Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Adrian Crowley - Bread And Wine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Libeserklärung un d'Literatur

Literaresch Rares

Eng Libeserklärung un d'Literatur

De Student Adam Lozanić wëll just seng finanziell Situatioun verbesseren a geréit an déi turbulent Zäite vum 20. Joerhonnert um Balkan, well hie selwer op emol Protagonist am Roman ass, deen hie liesen a verbessere soll. Et ass eng Libeserklärung un d'Literatur vun engem vun de bedeitendsten zäitgenëssesche Schrëftsteller aus Serbien. Dem Goran Petrović a säi Roman "Die Villa am Rande der Zeit" ass d'Kiicht um Schockelaskichelche vun der aktueller serbescher Literatur.

auto_stories

3 min

E ganz skurrillen Optrag kritt de Slawistik-Student Adam Lozanic ugebueden, deem hien aus finanzielle Grënn net widderstoe kann. Hie soll e Buch iwwerschaffen, e Buch, vun deem et kee Manuskript gëtt, ausser deem liedergebonnenen Exemplar, dat hien an de Grapp gedréckt kritt. Fir d’éischt mécht den Adam sech op d’Spuer vum Auteur, mä och do bleift d’Saach geheimnisvoll. Hie fënnt keng Informatiounen iwwert de mysteriéise Schrëftsteller Anastas Branica.

Op der anerer Säit, eng eeler Damm, déi de Belgrader Adel esou wonnerbar representéiert: a Spëtzt a Satinshännchen. Distinguéiert, gebilt an nostalgesch. Natalija Dimitrijević an hir Gesellschafterin Jelena. E Jelena, dat keng Noriichte liest, näischt vun der Welt ronderëm sech wësse wëll. Eng jonk Fra ebe mat hirer eegener traureger Vergaangenheet.

E grot Belgrad an eng Welt voller Noblesse

Eng Geschicht, déi ganz dréchen en zimlech grot Belgrad zeechent, wou jidderee kuckt op déi eng oder aner Manéier e puer Su ze verdéngen, well och déi beschten Diplomer dacks just en Job als Taxichauffer oder Wiechter an engem Musée erméiglechen. An da gëtt een eragezunn an eng fantastesch Welt voller Noblesse, mat Rideauen aus gesträiftem Brokat, Wallisse mat plisséiertem Fudder, Miwwelen aus Zitrounenholz a pompejanesch-rout Tapéiten. An op emol ass een an der Villa um Bord vun der Zäit. Am Anastas Branica sengem Buch begéint een ominéise Mënschen, déi gläichzäiteg genee dëst Buch liesen an och dem Anastas an der Nathalie Houville. Den Anastas an d’Nathalie, déi ëmmer erëm an nëmmen do zesumme fannen, wou et fir si am Schéinsten ass: am Buch.

No dësem Roman liest ee ni méi wéi virdrun

"Die Villa am Rande der Zeit" ass eng vun de schéinste Libeserklärungen, déi ech jee gelies hunn. Eng Libeserklärung un d’Schreiwen an déi Schreiwend, un d‘Liesen an déi Liesend. Et ass eng Hommage un d’Literatur. Dem Goran Petrović geléngt hei esou eppes wéi eng literaresch virtuell Welt ze schafen, vun där aus e mageschen Zauber ausgeet a vun deem ee richteg absorbéiert gëtt. Et ass och eng Rees duerch d’Geschicht vu Jugoslawien, déi fréier Verbonnenheet mat Frankräich an der Renconter vun 100.000 Klengegkeeten, déi den Titel am serbeschen Original ausmaachen.

No der Lecture vun dësem Buch liest een ni méi wéi virdrun... et stellt een sech op eemol ganz vill komesch Froen. Eng dovun ass: a wann een an d’Magie vun engem Buch ganz déif andaucht, kann een da grad esou wéi d’Wierder, déi dra stinn, vu Bicherwierm a Bichermatten opgefriess ginn?

"Die Villa am Rande der Zeit" vum Goran Petrović ass am dtv-Verlag erauskomm.