Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ In memoriam: Emile Hemmen

Literatur

In memoriam: Emile Hemmen

De leschte Freideg ass de Lëtzebuerger Auteur, Dichter an Humanist Emile Hemmen am Alter vu 97 Joer gestuerwen.

auto_stories

2 min

Ee Gespréich tëschent dem Jean-Claude Majerus an Emile Hemmen vun 2005:

Emile Hemmen am Gespréichplay_arrow

2019 koum nach dat lescht Gedichtband vum Emile Hemmen mam Titel "L'Âge de la mémoire" am franséische Verlag Folle Avoine eraus.

Deen 1923 zu Hesper gebuerene spéidere Schoulmeeschter, Attaché an dann Direkter vum Institut médico-professionnel an dem Centre de réadaptation professionnelle op der Kap, hat seng éischt Schreifversich wärend dem Zweete Weltkrich. Den Emile Hemmen war 16 Joer al, wéi hie vun der Wehrmacht agezu gouf, hien huet awer dann de Krichsdéngscht refuséiert an huet sech 1943 der Resistenz ugeschloss.

"Die Wahl" ass den eenzege Roman, deen den Emile Hemmen verfaasst huet. Kuerzprosa, mee virun allem Lyrik war de Literaturgenre, deen him am meeschten zougesot hunn an esou huet den Auteur vun 1981 u just nach Gedichter publizéiert. Seng éischt Gedichter huet hien op Däitsch geschriwwen. Ufank de 60er Jore wiesselt hien d'Literatursprooch, an dat ass franséisch. Den Emile Hemmen huet Schreiwen op Franséisch och als eng Emanzipatioun gesinn.

Dem Emile Hemmen seng Gedichter goufen zu Lëtzebuerg, awer och an Däitschland, a Frankräich, an der Belsch, an den USA an a Russland publizéiert.

Nieft dem Schreiwe war et awer och den humanisteschen Aspekt, deen eng grouss Roll am Emile Hemmen sengem Liewe gespillt huet. Virun allem säin Engagement fir Mënsche mat Behënnerung. Dëse sozialen Asaz hätt hie vu sengen Eltere geierft, esou den Emile Hemmen, dee schonn 1938 säi Papp, deen als Aarbechter geschafft huet, verluer huet.