Radioen

On air

Notturno  |  Quickly, Quickly - Falling Apart Without You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Geschicht iwwer "blutleer Charakteren"

Literatur

Eng Geschicht iwwer "blutleer Charakteren"

De Schwäizer Schrëftsteller Christian Kracht huet de 27. Oktober an de Rotonden zu Bouneweg säin neie Roman "Die Toten" virgestallt. Eng Biographie vun zwee Männer aus dem Filmgeschäft an den 1930er Joren.

auto_stories

3 min

Christian Kracht. Foto: Frauke Finsterwalder

"Ech wollt eigentlech e Buch iwwer den Däiwel schreiwen", seet de Christian Kracht op d'Fro, firwat hie säi Buch "Die Toten" genannt hat. Och eng Geschicht iwwer Vampire wier him an de Sënn komm. Dat wier jo den Ament en vogue. Mee domat war de Schwäizer och net zefridden: Dat ganzt "Brimborium mam Knuewelek, Kruzifix a mam Net-an-de-Spigel-kucke-kennen" hätt hie genervt. An esou gouf et e Roman iwwer, wei den Auteur selwer mengt, "blutleer Charakteren."

De fënnefte Roman vum Christian Kracht spillt ufanks vun de 1930er Joer an erzielt d’Biographie vun zwee Männer aus dem Filmgeschäft. An där konfliktbeluedener Zäit prallen déi westlech an déi japanesch Kulturen openeen. Verkierpert ginn déi verschidde Kulture vum japanesche Fonctionnaire Masahiko Amakasu, deen um japanesche Kulturministère fir déi national Filmindustrie zoustänneg ass; a vum schwäizer Filmregisseur Emil Nägeli.

Selbstmordphantasien an Desorientéierung

Bei der Liesung am ausverkaafte Sall vun de Rotonden huet de Christian Kracht eng gutt Stonn Auszich gelies, déi streng Kandheet vun deenen zwee Haaptpersonnage beliichten. De Masahiko Amakasu, als Kand "besonnesch besserwësseresch an droleg", huet mat knapps fënnef Joer ganz detailléiert Selbstmordphantasien a liest gären heemlech gewalttäteg Comics. Scho ganz fréi kënnt hien a en Internat, "eng vun den erbarmungsloseste Streechstuffen am Keeserräich". Op dat brutaalt Ëmfeld reagéiert de jonke Mann mat ëmmer méi sadisteschen an donkele Charakterzich.

Wéi de Kracht duerno am Gespréich mam Public seett, huet hien déi zwee Protagonisten als emanzipativ Facettë vun engem eenzege Charakter konzipéiert. Deementspriechend ass och d'Kandheet vum Emil Nägeli éischter däischter an duerchzunn vun Angscht an Zidderen.

Am Géigesaz zum brutale Japaner charakteriséiert sech de Schwäizer Protagonist duerch eng gewëss Weechheet an existenziell Desorientéierung. Déi éischt Erfahrung mat der brutaler Realitéit kritt den Emil Nägeli duerch säin Hues Sebastian: Wéi de klenge Bouf säin neit Hausdéier well fidderen, bäisst dat. Dat bréngt dem Emil säi Weltbild duercherneen.

Christian Kracht an de Rotonden. Foto IPW

A Japan begéine sech déi zwee Protagoniste wéinst engem skurrille Filmprojet vum Nägeli. An et kann ee sech denken, wéi situativ komesch an existenziell futti esou een Treffen auszegoen huet. Iwwert den Zeene läit d’Stëmmung vun de fréien 1930er Joren - eng Zäit, an där de Film als Konschtform d’Imaginatioun vun de Mënschen op brutal Manéier accaparéiere konnt. An eng Zäit vun de faschisteschen Ideologien, déi sech an Europa an och a Japan duerchsetze konnten.

"Die Toten" ass voll gepaakt mat Uspillungen a Verweiser op aner Romaner a Filmer. De Numm vum Nägeli sengem Hues Sebastian kënnt beispillsweis och an der Novelle vum Thomas Mann, "Der Tod in Venedig" op prominenter Plaz vir. Donieft orientéiert sech de Christian Kracht och um Vladimir Nabokov, andeems hie versicht eng nei stilistesch Klassizitéit z'etabléieren.

Beweegte Biller an eng latent Gefor

D'Haaptthema vum Roman ass de Medium Film an d'Fro, wéi eng Repercussiounen de Medium deemols op d’Mënschen hat. Deemols hu Projektiounen a beweegte Biller eng grouss Roll gespillt. Mee de Roman vermëttelt, datt vum Kino och eng latent Gefor ausgeet. Esou kuckt den Emil Nägeli en dänesche Film, dee matzen an der Virféierung a Flamen opgeet, well e falsch ageluecht ginn ass.

Wéi schonn dem Christian Kracht säi Buch "Imperium" aus dem Joer 2012, gouf och dat neit Wierk vum Public kontrovers opgeholl. Et muss een dovunner auszegoen, datt sech de scheie schwäizer Auteur bis zu sengem nächste Roman net méi dacks an der Ëffentlechkeet weise wäert. Den Ament lieft hie mat senger Famill zu Los Angeles. Datt et dem Institut Pierre Werner gelongen ass, hien an d’Groussregioun ze huelen, ass also och eng schéi Reussite fir Lëtzebuerg als Literaturstanduert.