Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Rolling Blackouts Coastal Fever - The Way It Shatters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng literaresch Reess

Jan Wagner - Der glückliche Agenblick

Eng literaresch Reess

A sengem Buch "Der glückliche Augenblick" aus dem Hanser Verlag weist de Jan Wagner Méiglechkeeten déi d'Lyrik bereetstellt, fir d'Welt mat aneren Aen ze betruechten. Wie sech vun dësen Essaien afänke léisst, dee gëtt ouni Zweiwel gefesselt, vun Andréck, déi aner Kulturen a Sprooche bereet halen.

auto_stories

4 min

2015 gouf deen däitsche Lyriker Jan Wagner mam Präis vun der Leipziger Buchmesse ausgezeechent. 2017 krut hien de Georg Büchnerpräis, dee renomméiertste Literaturpräis am däitsche Sproochraum.

Aus dem Hanser Verlag läit eis haut vum Jan Wagner "Der glückliche Augenblick" vir. "Beiläufige Prosa", wéi den Ënnertitel heescht, bezeechent hien Essaien, Reesberichter a Portraiten iwwer Géigenden a Personnagen. Et si Repèren, déi säin eegent Schreiwe maassgeeblech beaflosst, an e bleiwenden Androck op hien hannerlooss hunn.

Eng fesselnd Lektür

Bei der Diversitéit vun den Theeme fält op, datt dësen Auteur virwëtzeg ass op Andréck, déi aner Länner, aner Kulturen an aner Sprooche bereet halen. An dem Kontext ergrënnt hien z.B. firwat sech esou vill Dichter zu der Fotographie higezu fillen. Do läit et op der Hand, markant Impressiounen an Erënnerung ze ruffe vu Reesen an den Iran, an de Vietnam, oder un den Neckar, wou hien ee mat stëmmungsvolle Biller d'Géigenden em den Hölderlinturm zu Tübingen entdecken deet.

Net manner beandrockend si Charakterbiller, déi de Jan Wagner vu Lyriker ewéi Dylan Thomas, Matthew Sweeney, John Ashbery oder Stefan George entwërft. Et zeechent de Wagner aus, datt hien a sengen Essaien d'Begeeschterung, déi d'Begéinunge mam Œuvre oder mat den Auteure selwer ausgeléist hunn, net kritiklos duerchgoe léisst.

Seng luzid Analys vun deenen eenzele Wierker loossen ëmmer erëm Aspekter aus dem Liewe vun dëse Personnagen duerchschéngen, déi dacks frappant am Widdersproch stinn zu deem, wat si dem Lieser um Blat presentéieren.

Wie sech vun dësen Texter afänke léisst, dee gëtt ouni Zweiwel gefesselt, vun enger literarescher Rees, déi de Wagner esou beschreift:

"Und wirklich lässt sich ja derart umstandslos und geschwind reisen, wenn man auf Flugzeug und Bahn verzichtet und einen vollkommen emissionsfreien Gedichtband aufschlägt, der dennoch in die Ferne führt."

Et sinn effektiv besonnesch Momenter, déi dësen Auteur hei presentéiert, mat Texter, déi alles anescht ewéi bäileefeg sinn. Seng schaarfsënneg Analysen, an deenen hien ouni Ëmschwäif Wesentleches ervirhieft, ginn Hand an Hand mat enger präziser a facettëräicher Sprooch. Dat besonnesch bei deene véier Virträg, déi hien am Kader vu senger Poetikdozentur am Januar dëst Joer op der Universitéit vu Bamberg gehalen huet.

Bamberger Virliesungen

Dës Virliesungen ginn hei fir d'éischte Kéier verëffentlecht. Do ass un éischter Stell den Dylan Thomas, ee vun de bedeitendste Poete vum 20. Joerhonnert aus dem Wales, dee leider vill ze fréi, am Alter vun nëmmen 39 Joer, u sengen Alkoholexzesser gestuerwen ass.

Dem Jan Wagner seng zweet Virliesung beschäftegt sech mam Inger Christensen, eng vun deene groussen europäesche Lyrikerinnen. Si huet zäitliewens d'Eleganz vun der Mathematik bewonnert, an et verstanen, se fir d'Strukturéierung vun hirer Lyrik ze notzen.

A senger drëtter Virliesung stellt den Auteur de polnesche Lyriker Zbigniew Herbert vir, dee mam Czesław Miłosz, mat der Wisława Szymborska a mam Tadeusz Różewicz zum d'Quartett vun deene grousse moderne polnesche Lyriker gezielt gëtt.

An der leschter Bamberger Virliesung schlussendlech päilt de Jan Wagner mam Eugenio Montale de Süden un. De Montale huet niewent dem Jorge Luis Borges an dem Philip Larkin zu deene grousse Bibliothekäre vun der Poesiegeschicht gehéiert. Hie gëtt zu de maassgeeblechen Erneierer vun der italienescher Poesie gezielt. Fir de Montale war e Gedicht keng "Gottesgabe" an och kee "Musegeschenk", mee eng genau iwwerluechten a kalkuléiert Konstruktioun, déi op eppes Präzises hiweist, sief dat e Géigestand, eng Situatioun, en Ereegnes oder e Bild.

D'Welt mat aneren Ae kucken

D'Verméige mat der Sprooch eng Wierklechkeet ze iwwerwannen, déi dacks duerch Barrièren a Grenze fragmentéiert ass, charakteriséiert déi Lyrikerinnen a Lyriker, déi de Jan Wagner a sengem Buch beschäftegen. Mat sengen Essaie weist de Jan Wagner Méiglechkeeten, déi d'Lyrik bereetstellt, fir d'Welt mat aneren Aen ze kucken, a mat hir och d'Petitessen ze entdecken, déi d'Welt verstoppt hält.

"Der glückliche Augenblick" vum Jan Wagner, beim Hanser Verlag erauskomm, ass e Buch, dat engem grouss Auteuren an hir Wierker méi no bréngt. Et soll ee sech déi glécklech Ablécker net entgoe loossen.