Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Villagers - You Lucky One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Zockeriwwerschoss-ähnleche Computergrafik-Film

KINO

En Zockeriwwerschoss-ähnleche Computergrafik-Film

Comicbuchadaptatioune sinn zënter ville Joren e Garant fir Box Office Succès. Wat geschitt awer, wann en europäesche Realisateur, e Fransous, e Rekordbudget kritt an esou e Film dierf maachen? Dem Luc Besson ass et genee esou ergaangen.

auto_stories

4 min

De Valérian an d'Laureline sinn, wéi schonn an de Bande Dessinéeën aus de Fiedere vun den Häre Pierre Christin a Jean-Claude Mézières virgesinn, spatio-temporal Geheimagenten am Optrag vun der intergalaktescher Regierung. De Valérian ass net just e Beau Gosse, e schmocke Womanizer, dee senger Co-Coequipière all Ament ze verstoe wëll ginn, datt hie wierklech wierklech frou mat hir ass. Hien ass och de Versuch vun engem äiskale Han Solo-Typ, dee keng Angscht huet, seng Haut hierzehalen.

D'Laureline dogéint ass net just "d'Belle Gosse", och wann hatt an engem Bikini an de Film agefouert gëtt a säi Co-Equipier ëmmer nees e bëssi op d'Schëff schéckt. Mä d'Laureline ass op d'mannst esou eng cool "kick-ass" Heldin, wéi déi männlech Konterpartie an hëlleft, hien ëmmer nees a Schlësselsituatiounen aus der Bredouille ze kréien.

Eng ganz Galaxie an d'Verdiewen dreiwen?

A Missioun vum Verdeedegungsminister Herbie Hancock maache sech déi zwee Helden a Richtung "Alpha", enger ISS-ähnlecher Raumstatioun, déi iwwer d'Joerhonnerten, Dausende vu Spezies aus allen Ecke vum Universum zesummebruecht huet, fir do hir Kompetenzen, Technologien a Ressourcen ze deelen. Mä op Alpha ass net jiddereen op dat Zesummeliewen aus a genee déi antagonistesch Muecht riskéiert, déi ganz Galaxie an d'Verdierwen ze dreiwen.

Mat engem McGuffin an der Form vun engem klenge Mierschwéngchen-ähnlechen Déierchen, dat och emol kleng Pärelcher ausscheet, eng Reliquie vun engem zerstéierte Planéit a seng Awunner, versichen déi zwee Helden där Gefor op de Grond ze kommen.

En Häerzensprojet vum franséische Realisateur

De Plot zum Deel riicht op de Punkt ze kréien, ass en aussergewéinlech komplizéierten Exercice. Mä dem Luc Besson seng Stäerkte louchen nach ni a sengem Schreiwes. D'Adaptatioun vum Christin an dem Mézières senge "Valérian a Laureline" Bande Dessinéeën, déi viru bal 50 Joer eng éischte Kéier publizéiert goufen, ass zënter op d'mannst zwee Joerzéngten e Projet, deen dem Realisateur vu Filmer wéi "The Fifth Element" a "Léon" absolut um Häerz läit. E Projet, dee scho laang an der Maach ass, deen awer elo anscheinend eréischt technesch méiglech war, ze realiséieren.

Genee esou huet de George Lucas virun 20 Joer och geschwat an huet dunn d'Kandheet vum hallwe Planéit futti gemaach, andeems hien de Prequel-Film vum Star Wars erausbruecht huet. Keng Suerg, "Valerian and the City of a Thousand Planets" ass Liichtjore vun enger ähnlecher Katastroph ewech.

E verréckten, zesummegetrommmelte Cast

Als alleréischt ass dat vläicht, well d'Valérian-Comics an eben dës Adaptatioun nach laang net esou vill Leit picken, wéi de Star Wars Universum. Mä well de Film och als eng Zort Héichpunkt am Liewe vum Besson als Regisseur a Produzent ze verstoen ass. Elo eréischt huet hie bal 200 Milliounen Euro zesummegetrommelt, e Rekordbudget fir Frankräich, fir ënner anerem 1.200 Leit un de Computeren an un den Effekter z'engagéieren.

D'Sängerin Rihanna huet och eng Roll am Luc Besson sengem "Valerian and the City of a Thousand Planets"

Den Herbie Hancock ass dobäi och just nëmmen ee verréckte Castingchoix. D'Rihanna als Shape-Shifting Cabaretdänzerin, den Ethan Hawke als Neon-Cowboy-Zuhälter mat Nuespiercing, de Clive Owen als Mickie-Maus-Nazi-Generol an eng ganz Liga vu gestanene franséische Realisateuren. Den Alain Chabat an de Xavier Giannoli trieden an dësem faarweg, kitschegen zwou Stonne 15 Minutte Magnum Opus vum Besson och iergendwann op.

Staark Fraen an de Filmer vum Luc Besson

Firwat sinn all déi Leit do? Mécht dat Sënn? Neen, net onbedéngt. Mä de Besson kann an dofir mécht hien et. Méi erfreelech ass de Casting vum Mannequin an neierdéngs Actrice Cara Delevingne an der Roll vum Laureline. Hire Comic-Pendant steet als Modell fir all Besson-Heldinnen. Vum Leloo aus "The Fifth Element", Nikita aus "Nikita" a Lucy aus "Lucy".

Dem Besson kann ee wierklech Villes virgeheien, mä hien ass ee vun de wéinege Realisateuren, deen am Mainstream-Genre-Kino eemol ofgesi vun der Qualitéit, staark Fraepersonnagen optriede léisst. De Film ass natierlech vill ze laang an iergendwann gëtt et engem bei der ganzer Zockeriwwerschoss-ähnlecher 3-D-Computergrafik vun deene ganze Faarwe schlecht.

Zuelen am Box Office gesinn net gutt aus

Mä aus iergendengem Grond muss een déi naiv iwwerlueden, faarweg a wierklech ästhetesch kitscheg Effekt-Space-Oper-Bonanza respektéieren. Hoffe mer just, dat de Besson sech mat sengem Häerzensprojet net komplett ruinéiert. D'Box Office-Zuele gesinn net gutt aus.

A wie soll an Zukunft all déi schrecklech schlecht Action-Filmer mam Jason Statham an dem Liam Neeson produzéieren?