Radioen

On air

Notturno  |  Eddie Kendricks - Intimate Friends

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng "Good Time" mam Robert Pattinson

Filmkritik

Eng "Good Time" mam Robert Pattinson

D'Thema vu "Good Time", dem neien an drëtte Film vun de Bridder Josh a Benny Safdie ass alles anescht ewéi weltbeweegend nei. D'Codë vum Kriminalfilm ginn hei genësserlech ongenësserlech duerch geknat. Mä d'Stäerkt vum Film ass den Haaptacteur Robert Pattinson deen eng villverspriechend artistesch Entwécklung gemaach huet.

auto_stories

3 min

Good Time spillt an de Vereenegte Staaten vun haut. Méi genee an der Banlieue vun New York. Zwee Bridder maache sech prett, fir eng Bank z'iwwerfalen. Si si kleng Fësch. Si sinn éischter Krimineller duerch d'Liewensëmstänn ginn, wéi duerch den Drang, vill Suen ze maachen.

D'Madame hannert dem Comptoir an der Bank kommunizéiert nach mat hinnen mat Hëllef vu Post-iten. Si gëtt hinnen ze verstoen, datt dat all d'Sue sinn, op déi si Accès huet. Mä si kréien hire Cash. Et schéngt schlussendlech ze klappen. Bis dann awer iergendwann alles schif geet. En Autosaccident an eng Course poursuite mat der Police, déi schlussendlech ee vun den zwee Brigange gepëtzt kritt. De grousse Brudder huet eng Nuecht Zäit fir Suen opzedreiwen, an de Klengen aus dem Prisong op "Rikers Island" erauszekréien.

En anert New York

De grousse Brudder, de Connie Nikas, gëtt gespillt vum Star Robert Pattinson. D'Police ass him geféierlech no. Mä et ass virun allem d'Gesetz vun der Strooss, dat tëscht Erléisung a Fall vun den zwee Männer decidéiert. Do denkt een un d'Fréiwierk vum Scorsese oder un egal wat fir een New Hollywood Regisseur, dee sech zanter de spéide 60er Joren mat der Kamera an d'Stroosse vun New York getraut huet.

D'Realisateure Josh a Benny Safdie an de Robert Pattinson, deen a 95 Prozent vun den Zeenen dran ass, hu sech och an d'Stroosse gewot. Dacks ouni Autorisatioun fir ze filmen. Mä dat New York, dat si weisen, ass en anert wéi dat aus vu Scorsese a Co.

De Rudy Giuliani huet zu New York an den 90er Jore soi-disant geraumt. Mä "Good Time" beweist, datt New York sech am Fong net wierklech opraume léisst. Fir d'Stones, wéi beim Scorsese, bleift do och keng Plaz. Keng Plaz fir falsch opgesate Romantik a Coolness. Amplaz kënnt en Albdram-hafte Synthesizersoundtrack vum Daniel Lopatin alias "Oneohtrix Point Never", deen engem d'Ofgrënn vun der insomniaker New Yorker Strooss méi haptesch erliewen deet. Alles anescht léisst de Regie-Duo am Raum hänken a se loossen hirem Public kee Raum fir einfach Äntwerten.

Kënnbaart, blond Hoer a Mythomanie

Wat stécht hannert dem Pattinson sengem Kënnbaart a senge blond getéinten Hoer? Vu wou kënnt sengem Personnage seng systematesch Mythomanie, déi hien am Laf vum Film an ëmmer méi onméiglech Situatioune bréngt? Zum Beispill och an d'Bett vun engem mannerjärege Meedchen, dat hien awer net kierperlech total ausnotzt.

Sécher ass: D'Identifikatioun mam Haaptpersonnage ass mat Schwieregkeete verbonnen. Esou wéi de Pattinson ee mat sengem Aktiounen ëmmer schéin op Distanz hält, sou gëtt ee vun der séierer, neon-agedauchtener Mise en scène vun de Bridder ëmmer nees voll mat eragezunn. En Zerräissspill, dat engem net erlaabt, sech ewech ze dréien. Expositioun a Motivatiounserklärunge ginn et wéineg, wann iwwerhaapt. Vun Ufank bis Schluss gëtt een an d'Aktioun era gehäit.

E villverspriechende Robert Pattinson

Et ass ee gezwonge sech, op Basis vun dem Verhalensmuster vum Pattinson sengen Doten, e Bild ze maachen. Fir d'Gesellschaft an d'Gesetz ass et komplett egal, wien dës Leit um ënneschten Träpplek sinn. Si gi se och just nëmmen no deem, wat se gemaach oder net gemaach hunn, zortéiert. Op där anerer Säit erlabe sech d'Bridder Safdie, d'Procedéë vun den ëffentlechen Institutiounen esou ze weisen, datt een ni weess, wéi een dozou stoe soll. D'Police, d'Spidol a virun allem de soziale Secteur spillen eng komplizéiert Roll.

D'Versprieche vun där "Good Time", déi den Titel offréiert, gëtt net agehalen. Éischter en Uneneereie vu Froen, déi just bedéngt beäntwert ginn. Eppes ass awer sécher: De Safdie-Duo soll een am Aen halen. A wien no dësem Film nach ëmmer gehässeg vum Robert Pattinson schwätzt, dee weess eng integer a kënschtleresch Entwécklung vun engem wierklech villverspriechende Schauspiller net ze schätzen.