Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Will Smith - Gettin' Jiggy Wit It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Georgierin zu Frankfurt

Kultur

Eng Georgierin zu Frankfurt

Georgien war dëst Joer Gaaschtland op der Frankfurter Buchmesse. E Land tëschent Europa an Asien, dat versicht mat ganz vill Houfert seng Traditiounen ze erhalen ouni awer derbäi den Uschloss u Westeuropa ze verpassen. D'Valerija Berdi ass der georgescher Kulturmanagerin a Regisseurin Tamuna Gurchiani zu Frankfurt begéint.

auto_stories

3 min

Zanter 2011 schreift d'Tamuna Gurchiani sech fir den zäitgenësseschen Danzfestival a Georgien verantwortlech. E Festival, deen net just den Danz, mee och Konscht am breede Sënn am Fokus huet. Nei Konschtformen a Georgien ze bréngen, huet d'Kulturmanagerin sech als Zil gesat.

"Vor zehn Jahren gab es noch kein Grafiti oder Street Art in Georgien", seet d'Kulturmanagerin a Regisseurin. Am ëffentleche Konschtberäich misst nach vill geschéien an et wier wichteg, fir d'Bevëlkerung ze aktivéieren, fir datt am ëffentleche Raum, op der Strooss eppes geschitt.

Well, Georgien ass en aussergewéinlech traditionellt Land. Och fortschrëttlech an oppe Mënsche wéi d'Tamuna Gurchiani halen un der sougenannter nationaler Identitéit fest. An effektiv, de georgesche Pavillon op der Frankfurter Buchmesse spigelt genee dat erëm, wat d'Georgier hei och selwer erzielen: si wëllen de Visiteure Loscht maachen, Georgien mat senge Besonneschkeete kennen ze léieren an eng vun dëse Besonneschkeeten ass déi georgesch Sprooch an hir Schrëft.

Georgien als schéinen Deel vun der Sowjetunioun

Ënner dem Slogan "Made by characters" huet sech Georgien op der Frankfurter Buchmesse presentéiert a gemengt sinn do déi 33 eemoleg Buschtawen, déi net just eng wonnerschéi geschwonge Schrëft erginn, mee och d'Sprooch, mat, fir eis Oueren, ongewéinleche Lauter.

Mee net just d'Schrëft a Sprooch sinn Deeler vun enger Identitéit, un där d'Georgier festhalen. Och d'Iesse gehéiert dozou. D'Iessen hätt sech wahrscheinlech zanter Joerhonnerten net geännert. "Georgien versucht sich durch diese Originalität selbst zu erhalten, in dieser Welt, in der doch alles so vermischt und globalisiert ist", seet d'Tamuna Gurchiani.

D'Kulturmanagerin war nach een Teenager, wou d'Sowjetunioun auserneegebrach, a Georgien en onofhängege Staat gouf. Als Kand wier hir de strenge Regime net sou opgefall, well Georgien genee dat hat, wat d'Sowjetunioun net hat: "Sonne, gutes Essen und diese Fröhlichkeit."

D'Frankfurter Buchmesse als Chance

D'Traditioun fest am Grëff an awer och d'Sich no Kontakter a Westeuropa. Fir d'Tamuna Gurchiani ass d'Frankfurter Buchmesse eng grouss Chance fir déi georgesch Literatur och an Europa bekannt ze maachen.

Virun der Frankfurter Buchmesse wiere georgesch Auteure kaum iwwersat ginn. "Wir konnten alles lesen was man in der Welt geschrieben hat. Aber uns hat man weder gelesen noch verstanden." D'Frankfurter Buchmesse hätt dat geännert: Et goufe 17 Schrëftsteller op däitsch an aner Sproochen iwwersat.

An den 90er Jore war et déi däitsch Botschaft, déi sech als éischt a Georgien installéiert hat, a vill Studente kruten ouni Problem Stipendien an och e Visum fir an Däitschland ze studéieren; d'Tamuna Guriachi war eng vun hinnen.

D'georgesch, akademesch a kulturell Elite hätt an Däitschland studéiert, eréischt méi spéit wieren d'USA dobäi komm. An och nieft der Literatur an der Konscht ass de Wonsch, en Deel vun Europa ze sinn, ganz grouss.