Radioen

On air

Notturno  |  Nick Zubeck, Felicity Williams & Karen Ng - Time Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ IS vu Palmyra verdriwwen - Enn vum "Kultur-Terror"?

Syrien

IS vu Palmyra verdriwwen - Enn vum "Kultur-Terror"?

D'Terrormiliz "Islamesche Staat" gouf de 27. Mäerz a Syrien aus der historescher Stad Palmyra verdriwwen. Déi däitsch Noriichtenagence DPA huet hir Meldung iwwerschriwwe mat: "Ende des Kultur-Terrors". Wierklech?, freet d'Valerija Berdi an engem Meenungsbäitrag.

auto_stories

9 min

Valerija Berdi

D’Enn vum Kulturterror, tittelt den dpa-Journalist Benno Schwinghammer säi Bericht iwwer d'Verdreiwung vun den Daesh-Kämpfer aus Palmyra. E Gronn, frou ze sinn? Gewëss! Och ouni de Bashar Al-Assad als grousse Verdeedeger vu Fräiheet, Mënschlechkeet a Fridde mussen ze gesinn, schéngt engem alles besser wéi en IS-Kalifat un der Muecht, egal op wéi engem Fleck vun der Äerd.

Just... et schéngt iergendwéi gutt ze sinn, datt et dës Djihadiste gëtt. Duerch hiren Terror kënne munnech vergaangen a haaptsächlech aktuell Verbrieche vergiess, verdrängt a vernoléissegt ginn. Et kritt een den Androck, Daesh hätt all Verbriechen, dat et gëtt, erfonnt, sou wéi eben d'Zerstéierung vu bedeitende Monumenter.

Alles ass IS an IS ass iwwerall. Wou de Fliger e Méinden entfouert ginn ass, duecht ech, den Terrorismus mécht keng Paus, wou e Sonnden de Moie Schëss am Capitol zu Washington gemellt gi sinn, ware manipuléiert Gedanken direkt präsent a mengem Kapp... An da muss ech mer awer dauernd unhéieren, datt jo net all Flüchtling heihinner kënnt fir d'Wäerter vu menger opgekläerter Welt mat dem däischteren Islam ze bedecken an datt den arabesch-schwätzende Mann am Zuch keng Bomm an der Täsch oder ëm de Bauch gewéckelt huet... sou wéi wann dat net selbstriedend wier...

"Eis Mediewelt zerstéiert déi oppen, virwëtzeg a mënschlech Gedanken an eise Käpp"

Et muss eng gutt Woch no “9/11” gewiescht sinn, wou ech meng Telé ewech geheit hunn, well ech keng Loscht méi hat, mäi Kapp der nei ugebrachener Gehierwäsch-Ära weider zur Verfügung ze stellen... Deen Zäitgeescht verbreed sech ëmmer méi an huet mech och ergraff, ech fänken och un, d'Migranten ze verdeedegen, och dann,  wa kee se ugräift, mech kloer ze positionéieren, just fir datt keen op d'Iddi kéim, ech kéint eppes géint di moslemesch Kultur hunn, well ech keng Verfechterin vun der Burka sinn. Mee zeréck zum sougenannte Kulturterror. Zeréck? Oder si mer da net matzen dran? Sou wéi d'IS-Milizen Tempelen, déi Pluralitéit a Vereenegung vu Kulture symboliséieren, zerstéieren, zerstéiert eis Mediewelt déi oppen, virwëtzeg a mënschlech Gedanken an eise Käpp.

Si maachen d'Spill vun Daesh mat, andeems se d'Opnahme vun den Ermuerdungen an Zerstéierungen ëmmer méi räissereg weisen, kommentéieren, verdäiwelen... Dem IS geet et net just ëm d'Zerstéierung vum kulturelle Gutt, si wësse genee, wat si domat ausléisen. Géif et just dorëms goen, da géifen se alles zerstéieren a net all déi mobil Konschtwierker, virun allem an Europa an an den USA, verkafen an domat hire Krich finanzéieren – et handelt sech hei, laut der UNESCO an Interpol, ëm Milliarden US-Dollar - a wieren eis Regierungen um Verhënnere vun dësem Handel interesséiert, da géifen déi geplangten EU-Gesetzer e bësse méi séier ëmgesat ginn.

"Mir maachen eis Grenzen zou fir Mënschen, déi genee virun deene fortlafen, déi dës Steng zerstéieren"

Et deet wéi ze gesinn, wéi all déi dausend Joer al Herrlechkeeten einfach zerstéiert ginn, sou wéi et och viru genee 15 Joer grausam war gewuer ze ginn, datt d'Taliban déi buddhistesch Statue vu Bamiyan vernicht hunn. Et huet mech perséinlech extrem entsat, wou d'Vijecnica, d'Nationalbibliothéik zu Sarajevo, vu serbesche Granaten zerstéiert gouf, déi 427 Joer al Bréck zu Mostar, Symbol vum Balkan, vu kroateschen Zaldote mat Panzergeschoss eliminéiert ginn ass, a wou ze Kosovo a Metohija orthodox Kierchen a Kléischter mat Fresken aus dem 14. Joerhonnert vun der UCK niddergebrannt an an d'Luucht gesprengt gi sinn.

Mee während mir hei iwwer d'Symbolik vu Steng diskutéieren, maache mer eis Grenzen zou fir Mënschen, déi genee virun deene fortlafen, déi dës Steng zerstéieren. An do stëmmt d'Saach net méi fir mech. Ech wëll net Mënscheliewe géint Kulturgidder opweien a froen, wat méi wichteg ass, dat wier puren Zynismus a Polemik a Moralinseier gezaapt. Wat mech irritéiert ass de Medienterror, deem mir hei ausgesat ginn, well jidderee wëll den éischten, den dramateschsten an de räisseregste sinn, an do gëtt emol net méi iwwer d' Bedeitung vu Wieder an deem Nonsens vun Aussoen nogeduecht.

Well, Ende des Kulturterrors”? Kulturterror? Wat heescht dat iwwerhaapt? Et wier jo mol eppes anescht, wa mer vun der Kultur géifen terroriséiert ginn, vläicht wiere mer dann och bereet, d'Aen an d’Ouere méi verschäerft anzesetzen, eis Zäit ze huelen, iwwer all déi homogen Informatioune méi distanzéiert ze reflektéieren... Während ech mer hei dës Gedanke maachen, komme weider Noriichten, datt d'Weltkulturierwen awer net esou schlëmm zerstéiert wier an datt scho gestridde gëtt, wéi a wéini et erëm rekonstruéiert gëtt. Ma wonnerbar, just sollt net mol fir d'éischt déi zerstéiert Kultur an eise Käpp erëm opgebaut ginn, well d'Steng... déi si gedëlleg... Zu Mostar verbannen se erëm déi zwee Ufere vun der Neretva. Op d'Verbonnenheet tëschent de Mënsche waarden se nach...