Radioen

On air

Notturno  |  Richard Dawson - Thicker Than Water

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Exkurs an d'Welt vun den Utopien

Uwe Timm - Der Verrückte in den Dünen

En Exkurs an d'Welt vun den Utopien

A sengem rezente Wierk "Der Verrückte in den Dünen" geet den däitsche Schrëftsteller Uwe Timm dem Gedanke vun Utopien op d'Spuer. Hien hëllt eis mat op Reesen an Argentinien, an de Paraguay an an d'Literatur, déi och eng utopesch Plaz ass.

auto_stories

3 min

Wat dëst Buch net wëll an net ka sinn, dat wier eng systematesch oder historesch Analys vun Utopien, schreift den Uwe Timm am Virwuert. Et ass effektiv eng ganz perséinlech, deelweis biografesch Approche, déi den däitsche Schrëftsteller hei applizéiert fir sech mat historeschen Utopiegedanken ausenaner ze setzen.

An esou ass och mam "Der Verrückte in den Dünen", der Geschicht, déi dem Buch och den Titel ginn huet, a mam "der Verrückte" ass den Carlos Gesell gemengt. An der Provenz Buenos Aires existéiert eng Stiedchen, ronn 30.000 Awunner mam Numm Villa Gesell. Do ass dem Uwe Timm seng Fra, Dagmar Poelz, Iwwersetzerin vu Wierker vum Gabriel Garcia Marqez an Isabel Allende, fir elo just déi ze nennen, opgewuess. Eng Stiedchen, déi de Carlos Gesell ënner bal onméigleche Konditioune gegrënnt huet.

D'Liewenswierk vum Carlos Gesell

Matzen a Sanddünen eng Agrikultur schafen, eng Welt, wou den Alkohol verbueden ass, grad esou wéi d'Hale vum Geld an domat och de Verbuet vun Zënsen.

Den Uwe Timm erzielt hei d'Liewenswierk vum Carlos Gesell, a seng eegen Erënnerungen un d'Rees an d'Villa Gesell a seng Vue op dëse System, iert hien eis an de Paraguay mathëlt. Et sinn zwou Reesen, déi hei beschriwwe ginn, dertëschent en Exkurs bei den Dr. José Gaspar Rodriguez de Francia, dee vun 1814 bis 1840 Diktator vu Paraguay war. Den Uwe Timm beschreift hei dem Francia seng Bestriewungen, e friddlechen an gläichberechtegte Staat ze féieren.

"Er verbot die Inquisition. Die Klöster wurden aufgelöst, deren Ländereien fielen an den Staat, wurden in sechstausend Parzellen aufgeteilt, die an Landlose verteilt wurden. Mehr als 50.000 Menschen fanden darauf Arbeit. Er belegte die Wohlhabenden mit Sondersteuern, aus deren Erlös öffentliche Gebäude errichtet wurden. Er schaffte die Standesunterschiede ab, ordnete die Schulpflicht ein..."

Literatur als Nicht-Ort an Utopie als unwirklicher Ort

Den Auteur schafft mat ganz ville Referenzen, déi sech ganz elegant an déi essayistesch Erzielunge afügen. Ervir ze hiewen ass den Text mam Titel "Hörsaal 164".

Den Uwe Timm erzielt hei eng Anekdot aus sengem éischten Dag op der Uni, iert hien sech mam Raum an eiser Raumvirstellung ausenee setzt. Eis Raumvirstellung wier engersäits méi kleng ginn, duerch d'Beschleunegung, anerersäits awer vergréissert ginn, duerch de medialen Zougrëff. Et kann een haut Muséeën a Kierche besichen, ouni physesch op der Plaz ze sinn, an dat wier mam Liesen ze vergläichen.

"Im Sessel oder auf der Bank sitzend, wandeln wir mit Leopold Bloom durch Dublin oder mit Franz Bibderkopf durch das Berlin der Zwanzigerjahre."

Literatur wier also den Nicht-Ort, schreift den Uwe Timm, an d'Utopie wier den unwirklicher Ort.

Dëser Ausso follegt dann eng philosophesch Analys vum Raum, deen sech a seng Bedeitung mol fräiwëlleg, mol gezwongen verännere kann-

"Der Verrückte in den Dünen" ass en historeschen, literareschen a philosopheschen Exkurs an d'Welt vun vergaangenen, erdreemten an erfonnten Utopien, e weidert klengt Meeschterwierk vum Uwe Timm.