Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En dynameschen Entwécklungsplang fir d'Escher Kufa

Kulturfabrik

En dynameschen Entwécklungsplang fir d'Escher Kufa

Dräi Intentiounen an 10 Objektiver si Programm fir d'Zukunft vun der Escher Kulturfabrik. Wat dohannert stécht, hunn d'Nathalie Ronvaux an de René Penning bei der Presentatioun vun hirem Fënnefjoer-Entwécklungsplang verroden.

auto_stories

5 min

2018 huet d'Equipe vun der Kufa sech Gedanken iwwer d'Entwécklung vun der Stad Esch gemaach, seet de René Penning, Direkter vun der Escher Kulturfabrik, déi zënter 1983 als asbl existéiert.

"D'Stad verännert sech zanter Joren immens séier. Belval ass derbäi komm mat der Uni a bréngt en neit Liewen op Esch, dann hu mer d'Frichen, déi developpéiert ginn, wéi "Lentille Terres Rouges", mir hunn awer och eisen direkten Noper, Esch-Schëffleng, deen developpéiert gëtt, an dat huet en direkten Impakt op eis an dann hu mer natierlech och d'Kulturjoer Esch 2022."

Fir d'Zukunft vun der Stad Esch an vun der Kufa prett ze sinn, hu si dann ugefaange mat enger internationaler Agence ze schaffen:

"Réseau Trans Europe Halles, e Reseau vu Kulturhaiser, déi an industrielle Sitten sinn, a mat deene hu mer ugefaangen dorop ze schaffen a mir hunn och einfach 2018 an der Ekipp verschidde Constate gemaach, an ee vun de Constate war sécherlech, datt mer immens diversifiéiert a vläicht ze vill diversifiéiert Programmatioun hunn. Wat eis e bësse gefeelt huet, ass e Fuedem, eng e bësse méi kloer Identitéit, eng besser Visibilitéit a Lisibilitéit an en Visioun. "

Am Dialog mam Public

Eng kloer Visioun, wou se wëllen higoen, wier den éischte Constat gewiescht. An domat koum och d'Fro vun der Quantitéit vun hirer Programmatioun, seet de René Penning:

"Mir waren e bëssen an engem Hamsterrad, et ass just dorëms gaangen, wéi kréie mer déi nächst Manifestatioun assuréiert, wéi kréie mer se annoncéiert, a wann déi fäerdeg war, war schonn déi nächst an du has ni wierklech Zäit um Projet selwer ze schaffen. Einfach mol de Kapp aus dem Guidon ze hiewen, Sauerstoff ze ootmen, dech zeréck ze zéien an der d'Fro ze stellen, ass dat wat mer hei maachen, richteg? oder musse mer dat iergendwéi aneschtes maachen?"

Eng wieder Fro, déi sech d'Ekipp gestallt huet, wat d'Relatioun mam Publikum.

"Mir hunn zwar vill Publikum, mir sinn awer ni am Dialog mam Publikum. Mir diskutéieren net genuch mam Publikum an eis interesséiert einfach, wat interesséiert de Publikum, wat gesinn si, wat mir net gesinn, well mer ze no derbäi sinn, a wou si kéinte soen, dat kéint der vläicht änneren, dat interesséiert eis. Dat sinn Constaten, déi mer gemaach hunn, an doropshin hu mer ugefaangen un deem Projet hei ze schaffen."

Fir d'Zesummestellung vun dësem Projet, deen d'Kufa déi nächst fënnef Joer féiere soll, schreift sech d'Nathalie Ronvaux verantwortlech. Si ass fir sëlleg Projeten an der Kufa responsabel.

"Et war eis wichteg, wéi mer de Projet culturel an artistique vun der Kufa géifen ëmdenken an nei gestalten. Da si mer einfach zu der Konklusioun komm, datt d'Kufa engersäits eng Programmatioun artistique huet, déi ass och diversifiéiert a pluridisciplinaire, mee d'Kufa ass och e "Lieu de vie", déi zwee Elementer, op dat artistesch Projete sinn oder de Lieu de vie, déi sinn ënner engem Dach zesumme verankert a verlinkt, an d'Iddi ass ze soen, mir sinn net nëmmen eng Plaz, wou owes d'Dieren opgi fir e Concert oder eng Lecture, mir sinn awer och eng Plaz, wou d'Artisten an de Publikum a Partner sech sollen iwwer den Dag wuel fillen, wou se kënnen hei an den Haff kommen, e Patt drénken, e puer Experienzen zesumme kombinéieren, zum Beispill op eng Formatioun kommen, e Concert besichen, eng Lecture lauschteren, et ass eng ganz Philosophie, déi mer wëllen ëmsetzen."

Dräi Pilieren als Basis

Déi dräi Intentiounen, déi am Entwécklungsplang 2021-2025 verankert sinn, sinn u sech déi dräi Pilieren, op deenen déi ganz Visioun an eben och d'Philosophie vun der Kufa stoe soll, an déi déi ekologesch, finanziell, juristesch an artistesch Voleten abezitt.

"Den éischte Pilier ass de Projet culturel an artistique, dee besteet doraus, wéi ass d'Programmatioun gestallt, déi ass diversifiéiert an definéiert, déi huet och eng Ligne rouge, Programmatioun ass engagéiert. De Projet culturel an artistique, dat ass Programmatioun an de Lieu de vie, an dann den zweete Pilier, dat ass de Publikum, wien ass eise Publikum? Wat kënne mer gestalten an offréieren, datt dee Publikum sensibiliséiert gëtt iwwer d'Mediatioun, iwwer den Accueil, wéi kënne mer méi Visibilitéit bréngen fir d'Institutioun, fir datt d'Leit wëssen, wat mer maachen, wéi se hei kënnen empfaange ginn, wat mer proposéieren, ob dat elo Formatioune sinn, dat geet iwwer e Lieu d'Accueil, Info-Shop-Billetterie, awer och wéi mer kommunizéieren. Mir wëllen do och Kënschtler abannen an eiser Kommunikatioun, an an deene Supporten an den drëtte Pilier, dat ass d'Struktur, wéi funktionéiert dës Struktur, wéi funktionéieren d'Ekippen, wéi funktionéiert de Site mat de Gebailechkeeten, wat gëtt gebraucht fir ze schaffen, fir déi zwou éischt Intentiounen ëmzesetzen."

Et wier e ganz logeschen Opbau vum fënnefjärege Plang, sou d'Nathalie Ronvaux weider, well all eenzel Aspekter vun de Gebailechkeeten bis d'Kommunikatioun openeen ofgestëmmt sinn a mateneen fonctionéieren.

Fir datt esou e grousst Kulturhaus wéi d'Kufa mat ronn 30 festen Mataarbechter intakt ass, viru kënnt an Erfolleg huet, ass d'Fro vum Leadership ausschlaggebend. Wéi gesäit sech de René Penning als Direkter vun der Kufa an wéi geet d'Zesummeschaffen an dëser Ekipp?

"Ech gesi mäi Rôle net als en typeschen Direkter, mee éischter als Facilitateur als Coordinateur tëschent den Ekippen. Ech sinn e bëssen d'Nervenzentral, wou d'Informatiounen hikommen a weiderleeden an dat ass ganz wichteg. Wéi huele mer d'Decisiounen? Decisiounen huele mer an der Ekippen , natierlech huele mer net all Decisiounen an enger Equippe, mee grouss wichteg Decisiounen huele mer an der Ekippe , mir beschwätzen se, den Direkter huet net ëmmer Recht, dat ass och eppes, wat wichteg ass, datt een och hei mol ka soen, dat, wat s du proposéiers als Direkter, funktionéiert net, mir géifen dat esou an esou maachen. Dat ass e bëssen dee System, dee mer installéiert hunn an de leschte Méint, souguer Joren, an dat responsabiliséiert d'Leit och méi a si fille sech méi valoriséiert, an ech denken, datt dat och zum Succès vun der KUFA bäidréit."