clown markéieren.

Wichtegt Dokument

Interessant am Costa-Gavras sengem Film ass och d'Relatioun tëschent dem Varoufakis a sengem Partei- a Regierungskolleeg Tsipras. Deen Éischte steet strikt zu senger Linn an dréit scho preventiv seng Demissioun an der Paltongstäsch. Deen Zweete schéngt dogéint bereet, all Moment ëmzefalen an dem EU-Diktat nozeginn. Eng fiktiv Balletssequenz symboliséiert d'Zerrassenheet vum griichesche Premier.

"Adults in the Room" ass e Film, dee sech als Politthriller kucke léisst, och wann e vläicht e bëssen ze laang geroden ass. Wichteg ass de Film allerdéngs wéinst der Realitéit, déi en dokumentéiert, dat heescht der skandaléiser Aart a Weis, wéi an der Europäescher Unioun Finanzpolitik a Politik "tout court" bedriwwe gëtt. An deem Sënn ass et ee klassesche Costa-Gavras.