Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng fantastesch Fra

Kino

Eng fantastesch Fra

E gudde Libesfilm bleift ganz einfach e gudde Libesfilm. Dann ass et net esou wichteg, ob de Film aus Südamerika kënnt, oder ob et ëm transgender Leit geet. "Una mujer fantástica" ass esou e Film.

auto_stories

3 min

Transgender-Sujete ginn am Kino net dacks traitéiert. Mä et ginn zu dëser Thematik wierklech gutt a schéi Filmer, wéi "The Crying Game", "The Adventures of Priscilla Queen of the Desert", "Hedwig and the Angry Inch", "Transamerica", "Todo Sobre Mi Madre" an natierlech "Boys Don't Cry". Och wann dës Fiktiounsfilmer an Documentairen net de grousse Box-Office Succès haten, wéi Philadelphia fir d'AIDS -Thematik.

"Una mujer fantástica" vum Sebastian Lelio reit sech an dës Traditioun vu Filmer an, gläichzäiteg awer guer net. An dat aus engem scho bal offensichtlech onoffensichtleche Fait. D'Haaptroll gëtt vun enger wierklecher Transgender-Fra assuréiert - vläicht net just en Detail.

Eppes Schreckleches

D'Daniela Vega ass dës Fra. Si spillt d'Marina, déi frou ass mam Orlando. Den Orlando ass och frou mat hir. Zesumme verbréngen si en Owend a maache Pläng fir eng Vakanz. Hatt wunnt och bei him. An der Nuecht geschitt eppes Schreckleches. Den 20 Joer méi alen Orlando mécht en Hireschlag a stierft.

D'Marina kontaktéiert d'Famill a gëtt vun där Minutt u vun dëser Famill ausgeschloss. Et steet net zur Debatt, dat hatt um Begriefnis däerf deelhuelen. D'Police mengt souguer, d'Marina hätt eppes mam Doud vum Orlando ze doen. An da kritt d'Marina nach dee vum Orlando geschenkte Mupp ewech geholl.

Wat duerno kënnt, ass d'Lutte ëm Dignitéit an Akzeptanz, mä virun allem d'Méiglechkeet, en Deuil ze maachen. En Deuil vun engem Mënsch, mat deem ee frou ass.

Den Titel vum Film, "Una mujer fantastica" ass dat Militantst um ganze Film. En insinuéiert de Parti pris géintiwwer dësem Personnage. An d'Mise en scène confirméiert dat. Mir Spectateure stinn dem Marina zur Säit, egal bei wat fir engem Ament, sief et schéin oder manner schéin.

Mat sensibeler Hand realiséiert

De Film hëlt sech bei enger normaler Dauer all Zäit vun der Welt, fir d'Situatiounen opzebauen. D'Libesgeschicht tëscht dem Marina an dem Orlando steet déi éischt 20 Minutten am Mëttelpunkt. Si gëtt mat enger roueger, sensibeler Hand realiséiert, fir datt och wierklech jidderee versteet, wéi normal a wonnerschéi si ass.

Och mat allen Elementer aus anere Genren, bleift de Film schlussendlech e Libesfilm, deen zwee Mënschen am Mëttelpunkt huet. Och wann d'Marina de gréissten Deel vum Film eleng ass, sou ass den Orlando ëmmer präsent.

Et ass en douce Film, deen déi gewinnte Coden, déi ee vläicht vun engem südamerikanesche Film iwwer net hetero-normativ Mënschen huet, net unhëlt. Keng Hysterie, esou gutt ewéi keng operenhaft Dramatik. Just duerch Leit baussent der Famill, Police an allgemenger Ëmwelt vum Marina, gëtt een drun erënnert, vu wou si kënnt. An dat ass de groussen Atout vum Film. Esou wéi et am "Wäissen Hai" net ëm e wäissen Hai geet, sou geet et an "Una mujer fantástica" net ëm en Transgender-Mënsch, mä ganz einfach ëm e Mënsch.