Radioen

On air

Notturno  |  Mark Renner - Half A Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Familljesaga, déi op allen Niveaue faszinéiert

Buchtipp fir de Summer

Eng Familljesaga, déi op allen Niveaue faszinéiert

Wéi vill Orient ass nach an engem Mënsch, deen an der franséischer Sprooch doheem ass? Deen all Moien zu Paräis erwächt an do net den traditionelle Téi, mä säi klenge Kaffi drénkt? De Versuch déi zwou Welten, déi westlech an déi ëstlech, an Aklang ze bréngen, geléngt der franco-iranescher Schrëftstellerin Négar Djavadi an "Désorientale" mat vill Humor, Intelligenz a Liewesfreed.

auto_stories

3 min

Geschicht, Fiktioun, Erënnerung, Politik, Traditioun, Fortschrëtt ... Als eng Zort moderne Bildungsroman kann een "Désorientale" bezeechnen. Et ass dat éischt literarescht Wierk vun der franco-iranescher Schrëftstellerin Négar Djavadi.

Kuerz zu der Autorin: D'Négar Djavadi ass mat eelef Joer mat hirer Mamm an hire Schwësteren aus dem Iran geflücht. Dat war am éischte Joer no der islamescher Revolutioun, ee Joer nodeem de Schah ofgesat an den Ajatollah Chomeini d'Muecht iwwerholl huet.

Net vill Biographesches

No engem laange Marsch zu Fouss, um Päerd, duerch d'Keelt vun de Bierger an d'Hëtzt vum Süden, a permanenter Gefor den Doud ze fannen, war et der Négar Djavadi an hirer Famill gelongen a Frankräich en neit Liewen opzebauen. An dës Flucht ass och dat eenzegt Biographescht, wat am Roman "Désorientale" ze liesen ass, behaapt d'Schrëftstellerin, déi bis elo als Cineastin a Regisseurin geschafft huet.

D'Négar Djavadi staamt wéi hir Protagonistin aus enger héich gebilter Famill an huet zu Teheran eng franséisch Schoul besicht.

Lieser gëtt Zeie vun Traditioun an déiwem Glawen

De Roman fänkt zu Paräis un. D'Erzielerin Kimia sëtzt an der Salle d'attente vun enger Klinik. Si huet e Rendez-vous fir eng kënschtlech Befruchtung an d'Weeër ze leeden a si erënnert sech un hir Kandheet am Iran. Un hir Mamm Sara, déi si, zënter datt dës Fra dement ginn ass, Mamam nennt. Un hire Papp, deen als Journalist ee vun den éischten Affer vun der iranescher Neiuerdnung gëtt.

Iwwer véier Generatioune verdeelt sech d'Geschicht, déi d'Négar Djavadi hei erzielt. Si ass net chronologesch, si spréngt vun enger Generatioun an déi nächst, wou de Lieser déi onwahrscheinlech Ännerungen an engem Land materlieft, dat haut nach ëmmer d'Welt politesch beréiert. An dat war och d'Haaptursaach, firwat d'Négar Djavadi dës Familljesaga geschriwwen huet: Fir den Europäer d'Vergaangenheet an de Present vum Iran méi nozebréngen.

A sou wandert de Lieser duerch den Harem vum Urgrousspapp, gëtt Zeie vun Traditioun an déiwem Glawen, fir op der nächster Säit déi mondän Welt vun de Bildungsbierger ënnert dem Schah sengem Regime ze begéinen, verléiert sech an de Stroosse vun Teheran, déi no der islamescher Revolutioun net just den Numm geännert hunn ...

"Je ne le verrais plus jamais"

E Roman, deen nodenklech mécht, well d'Erzielerin d'Lieser direkt uschwätzt, hinnen an awer och sech selwer Froe stellt a sech selwer a Fro stellt:

"Comment est-ce possible que là-bas existe encore et que je n'en fasse plus partie ? Comment une telle absurdité avait-elle pu se produire ? Bien entendu, je connaissais la réponse à toutes ces questions, et à bien d'autres, mais elle ne suffisait pas à expliquer l'impression oppressante de cruauté et d'injustice qui m'écrasait, et m'écrase encore, quand j'y pense. À vrai dire, Oncle Numéro 2 avait disparu depuis très longtemps et l'annonce de sa mort ne venait que confirmer ce que je savais déjà : je ne le verrais plus jamais. Je l'avais su au moment même où mes pieds, chaussés des bottes de ma mère, avaient dépassé la ligne virtuelle de la frontière entre l'Iran et la Turquie, aux alentours de quatre heures trente du matin, le 25 mars 1981."

D'Sich no der Identitéit

Et ass e kritesche Bléck, deen d'Négar Djavadi op hiert Gebuertsland, awer och op de Weste geheit. Eng Vu aus der Perspektiv vum Kand, vun der jonker Fra, vun der erwuessener Fra, déi an hire Gedanken hir eege Vergaangenheet an d'Vergaangenheet vum Iran Revue passéiere léisst a probéiert, déi zwou Welten an Aklang ze bréngen. Et ass eng Sich no der Identitéit, no der Fräiheet, an engem präzisen an duerchduechte Stil. E Buch mat vill Humor, Intelligenz a Liewesfreed tëschent den Deckelen. E Roman, an deem ee sech ganz gäre verléiert.

"Désorientale" ass am Verlag Liana Lévi publizéiert.