Radioen

On air

Simon Says  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng interessant Geschicht mat e puer Problemer

The Red Sea Diving Resort vum Gideon Raff

Eng interessant Geschicht mat e puer Problemer

Am Kino ass Summerlach. An och op Netflix ass Summerlach. Virun e puer Wochen ass op der Plattform e Thriller mam Captain America, mam Chris Evans gelant, deen afrikanesch Judden an Israel rette wëllt.

auto_stories

3 min

Äthiopien, Enn den 1970er. Während dem Biergerkrich ginn d'Judden op der Plaz persecutéiert. De Film "The Red Sea Diving Resort" setzt do un, wou geheim Mossad-Agenten - Agenten also vum israelesche Geheimdéngscht - versichen, äthiopesch Judden aus dem Land ze kréien.

Während engem Rettungsversuch, deen nach esou just net an enger Katastroph endegt, gëtt den Haaptprotagonist vu senge Responsabele relegéiert an an Israel zeréckgeschéckt. Just, säi Grupp vun ze rettenden Äthiopier sëtzt elo am Sudan an engem Flüchtlingscamp. An net zu Jerusalem, wéi hien hinnen a virun allem engem Passeur dat versprach huet. Vu senger Famill verlooss, heckt den Agent an e puer Stonnen e Plang aus, deen esou onméiglech kléngt, datt hie vu senge Cheffen an dem zoustännege Minister gréng Luucht kritt.

De Plang: en Hotel op der sudanesescher Küst kafen, fir domadder d'Präsenz sur place ze legitiméieren an hanner dem Réck vu jiddwerengem d'Judde mat Hëllef vum israelesche Militär iwwer Waasser erauszekréien.

"The Red Sea Diving Resort" baséiert op Fait reellen. De Realisateur Gideon Raff huet sech dofir un tatsächleche Rettungsaktioune vum israelesche Militär an dem Mossad inspiréiert. Aktiounen, vun deenen eréischt zanter e puer Joer ëffentlech gewosst ass, datt et se gouf.

De Captain America himself, de Chris Evans, portraitéiert den Indiana Jones ënner de Mossad-Agenten, mat oppenem Hiem a Vollbaart - deen hie sech wuel scho fir "Avengers: Endgame" huet missen wuesse loossen - a leet e Grupp vu Personnagen, mat deem selwechte Look: hallefcool, oppent Hiem oder déif dekolletéiert, ëmmer perfekt coifféiert.

De Film huet e puer Problemer

Mee dat soll net den inherente Problem vum Film sinn. De Problem ass, datt déi rezent Filmgeschicht scho Filmer ervirbruecht huet, déi ähnlech Situatiounen an Zeen gesat hunn. Dixit: "Schindler's List" oder "Hotel Rwanda". Wann elo an dësem Netflix-Film Dialoge fale wéi "wien ee Liewe rett, rett d'ganzt Welt", kléngt dat eben net wéi en Zitat aus dem Talmud, mee wéi eng Kopie aus dem Dialog vum Spielberg-Film, wou de Ben Kingsley genee dat gesot huet.

Mee och dat ass net de wierkleche Problem. Dem Gideon Raff säin Dréibuch weess net wierklech, wat de Film wëllt sinn. Soll et en Heist-Film sinn, mat Musek vun Duran Duran, dee sech dem Hotel a sengen däitschen Tourist bewosst ass, fir esou niewebäi Mënschen ze retten - esou à la "Argo" vum Ben Affleck - oder sinn et awer déi psychologesch Implicatiounen, wéi se beim Spielberg a senge Filmer "Munich" an ebe "Schindler's List" am Mëttelpunkt stinn.

Eng interessant Geschicht, mee ...

Keng Suerg, psychologesch ass am "Red Sea Diving Resort" wierklech näischt, ugefaange bei de Personnagë bis hin zu de real-life Konsequenze vun de Rettunge vun de "schwaarze Judden", wéi si vum am Fong rassistesche Personnage vum Ben Kingsley an dësem Film genannt ginn. D'Äthiopier si just Schof, déi dem Hiert an d'Fräiheet nolafen.

Och de Personnage vum Passeur, gespillt vum Omar aus "The Wire Michael Kenneth William", ass total ënnerschriwwen an huet sou gutt wéi näischt ze soen, ausser de Film mat engem Voiceover unzefänken an op en Enn ze bréngen. Mee esoubal déi Stëmm verstëmmt, iwwerhuelen den Evans a seng Kolleegen d'Rudder vum Film an domadder d'Narrativ vum wäisse Mann als grousse Retter vun der Narrativ.

Schlussendlech ass et nees e Beispill vun enger héichinteressanter Geschicht, déi mam Bléck op déi aktuell sozio-politesch Situatioun an Israel nach méi interessant gëtt, déi mat engem gelangweilten, routinéierte Film "just" zu engem hallefgebakene Thriller verkënnt.