Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En intelligenten an ofwiesslungsräichen Dialog

Daniel Kehlmann - Der unsichtbare Drache

En intelligenten an ofwiesslungsräichen Dialog

"Der unsichtbare Drache" ass e Gespréich an Interviewform, dat de Literaturwëssenschaftler, Lyriker an Iwwersetzer Heinrich Detering am Summer 2018 mam éisträicheschen Auteur Daniel Kehlmann geféiert huet an a Buchform publizéiert gouf.

auto_stories

3 min

Wat beweegt an inspiréiert e Schrëftsteller? Dat ass eng Fro, déi ee sech besonnesch bei engem erfollegräichen Auteur wéi dem Kehlmann stellt. 2005 geléngt him de groussen Duerchbroch mat "Die Vermessung der Welt". D'Wierk gouf a méi wéi 40 Sproochen iwwersat a weltwäit iwwer sechs Millioune Mol verkaf.

Den Heinrich Detering këddelt mat Fangerspëtzegefill seng Gedanken, Inspiratiounsquellen an Usiichten eraus a bréngt hien dozou, och iwwer seng Schwächten ze schwätzen a Sujeten, déi him desagreabel sinn. Den Detering huet den Don, d'Gespréich ëmmer nees op interessant Pisten ze bréngen, Aussoen ze hannerfroen oder op de Punkt ze bréngen an am richtege Mooss Recht ze ginn oder ze widderspriechen.

Groussen Interessi u Form a Philosophie

Ee Sujet, deen am Virdergrond steet, ass dem Kehlmann säin Interessi u philosophesche Sujeten, e Fach, dat hien zu Wien studéiert huet. Dat bréngt hien dozou, sech fir d'éischt mat der Form vun engem neie Wierk ze befaassen an eréischt dono d'Personnagen an d'Handlung entstoen ze loossen.

Och ass doduerch seng Virléift begrënnt, Paradoxer, metaphysesch Rollespiller an Theorie wéi déi vum Boltzmann-Gehir mat anzebannen. Si ass benannt nom Physiker Ludwig Boltzmann a beseet, datt sech am Vakuum zoufälleg e Gehir kéint forméieren, dat sech eis Welt a seng eegen Erënnerungen abilt. Theoretesch kéinte mir all sou ee Gehir sinn an d'Realitéit just eng Halluzinatioun.

Als Lieser gi mir ausserdeem gewuer, datt de Kehlmann net un absolut Wourechte gleeft, mee d'Realitéit an de Mënsch als eng Zomm vu Widderspréch ugesäit. Allerdéngs gëtt him dat och reprochéiert:

"Da schwingt sehr leicht, und ich habe das nun oft genug gehört, der Vorwurf mit, das sei ja alles intelligent - das "Wort intelligent" ist im deutschen Diskurs immer ein Vorwurf - aber es fehlte die Seele, es fehlten das Leben und das große Gefühl und so weiter."

E Faibel fir erfonnte Wiesen

E weidere Sujet, deen den Auteur faszinéiert, si Geeschter an Ongeheier. Si kommen a bal all senge Wierker vir a kontrastéiere mat senger rationalistescher Säit. An "Tyll" beispillsweis ginn et zwee Geléierter, déi no engem Draach sichen. Dësen "onsichtbaren Draach" huet och dem Gespréich säin Titel ginn. Eigentlech sollt dës Sich sënnlos a komödiantesch bleiwen. Well Draache ginn et jo net wierklech! Um Enn koum awer alles anescht:

"Und dann, ich weiß noch, saß ich in meinem Büro in der New York Library und dachte zu meiner eigenen Verblüffung: So, und jetzt kommt der Drache! [...] Ich habe mir sofort gesagt, dass das Unsinn ist, aber dann dachte ich, ach, schreib's doch einfach, weil: später streichen ist ja leicht [...] und dann habe ich diesen Absatz, so wie er jetzt dasteht, hingeschrieben von dem letzten Drachen des Nordens und seinem Tod. Und ich habe die ganze Zeit vor mich hin gelacht. Ich war wirklich glücklich."

Eng Lektür, aus där ee villes fortdréit

Et ginn am Verlaf vum Gespréich nach ganz vill aner Themen ugeschnidden, wéi dem Kehlmann seng Siicht op de postmodernen Theater. Si kënnen op dëser Plaz awer net all ernimmt ginn.

Wie méi wëllt gewuer ginn, ass häerzlech invitéiert, sech selwer gutt 200 Säite laang vum ofwiesslungsräichen, éierlechen an intelligent geféierten Dialog inspiréieren ze loossen. Et lount sech garantéiert!