Radioen

On air

Espresso Beats  |  Englbrt - Harm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En aussergewéinleche Portrait

Julie Otsuka - Wovon wir träumten

En aussergewéinleche Portrait

Een Thema, ee Buch - d'Julie Otsuka zeechent an hirem Roman "Wovon wir träumten" en aussergewéinleche Portrait vun der Immigratioun vu Japanerinnen an d'USA am Ufank vum 20. Joerhonnert. D'Frae ware mat falschen Informatiounen a Verspriechen an Amerika gelackelt ginn, a wat si an der Realitéit erwaart huet, beschreift d'Julie Otsuka a ganz besonnescher Form.

auto_stories

5 min

"Auf dem Schiff waren die meisten von uns Jungfrauen. Wir hatten langes, schwarzes Haar und flache, breite Füẞe, und wir waren nicht sehr groẞ. Einige von uns hatten als Mädchen nichts als Reisbrei gegessen und hatten leicht krumme Beine, und einige von uns waren erst vierzehn Jahre alt und selbst noch junge Mädchen. Einige von uns kamen aus der Stadt und trugen modische Stadtkleider, doch überwiegend kamen wir vom Land (....). Vielleicht hatten wir einen Bruder oder Vater ans Meer verloren, oder einen Verlobten; oder jemand, den wir liebten, war eines unglücklichen Morgens ins Meer gesprungen und einfach fortgeschwommen, und nun war es auch für uns Zeit, aufzubrechen."

Wir - dat si japanesch Fraen, déi sech am Ufank vum 20. Joerhonnert op de Wee an e bessert Liewe gemaach hunn. Dat bessert Liewen ass hinne versprach gi vu japanesche Männer, déi schonn an Amerika gelieft hunn an si mat falschen Informatiounen a falsche Fotoen an e Bestietnis gelackelt hunn. An dësem Roman, deen eng Zort Complainte ass, e Gesang, deen net eng Liewensgeschicht, mee Dausende vu Biographien an enger zesummebréngt.

D'Julie Otsuka bedéngt sech hei enger aussergewéinlecher Form fir d'Erwaardungen an Hoffnungen an dann déi ganz ënnerschiddlech Realitéiten ze dokumentéieren, déi dës Fraen erlieft hunn.

D'Männer sinn als éischt gaangen

Zu de Fakten: Ëm 1880 sinn déi éischt Japaner an Amerika ausgewandert. Et ware virun allem Männer, déi als Landaarbechter fir d'éischt op Hawaii an dono virun allem a Kalifornien op de Felder geschafft hunn. Déi héchsten Immigratioun war an de Joren 1900 bis 1909, wou laut dem Departement Homeland Security all Joer ëm 140.000 Japaner a Richtung USA ausgewandert sinn. Et ware virun allem Männer, déi wëllkomm waren, well 1882 d'Immigratioun vu chinesescher Aarbechtskraaft gestoppt ginn ass, sou hunn d'Japaner d'Aarbechten op den Zockerrouer- an Ananasfelder iwwerholl. Déi Japanesch Männer haten d'Reputatioun, si wiere grad esou fläisseg wéi hir chinesesch Kolleegen a géife fir en niddrege Loun de Maximum ginn ...

Nodeem Hawaii am Joer 1900 offiziell zum US-Territoire annektéiert gouf, si vill Japaner vun Hawaii an aner US-amerikanesch Staaten weidergewandert. 1907 gouf dann d'Awanderung vu Japaner verbueden, deenen déi awer schonn do waren ass erlaabt ginn, hir Famill nokommen ze loossen an esou koum et och ze villen arrangéierte Mariagen. Jonk Fraen a Japan krute Fotoen a Bréiwer vu japanesche Männer aus Amerika a sinn da masseweis importéiert ginn.

Eng aner Realitéit huet d'Fraen erwaart

"Das ist Amerika, sagten wir uns, wir müssen uns keine Sorgen machen. Und wir irrten uns."

D'Suerge ware ganz ënnerschiddlech, esou wéi d'Männer an d'Liewenskonditiounen et och waren. Op alle Fall, waren d'Männer awer weder esou flott nach esou räich, wéi si dat an hire Bréiwer vermëttelt haten.

"In jener Nacht nahmen unsere Ehemänner uns schnell. Sie nahmen uns ruhig. Sie nahmen uns sanft (...). Sie nahmen uns flach auf dem Rücken liegend auf dem Boden des Minute Hotels. (...) Sie waren sich unserer sicher und glaubten, wir würden alles für sie tun, was sie von uns verlangten."

Et liest sech wéi eng Litanei, eng Opzielung vun alle méiglechen Entwécklunge vum Liewe vun dëse Fraen, déi mol mat um Feld schaffen oder als Déngschtmeedchen, déi mol mat Respekt, mol mat Veruechtung an Erniddregung vun hire Männer behandelt ginn, vu Fraen, déi et gepackt hunn aus dem Misär erauszekommen, a vun deenen, déi ënnergaange sinn ...

"Eine von uns gab ihnen die Schuld an allem und wünschte, dass sie tot wären. Eine von uns gab ihnen die Schuld an allen und wünschte, dass sie tot wäre."

Eng Erniddregung vun de Fraen

D'Julie Otsuka zeechent hei awer net just d'Bild vun dëse Fraen, mee och d'Bild vun engem Amerika, dat sengen Immigranten-Aarbechter alles anescht wéi mat Mënschewürd behandelt, mee hinnen all Dignitéit eweg hëlt, andeem si an den erbäermlechste Baracke wunne léist, hir Aarbechtskraaft maximal ausbeut.

D'Toni Morrison huet vun der duebeler Ënnerdréckung vun de schwaarze Frae geschwat, genee dës Ënnerdréckung léist sech och op déi japanesch Fraen transferéieren.

Eng nüchtern Prosa

Trotzdem stellt dëse Roman déi japanesch Fraen net als Victime duer, déi sech hirem sougenannte Schicksal erginn hunn. Et ass eng Erzielung, déi och d'Kraaft vun dëse Frae beschreift, hire Courage sech net ënnerkréien ze loossen, hir Dreem, datt et emol besser gëtt, ëmmer am Wëssen an dem Bewosstsinn vun der Realitéit.

Et ass u sech eng ganz sachlech, onperséinlech an nüchtern Prosa, déi awer duerch dës ongewinnt a permanent Opzielung eng déif Poesie a sech dréit an un engem mol subtillen an awer och bëssegen Humor feelt et och net:

"Eine von ihnen war eine Gräfin aus Dresden, die noch nie etwas Schwereres als eine Gabel gehoben hatte."

"Wovon wir träumten" ass eng kritesch Ausenanersetzung mat der Awanderung vu japanesche Fraen, e Roman , dee bis zum Zweete Weltkrich féiert, wou et dann nach méi penibel war, e Japaner oder eng Japanerin an den USA ze sinn.