Radioen

On air

De Moien  |  Sly & The Family Stone - Everyday People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En "onmäerchenhaft" Mäerchen

Kino

En "onmäerchenhaft" Mäerchen

Kanner hunn imaginär Frënn, net just Eenzelkanner, mä Kanner am grousse Ganzen. An dës Frënn kënnen allméiglech Formen hunn. D'Notioun vun den imaginäre Frënn huet d'Geschichtenerzieler, zanter et Literatur fir Jonker gëtt, ëmmer nees tentéiert. Och am Film gëtt déi Thematik ëmmer nees gären opgegraff. An de Filmer mussen dës imaginär Frënn awer liicht ëmgewandelt op den Ecran bruecht ginn.

auto_stories

3 min

Réckbléck: Den Disney-Animatioun Studio "Pixar" huet an "Inside Out" nach probéiert d'Banneliewen am Kapp vun engem bal pubertéierende Meedchen ze materialiséieren. Inklusiv dem "Bing Bong", engem rosa Elefantenhybridwiesen, deen den imaginäre Frënd vun der Haaptprotagonistin war. An de leschte Joren hu sech ëmmer nees gären iwwerdimensionéiert Véi an Ähnleches op d'Säit vun de Kanner gestallt.

An "The Iron Giant" stoung während dem kale Krich e 50 Meter grousse Roboter engem Kand zur Säit. A ganz rezent eréischt: "The Big Friendly Giant" vum Steven Spielberg oder "Pete's Dragon" aus dem Haus Disney, wou e Weesekand mat Hëllef vun engem Draach am Bësch opwiisst. Ganz aktuell ass et elo "A Monster Calls" vum spuenesche Realisateur Juan Antonio Bayona.

D'Stëmm vum Liam Neeson

D'Literaturverfilmung vum Patrick Ness erzielt vum jonke Conor O'Malley, deem grad alles iwwert de Kapp wiisst. Seng Mamm ass schwéier krank, d'Groussmamm ass kal ewéi e Steen a gläichzäiteg gëtt hien an der Schoul vu Matschüler gehänselt.

De Conor zeechent a senger Fräizäit an och Nuets, wann hien net schlofe kann. Kuerz no Hallefnuecht erwächt e Monster a Form vun engem Bamwiesen, mat rouden Aen, an enger immens déiwer Stëmm – der Stëmm vum Liam Neeson. Um Wee fir bei de Conor gëtt alles plattgewalzt. D'Monster hëlt sech vir, dem Conor dräi Geschichten z'erzielen, éier de Bouf dann déi véiert Geschicht erziele muss.

E Film deen d'Buchvirlag net verréit

Sou didaktesch dat op den éischte Bléck och kléngt, esou bréngt de Film et fäerdeg, dem Patrick Ness sengem Buch trei ze bleiwen, a gläichzäiteg awer och als Film ganz eleng op eegene Féiss ze stoen. Vläicht läit et um Patrick Ness sengem Dréibuch, dat hien aus sengem eegene Buch erauskristalliséiert huet. Hie gehéiert zu deene wéinegen Auteuren, déi un der Filmadaptatioun vum eegene Buch e Wiertche matzeschwätzen haten.

D'J.K. Rowling ass natierlech ganz prominent, och wa si d'Dréibicher fir d'"Harry Potter"-Filmer ni selwer geschriwwen huet. De Stephen Chbosky, Auteur vun "The Perks of Being A Wallflower " fält engem an deem Kontext och nach an. Hie verléiert ni déi däischter Elementer aus den Aen a versicht se mat de fantasteschen Elementer am Gläichgewiicht ze halen.

Konfrontatioun mam Doud a jonke Joren

De Juan Antonio Bayona huet schonn ëmmer a senge Filmer Kanner a Jonker an de Mëttelpunkt gestallt a se mam Doud konfrontéiert. Mam Patrick Ness huet hien en Acolyt fonnt, mat deem hie seng thematesch Virléift wuel am ausgeglachensten a poeteschste verschafft krut.

Deenen engen dierf alles eng Grëtz ze simplistesch sinn. All déi aner loosse sech garantéiert vun engem Film iwwerwältegen, dee Grouss a Kleng mam Doud a mam Verloscht vu Léif-Gewonnenem reconciliéiert.

Zwou Actricen an eng Stëmm iwwerzeegen

De jonken Acteur Lewis MacDougall ass appropriéiert gutt. Mee et sinn d'Fraen déi am Film iwwerraschen. D'Felicity Jones an der Roll vun der kranker Mamm bréngt et, ganz am Géigendeel zu hirem Personnage am "Rogue One - A Star Wars Story" fäerdeg, mat wéineg villes ze iwwerdroen. D'Sigourney Weaver als onemphatesch, mä verständlech iwwerfuerdert Groussmamm ass iwwerzeegend. An dem Liam Neeson seng Stëmm passt ewéi d'Fauscht op d'A. Mol kucken op hien am neie Martin Scorsese-Film "Silence" genee esou op der Héicht ass...

"A Monster Calls" ass e Mäerchen, dat zum Deel beonrouegend onmäerchenhaft Zich kritt. Wien och just nëmmen ee Mënsch am Liewe verluer huet, dierf am leschten Akt vum Film gepakt gi vun engem Mooss u Gefill, dat sech vun all Notioun vu Kitsch an Trauregkeet ewechzitt. Mat esou enger Éierlechkeet bei dëser Thematik dierfte 6-järeger nach iwwerfuerdert sinn, mä mat aacht oder néng Joer kann een de Klengen de Film zoutrauen.