En "hors-champ" an den historesche Kontext setzen
De Mëttwoch hate mir Iech mat duerch dem Christian Aschman seng Fotoausstellung "hors-champ" am CNA zu Diddeleng geholl. Et handelt sech ëm eng Aart objektiv a subjektiv Dokumentatioun vum Mierscher Agrozenter, deen 1959 opgaange war a mëttlerweil zum groussen Deel ofgerappt ginn ass. Vu datt an der Expo just 90 vun 800 Fotoe gewise kënne ginn, nieft der visueller och eng gréisser archivaresch Recherche geleescht gi war, huet de CNA décidéiert, e Buch mat weidere Fotoen an Texter erauszebréngen. D'Kerstin Thalau ass vun der Marguy Conzémius vum CNA méi doriwwer gewuer ginn.

E verloossenen, ramponéierten Industriekomplex virun a wärend senger Demolitioun fotografesch festhalen, ass wéi e Kettekarussell ouni Ketten a Kierfercher, e Kannerflieger a plastiks Protektiounshousse oder eng Flaatsch Glace um Glacis, no der Fermeture vun der Schueberfouer knipsen, oder? Nee, fënnt d'Marguy Conzémius vum CNA: de Mierscher Agrozenter ass fir ëmmer verschwonnen.
D'Leit hanner dem Silo
Bei éischten Excursiounen um Site an duerch Gebaier vu Silo iwwer Kärenhal bis Schluechthaus hunn d'Marguy Conzemius an de Christian Aschman verschidde Skurrilitéiten entdeckt: visionär architektonesch Elementer, knalleg industriell Maschinnen - Skulpture quasi - en eleganten an nobele Reuniounssall, nieft der Kantin eng Tapéit mat den Niagarafäll, vun enger Firma aus dem Elsass, Konschthandwierk, dat haut klasséiert ass.
D'Fro huet sech opgedrängt, wien déi Mënschen hanner der Konstruktioun waren. Do war de Mathias Berns, den deemolegen Direkter vun der Bauerenzentral, bekannt fir säin exquisitte Goût, dann de Lëtzebuerger Architekt Arthur Thill, eng Connaissance vum Berns, dee sech ë.a. mat sengem Entworf fir d'Chemikalien- a Parfumsmanufaktur "Geisha", senger Renovatioun vum Kino "Marivaux", der Innenarchitektur vum Hotel "Cravat", en Numm gemaach hat, an och nach eng schwedesch Baufirma. Den Duo Conzemius-Aschman huet all Bausteen ëmgedréint, an no an no privat an ëffentlech Archive fonnt, och iwwer d'Grenzen eraus.
Et heescht "Vill Kuef gëtt wéineg Kären", wéi also an dësem Fall, fir eng Publikatioun fir de grand public, de Kuef vum Weess trennen, fir an der Silosprooch ze bleiwen? D'Marguy Conzemius huet d'Konschthistorikerin Antoinette Lorang mat an d'Boot geholl. Déi huet d'Informatioune gefiltert, mat hirem Wëssen ugeräichert an d'Buch mat hire Konklusiounen alimentéiert.
Mat senger Aarbecht huet de CNA en eenzegaartege Patrimoine op seng Manéier erhalen. De Projet "hors-champ" ass net als Polemik iwwer d'Ofrappe vum Mierscher Agrozenter geduecht. Der Ëffentlechkeet soll fräi iwwerlooss sinn, wat si aus de Fotoen an den Texter fir sech erauszitt.